Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Groussgaass

S’ass 420 m laang, d’Groussgaass, se geet vun der Krautmaart-Strooss bei d’Avenue Emile Reuter (och bekannt als d’fréier Arsenalstrooss.) Eng Zeil vum Thomas Carlyle mengt "In Büchern liegt die Seele aller gewesenen Zeit". Bicher deele mat, dass d’Groussgaass op d’bekannten al Réimerstrooss Reims - Tréier baséiert. Dëse Wee goung via Mamer, Stroossen, Kräizgrënnchen, Arsenal, dann iwwer d’‘Uecht’ op de Fëschmaaart a weider. (‘t ware ronn 250m vum Grofe-Schlass bei d’Uechtpaart; hir Tuerm-Auer war visibel vun der Groussgaass. ‘Op der Uecht’ huet iwwregens ‘herrschaftleche Grondbesëtz’ bedeit! Een Deel vun der Groussgaass housch och emol Creutzstrasse well fréier do e Maartkräiz stoung.) Op eelere Kaarten léisst sech di ‘geschichtsträchteg’ al Strooss mam Fanger verfollegen. (D’Partie tëscht den Avenuen Arsenal an Neipuert housch iwwregens ‘Juddegaass’, well do emol e Juddekierfech war.)

Säit der Réimerzäit war d’haiteg Groussgaass wi gesot eng wichteg ‘artère de passage’ tëscht Arel an Tréier. Hir Entwécklung ass säit dem 15 Jh. dokumentéiert. (Di 2. Festungsmauer hat 5 ha Terrain ëmfaast, un si erënnert ë Rescht Tuerm-Mauer. Di 3. Befestigung huet en Terrain vun 22,7 ha encadréiert, inklusiv de Bann ëm d’Groussgaass. (E. Wiltheim) No der Feierkatastroph vum 11.6.1554 (...duerch Blëtzschlag an d’Polverreserve ënner der Knuedlerkierch hirem Daach) kruten d’Affer eng Steiererliichterung. Duerno koum d’Uerder d’Haiser misste Schieferdiech kréien an d’verbreedert Stroosse sollten aus Pavee sinn! Duerch d’zerstéiert südlech Säit vun der ‘Uecht’ goufen d’nei Haiser zréckversat an d’Strooss sollt verwëlleft Kellere iwwerdecken. (‘t heescht haut géif et där nach.) 1621 ass den Numm ‘Uecht’ ersat ginn duerch ‘Groussstrooss’. ‘t hu sech do dann ë. a. Bäcker, een dee Fässer mécht an e Schouster installéiert. Dank engem gehuewene Bildungsstand an dem relativ neie Jesuitekolléisch kruten Einheimescher deemols besser Funktiounen. Ganz wichteg nach: Do wou d’Geriichtskräiz war hunn 1688 d’Aarbechten um 62 m déiwe ‘Roude Pëtz’ ugefaangen; 1741 gouf e fäerdeg. No diverse Kricher huet d’Stad sech no Westen erweidert. - Um Enn vun der Festungszäit sinn de Groussgaass-Véirel an de Garer-Quartier gewuess, an de Besoin koum béid duerch zwou grouss Brécken se verbannen!

D’Postbuch iwwer Origines et Extension du Telephone (L. Bodé) presentéiert 1885 historesch Detailler an d’Lëscht mat éischten Telefonsuschlëss. An der Groussgaass waren dëst ë. a. d’Haiser Neuberg ,(49), Lambert Schroeder, de Juweléier (67), de Spediteur ‘Débické’ (36), an d’Imprimerien ‘Hary’ (53) an ‘Brück’ (56). (D’Gare hat d’Nr. 10). Bekannt waren op der Kräizung Neipuertsgaass ëm 1892 d’"Kaisers Kaffeewaren" an d’Geschäft vun der grënnescher Gierwerei Charles Alexandre. Ëm d’Joer 1900 hat de Päerdstram ‘Leit fir 1 Frang vun der Gare iwwer d’Passerelle an d’Stad geféiert’. (F. Théato) Een deemolegt Stëmmungsbild ernimmt d’Faart bei de Grand-Hôtel Brasseur. (Tel. Nr. 44). De Jemmy Koltz bemierkt, dass d’’Groussgaass als Haaptstrooss ‘ee Geschäft nieft dem aneren, ee Kellerlach nieft dem aneren a schlechte Pavée hat...’ Net wäit vum Conrods Eck gesouch een d’Wuecht beim Palais ‘in rotblauer Uniform mit Helmbusch’… De Päerdstram sollt da geschwënn en neie Modell ersetzen. D’LW hat de 4.8.1908 d’regelméisseg Faarte vum ‘‘Tramway’ mat Motorwagen’’ annonçéiert. Deen éischen hu Fändelcher a Girlanden gerëscht... (Um Virowend war bei der Testfaart den Tram allerdéngs an der Kéier Groussgaass-Neipuert entgleist («trotz geschoultem Fuhrpersonal»). No deem Imprevu gouf en da vum 2. Lampertsbierger Motorwon nees an d’richtegt Gleis bruet!)

