Lëtzebuerg - Quirinuskapell
Wäerfe mer op engem drëtten Adventssonndeg emol e Bléck op eng Plaz, wou eigentlech keng Kiermes gefeiert gëtt, an d’ënnescht Péitruss am Stadgronn! Den ale lëtzebuerger Dictionnaire ernimmt allerdéngs op Engelmann.uni.lu de ‘Gräins- Buer’ an a fréieren Deeg eng ‘Gräins-Kiirmes’ als… «kleine Kirmes von Stadtgrund». ‘Zënnt’ oder Sankt Gräin ass d’lëtzebuergesch Versioun vu Quirinus! An d’Hausnimm Grein a Kreins ginn op hien zréck!
A virréimescher Zäit hate Siedler am Dall rondrëm d'heiteg Stad gehaust, a Clausen, dem Gronn an um Enn vun der Péitruss oder 'Pietres', also ëm d'Hiel vun der heiteger Quirinuskapell. Hir ural Kultplaz haten d'Réimer dann als fréichrëschtlechen Hellegtum ausgebaut... Kucke mer 950 Joer zréck an d'Geschicht, dann daucht d'Quirinus-Fielskapell op! A fir si war d'Urpor Hollerech (deemools genannt Holderguingen) zoustänneg. D’Stader Chronik ernimmt ëm 1050 d’Quell am "Grondbierg", d’Kapell an där hir Wei. Du goufen den hl. Quirin an d’Quellenhelleg Firmin a Ferreol hir Patréiner. ‘t ass nach preziséiert, dass de klenge Raum zum Deel an de Fiels gehaë war! - Am Joer 1050 hat de Popst Leo IX. Attachen zu Lëtzebuerg. Hie war en Urenkel vun der Luitgard, der Schwëster vum Siegfried. Leo de IX. hat senger Schwëster Gepa, Äbtissin am Neuss’er Kanonisse-stëft um Rhäin, (vis-à-vis vun Düsseldorf) deemools “Ossementer” vum Quirinus geschenkt! Der Grofefamill hir Relatiounen an de Besetz vun der Reliquie si wahrscheinlech d'Ursaach fir säi Kult bei eis. Enger Chronik no hat d’ Reliquie bei der Translatioun vun 1050 och eng Nuecht zu Pärel (vis-à-vis vu Schengen) verbruet, do steet och eng Quirinus-Kapell. Hei gouf hien als "Grein" bekannt, eng simpel Ofkierzung vu Quiräin. Vum 13. Jorhonnert un waren an den zwou Hiele vun der Kapell Gottesdéngschter fir Pilger. Der Fielsquell hirem Waasser gouf eng heelend Wierkung, besonnesch bei Aëleiden zou geschriwwen.
Der Wallfahrtskapell hiren ugebaute goteschen Deel ass vun 1355. (Deemools war eist Land en Herzogtum, an ‘t war eng "baulustige Zeit" schreift den Här Lascombes.) Ee Steen un hirer Aussemauer hat am virleschte Jorhonnert nach dës Joreszuel. Den hl. Quiräin war virun der Consolatrix d.h. bis 1666 Patréiner vun der Stad. Deem säit 1249 bekannte Spidol vun der Ullrichkierch seng Geeschtlech hunn d'Quirinuskapell laang Zäit matverwalt. Si koum 1803 zur Neimënster-Por St. Jean, beriicht e Buch vun der Baugeschicht iwwer d'Stad a Festung (J.P. Koltz). Den Daach an de Klackentiermche kruten um Enn vum 19. Jorhonnert hir heiteg Form. An engem ale Lidd housch et iwweregens „Zu Dir send' ich meinen Gruß, fall' in Demut Dir zu Fuß, heiliger Quirinus!“
D'Kapell vum Gräin gëtt a Prospekter "Chapelle Troglodytique" genannt, also Hielebau, deen eng natierlech Hiel oder en ausgehillegte Fiels als Basis huet. D’Buch ‘Mosella Sacra’ erënnert drun, dass hei op sengem Fest d’Kanner Gräinsfliedercher kruten a Suen an de Gräinsbuer gehäit goufen, als Affer. Mä flénk Hänn hunn dës virum Koschter erausgefëscht! (An den Erënnerunge vum Mathias Schiltz liese mer, dass hie sech mat senge Massendengerfrënn an de Krichsjoere vun där no baussen oppener 'Kanzel' erof un e fiktivt Publikum adresséiert... a spéider do dann éischt Uebungspriedegte gehalen huet.)
P.S. Lëtzebuerg ass op eng eenzegaarteg Aart a Weis gewuess. Wéi et 1354 e Fürstentum gouf, war dëst vläicht “d’Suite vun engem geheimnisvolle Beschwiere vum Hellegen bei der Quirinus-Kierch hirer Wonnerquell” ass e sympathesche Gedanke vum José Alfonso Fernandéz sengem Buch ‘Lucilinburhuc’ (a.d. Ed. CLAE). D’Ry Boissaux hat 1965 iwweregens hir 58 Säiten déck These “Das Quirinusheiligtum Sankt Grein im Petrustal” publizéiert. De kaum bekannte 'Gräin' huet also scho méi ewéi een Auteur inspiréiert. Den F. v. Hagedorn huet gemengt e Buch dat liewe soll bräicht e Schutzgeescht - allerdéngs brauch et och wëssbegiereg Lieser.