Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Gare

D‘neobarock Stater Gare mam imposanten Aueren-Tuerm hat am Hierscht 2012 hiren 100. Anniversaire. Hir Pläng koume vum Architekt Alexander Rüdell, hire Präiss louch bei 1.250.000 Frang. Duerch d’vum Armand Strainchamps entworfe Molereien um Plafong krut si 1995 en neie Look. De Jemmy Koltz hat hir 1859 ageweite Virgängerin aus Holz verglach mat engem ale ‘verrussten Holzbahnhof’wéi s’an amerikanesche Wëldwestdierfer stinn. Aus militäresche Grënn louch se net am Festungsrayon. Nobäi waren allerdéngs (säit 1878) en éischt Postgebai, den Depart vum Jangeli an dee vum éischte stätesche Persounentransport, dem Päerdstramm. (1908 koum den ‘Elektreschen‘!) D’Ställ fir d‘Tramspäerd waren am noe Reduit Wedell. Dëse ganze Streech hat zu Bouneweg gehéiert (an zur deemoleger Gemeng Hollerech.) De Staatsminister Paul Eyschen hat de Konstrukteure vum neie Gebai e ‘Style Luxembourgeois’ proposéiert an en däitsche Minister huet gestaunt, dass et esou een géif! ’Natierlech’ - war d’Äentwert - ‘an dee geet vu Nanzeg iwwer de Grand-Duché eraus bis op Kueblenz!‘ D’Stroossen ëm d’Gare goufe geschwënn e beléifte Wunn- a Geschäftsvéierel mat ë. a. dem 1930 am Art déco Stil gebauten (haut klasséierten) Hotel Alfa.

D’Al Bréck steet säit 1860, hire Präiss vu 650.000Fr haten Stad an Staat gedeelt. (Fr.Mersch) Si goung vum Garer- op den Helleg Geescht Plateau, a gouf heefeg Passerell genannt (no enger kuerzfristeg gebauter holze Foussgängerbréck.) Aus strategesche Grënn krut s’eng Kéier: um Kanounenhiwwel stoung nämlech e Stéck vum Verdeedegungswierk, eng Kanoun, déi d’haiteg Al Avenue viséiert huet! Dofir konnt d’Bréck net riicht sinn. Eng Viiraarbecht vun der Neier Bréck war d’vum Albert Rodange gebauten Testbréck bei der Buurschter Millen mat 38m Spannwäit. Dës stoung bis an den zweete Weltkrich! (F. Théato) D’nei 46 m héich Groussherzog Adolph-Bréck hat mat 84m Spannwäit di gréisst vun deem Genre; de Rekord hat virdrun mat 67m den Aquaduct vu Washington. Mam Projet Charlysbunn en Vue sollt s’als Eisebunnsbréck déngen an 1.400.000Fr kaschten. D’Speis hu mechanesch Mëschmaschinnen zoubereet. Se stäipt sech op d‘fréier Festungsanlage vum Fort Bourbon, dee bis 1920 zur Stad gehéiert huet a kaum Haiser hat. D‘Avenue de la Liberté, (ufangs Avenue Adolphe,) ass d‘Réckgrat vum Plateau Bourbon. Se féiert bei d’Gare, déi ‘als Fluchtpunkt vum Pont Adolphe’ aus siichtbar ass. D’am Volleksmond genannten Nei Avenue gouf 34m breet geplangt mat Trottoire vun 9,5m an neoklassesche 15 m héije Gebaier mat Bannenhäff. An de Niewestroosse ware Virgäerdercher an ee Stack manner envisagéiert. Se verleeft säit 1915 iwwer d’demanteléiert Bastioune vun der Thionville-Front a krut zur Freed vun de Responsablen en zimmlech monumentale Charakter.