D’Fra vum J. A. Zinnen, deem zimmlech genialen 1. Dirigent vun der Militärmusek a Komponist vun der ‘Heemecht’, hat aus der Groussgaass gestaamt. (Den ‘Hechtercher aus der Stad’ hiren Text sollt aus enger importéierter Vincent-Scotto-Melodie e folkloristeschen Oureschlëffer man. ‘Tipp top eraus gemat’ fir op d’éischt Stater Braderie gouf sech den 2.9.1929 an och soss gouf ‘den Hittchen opgedon’! Deemols bestoung d’Pâtisserie Namur 5 Joer op Nr. 60; spéider sollt hir Adress zweemol äenneren. - E Luef fir déi, die d’Plaz vum Roude Pëtz «so traulich gestaltet» schreift d’Mme Tidick-Ulveling. Déi 2,80 m héich Skulptur vum Will Lofy mécht de Sprangbuer attraktiv. S’erënnert säit 1982 an der Foussgängerzon un den Hämmelsmarsch - an deem sech Heemecht a Brauchtem erëmfannen. -D'Foussgängerzon gëtt et säit August 1979, définitiv fäerdeg gouf s’am September 1981. (Si soll Spezialisten no den ‘terrain le plus cher au mètre carré’ hunn, verglach mat ähnlechen Zonen zu Esch an Dikrech.) An hir stinn beispillsweis d’schmuel eeler Maison Oberweis an d’Nopeschhaus ënner Denkmalschutz (… an ë. a. den Hannerhaff vum ‘Dierfchen’, d.h. deels d’Nr. 2, d’ 4 an d’6 ganz. Al Zeilen erënneren ‘dass an hire verwitterte Wänn duerch de Wahn vum Mënsch’ schreckleches geschouch. (1457 ware beim Feierläschen Lieder-Eemeren erwähnt.)

P.S. D'stadbekannte Mouerenapdikt gouf zur moudescher Poscheboutique. Si bestoung tëscht den 1950ger an 2007 um Eck Groussgaass a Casinosgaass. Hir Keramike vum Léon Nosbusch bloufe beim Ëmbau vum Haus erhalen a sinn klasséiert. D’Stater Groussgaass veréiwegt och den Numm vum Bertrand Ney - säi 4 m héije Granit-Buer ass säit 1996 en impressionannte moderne Pendant zum Konschtwierk vum Roude Pëtz. (D’diskret Drenkwaasser-Fontaine virun der Nr. 15 besteet säit 2012.) - Trouvaille vu Wikipedia an historesch Bicher wéi d‘Lascombes-Wierk konservéiere wäertvoll Informatiounen. De Medien no beräichert de Star vum neie ‘Complexe Royal-Hamilius’ d‘Kräizung Groussgaass-Boulevard Royal. Engersäits offréiert d’Terrasse iwwer där futuristescher Fassad geschwënn eng ganz besonnesch Vue op de Stadzentrum. Vergilbte Buchsäiten erzielen aanrersäits dass d’verluere Vierge de Pitié vu 1570 vum Conrotseck am Haff vum Haus Gilly erëmfonnt gouf. - Résuméiere mer: Am Ëmfeld vun engem fréiere Réimerwee schléit haut d’Häerz vun eiser Haaptstad mat munch schéinen denkmalgeschützte Bauten. Si bilde mam ganze Stadzentrum eng intressant a multikulturell Eenheet.