Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Gare, d'Zithaklouschter

De Sammelbegrëff Zitha ëmfaast haut d’Klouschter, d ‘Altersheem St. Jean an d’Klinik Sainte Thérèse. Dës ass méi bekannt als «Zithaklinik» a gouf progressiv vergréissert an transforméiert. An de Raimlechkeete vum Zitha-heem hu sech iwwer 100 Joer Veräinsmembere getraff a bis an d’1970ger war hei eng Vermëttelung fir Hauspersonal. - D'Zitha-Schwësteren haten 1887 een 1,37 Hektar grouss Terrain kaaft, op der Hollerecher Säit vum Feldwee… un der Grenz tëscht der Stader Gemeng an Hollerech… an dee Wee heescht zanter 1905 Zithastrooss!

D’Zithaklouschter steet um Bord vum Plateau Bourbon an huet 3 Kapellen! Déi klassesch KLOUSCHTER-KAPELL vum Mutterhaus am Rez-de Chaussée, gëtt och vu Patiente benotzt. Se huet eng Westenfelder-Uergel… e Marber Altor a säit der leschter Renovéierung grouss Rifesser -Statuen vun der hl. Theresa vun Avila, der hl. Zitha, Johannes vum Kräiz an dem hl. Jousef. Se huet eng Rei eeler Fënschteren mat geometreschen Ornamenter a Motiver… an am Chouer zwou méi neier vu 1965, vum Gustave Zanter mam ‘Affer’ vum Elija um Bierg Karmel a vun deem aaltestamentaresche Prophéit senger Himmelfahrt. D’Kapell am Rez-de-Chaussée war 1889 fäerdeg. An hir ass Sonndes um hallwer eelef eng Mass, déi d’Chorale vu Steebrécken a Begleedung vu Schwësteren aus dem Haus séngt! An hir léisst et sech gutt meditéieren… an dem Klimt säi Saz iwwer d’Konscht reegt hei weder Gesonder nach Kranker un ze widderspriechen…  ‘Kein Leben ist so reich, als dass es durch die Kunst nicht reicher werden könnte, und keines so arm, dass für die Kunst darin kein Platz wäre.’ Den apaarte Bamstamm am Hall vun der Klinik, erlaabt mat senge Reliefer vu biblesche Figuren presséierte Passanten e Bléck op en herrlechen an expressive Konschtobjet.

D’Grënnerinne vum „Zithaverein“ wollten am Fréijoer 1872 d’traureg Lag vu Stader Déngschtmeedercher (mat Hëllef vu Professer Wies) verbesseren. Wéi d’Schwëstere Paula Bové an Josepha Niederprüm dëse Veräin net un eng bestoend Kongregatioun uschléisse konnten hu se selwer no 3 Joer (d.h. 1875) eng nei gegrënnt! An d’Zitha Schwëstere goufe finalement offiziell duerch e kierchlechen Akt un den Uerde vum Karmel attachéiert an hu sech Terziärkarmelitinne genannt. Aus dem Besoin eraus waren hir éischt Stader Raimlechkeeten allerdéngs séier ze kleng. A 1889 sinn d’Mutterhaus an d’Zithaheem gebaut ginn, do wou si bis haut sinn… A wichteg fir si gouf de 25. Mee 1921, dunn krut den Uerde vun der Regierung d'Recht eng Klinik un d'Klouschter unzeschléissen! Soe mer nach, dass hiert Haus (mat haut 256 Better, ronn 800 Mataarbechter inklusiv de 85 Dokteren) predestinéiert ass krank Mënschen am Sënn vu chrëschtlecher Nächsteléift medizinesch ze versuergen an ze fleegen! An last not least offréiert Zitha- Senior säit Dezember 1994 a 70 Zëmmer en optimale Confort.

P.S. der Congrégatioun hir Wuerzele reechen an d’ Joer 1872, an d’Zäit vun der Industrialiséierung a vun engem déifgräifende ‘Wandel am Sozialgefüge’. D’Kapell um 1. Stack läit parallel zur Strooss a wierkt mat hire Still wéi eng kleng Sall-Kierch; se huet eng herrlech modern Fënschter, e Wierk vum Claude Fritz.  An di ugekënnegt 3. ass an dem Centre St. Jean, dem Zita- Senior, an deem eng interinstitutionell Zesummenaarbecht mat der Klinik méiglech ass. 140 Joer Engagement an Dévouement loossen sech schlecht an e puer Zeile zesummefaassen, mä  vun engem Spréchwuert  encadréieren  'E Glawen ouni Dot ass e Feld ouni Sot...'