Der Spuerkeess hiert representativt Haaptgebai am Néorenaissance Style (vum Architekt J.-P. Koenig) hat de Staat als ‘maître d'œuvre’ a gouf 1913 ageweit. (D’éischt Spuerbuch datéiert aus hiren Ufäng, vun 1859.) Weider Daten ernimmen 1901 hir 14 Employéen (an 1910 dann 54.) ë.a. 1972 d’Autorisatioun vum Titel 'Banque de l'Etat' an 1989 deen als 'BCEE’ (Banque et Caisse d'Epargne de l'Etat'). Zanter 1995 huet s’och e Bankemusée. Zweete Bau um Bréckekapp vun der place de Metz a Pendant zum ale Stadzentrum gouf d‘Eisebunnsdirektioun. (No 1952 Siège vun der CECA a finalement Spuerkeess-Annexe.) D’apaart Konscht-Galerie am Tunnel verbënnt den Spuerkeess-Sëtz mat hiren anere Gebaier. Se presentéiert 15m ënner der Avenue säit 1994 haaptsächlech lokal modern Konscht an Deeler vun hirer Steichen-Sammlung. Zum frësch urbaniséierte Plateau Bourbon senge Baukomplexer zielt ë.a. säit 1922 d‘imposant fréiert ARBED-Gebai op enger Fläch vun 59,37 Ar. D’Ausféierung vum René Théry senge Pläng hat de Staatsarchitekt Sosthène Weis geleet. De Véierfliggelbau mam grousse Bannenhaff verréit franséisch Stil-Influencen, säi Portal belieft d’skulptéiert Kréinung vum Merkur. De vis-à-vis amenagéierte Rousegäertchen beräichert d’Nei Avenue säit den 1920er Joren. Iwwer d'Place des Martyrs, sou den offiziellen Numm, lafen dräi Weeër a Richtung ARBED zesummen. An den 1980er koum e Parking drënner an drop d'modern Bronzeskulptur "Mother and Child" vum Henry Moore. D’Plaz erënnert um Luis de Gongora seng Gedanken iwwer d’Zäit (a.d. 17. Jh.) “Froen ech d’Stäre wou si steet - gesinn ech wéi se weidergeet.” (...aus ‘Ewiger Zeitlauf’.)

No bei der Paräisser Plaz (an der haiteger Jean Origer-Strooss) huet d’lëtzebuerger “Wort“ 1905 ewell 8.000 Nummere fir seng Abonnente gedréckt. D‘berühmt ‘Streckeisen’ hat den Architekt Jean Guill 1907 fir eng schmuel dräieckeg Parzell um Boulevard de la Pétrusse entworf. (Haut huet d’Gemeng eng Dosen Zëmmere fir Uni-Studenten dran ageriicht!) Seng Fassaden-Nisch zur Michel-Welter Strooss protegéiert eng al Häerz-Jesu-Statu. D'Villa Pauly ass bekannt well do am Zweete Weltkrich d'Gestapo hire Sëtz hat. Zanter 2001 huet d’documentation et recherche sur la Résistance do hiren Zentrum mat ë.a. ronn 4000 Zäitdokumenter an 2000 ënnerschiddleche Publikatiounen. - D’Garer Kierch entstoung no Pläng vum Nicolas Petit am ale Basilikastil, mä un hirer Konzeptioun an Ëmsetzung war de Léon Lommel bedeelegt. (Hire Grondstee gouf 1930 geluet, d’Konsekratioun koum no sechs Joer.) D'Fresken an d’Fënstre sinn d'Wierk vum Professer Otto Linnemann. D'expressiivt Christus-Bild als Kinnek um Troun dominéiert den Haaptchouer. Ee Säiteschëff, weist d'Kréinung vu Maria, dat anert illustréiert den am Matthäusevangelium beschriwwene Stammbam vum Erléiser. D’14 Statiounen am Email huet den Marc Gimat realiséiert. Déi dräi 1933 geweite Klacke komme vun der Saarburger Firma Mabillon. An der noer Greinskapell ‘verweilt die Zeit ohne Eile.’ (de Gongora).

P.S. D’“Groupe Animation-Gare”, d’Stater Gemengeverwaltung an d‘’Kiermesleit’ invitéieren ëmmer nees am Juni op di traditionell “Garer Kiermes“. Ass dann op der Paräisser Plaz d‘Trikolorbändchen duerchgeschnidde, loosse si sech”Ham a Kuch“ gutt schmaachen. Fir eng permanent Distraktioun gouf et hei Kinoën. De Victory entstoung als éischten 1917 (als Kino-Palace) bei der Wallis-Plaz an hat 700 Plazen.(bis 1992) Duerno koumen 1928 de kubisteschen “Yank” bei de Rousegäertchen, bis 1980 (en housch ufangs anescht) - an de Cinema Marivaux an d’Zithastrooss. De Capitole an der Aler Avenue hat 800 Plazen an tëscht 1931 an 1969 Kinosgeschicht geschriwwen. “Die Drei von der Tankstelle“ haten do e riese Succès. Den 1949 gebauten Eldorado op der Garerplaz an de méi neien Europe dernieft fir 70mm Filmer a Stereotoun - an all d’Stater Kinoen sinn dokumentéiert vum Paul Lesch. (Dem leschtgenannte Sall säin éischte Film war Lawrence of Arabia.) - D’Filmwelt evoluéiert stänneg a glorifizéiert méi a manner grouss Helden an neie Kinokomplexer. Am Reckbléck gouf d'Aufgab vum Garer Véierel 'harmonesch mat den eelere Quartieren zesummenzewuessen' erfëllt. Seng Entwecklung ass multikulturell: en hat 2006 gutt ¾ Netlëtzebuerger ënner ronn 7500 Awunner.