Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Glacis

D'Glaciskapell läit mëtten am Traffic wéi eng Insel vu Rou. Hir Virgängerin hat fréier zur Por Hollerech gehéiert an turbulent Zäiten erlieft. 1740 war de Verbued widderholl ginn um Glacis ze plouen. Fir Schëtzegrief onméiglech ze man gouf e puer Joer duerno säi gudde Gaardebuedem bis op d'Fiels ewechgeholl - a koum op d' haiteg Stäereplaz an hanner den aktuelle Lycée. D’Aarbechte fir d'Strooss Lëtzebuerg - Walfer- Miersch - Ettelbréck haten 1718 bei der Neipuert ugefaangen a 15 Joer gedauert. Al Photoë vum Glacis weisen 1916 eng gemittlech Grompereverdeelung an e Joer drop um Knuedler eng relativ dramatesch "chasse aux pommes de terre"!

Déi haiteg Glaciskapell besteet säit 1885. Di éischt stoung 100 m méi wäit a Richtung Nikloskierfech. An hir hat d'Statue mam Titel Tréischterin am Leed hir fest Plaz bis ufanks der Franséischer Revolutioun. De reliéise Raum ass da kuerz als Päerdsstall benotzt a 1796 ofgerappt ginn. Duerno koum d'Statue an d‘Jesuitekierch an d’Ënneschtgaass. D'Initiative d‘Kapell virun de Festungsmaueren no bei der Juddepaart ze baue goung 1625 vum Pater Jacques Brocquart aus. Hien hat am Virjoer schonn e modeste Stodentepèlerinage mat der Consolatrix vum Jesuitekolléisch - eiser éischter postprimärer Schoul - virun d‘Stadmauer organiséiert; gebiet gouf do beim Kräiz ëm Schutz géint Pescht a Krich - an ëm d'Festege vum kathoulesche Glawe géint protestanteschen Afloss. Hien hat en 30 Ar groussen Terrain geschenkt kritt, bei der spéiderer Kräizung Fayenceriestrooss a Schefferallee.

De Grondstee vun der Glaciskapell hat de Gouverneur de Berlaymont de 6. Mee 1625 geluet - mä d'Aarbechte sollt dann d‘Pescht- Epidemie ënnerbriechen. Och de Pater huet zu hiren Affer gezielt, e gouf awer nees gesond a konnt säi Projet realiséieren. Al Zeechnunge weisen d‘éischt Glaciskapell nom Virbild vun der Rotonde vu Montaigu. Fir d‘éischt Masse gouf 1627 en Dro-Altor benotzt, e Joer drop huet den Tréierer Weibeschof d’Kapell a Presenz vu villen Autoritéite feierlech ageweit. 1632 sinn éischtmools 1500 Biller vun der Statu hei verdeelt ginn, schreift den Här Lascombes. Ënner dem Baron von Beck gouf de Kapellen-Ubau approuvéiert; mat him koumen 1640 dann éischt Biller vun der Tréischterin a spuenescher Kleedung.. an hire Stil hat dem Vollek gefall. Eis deemoleg spuenesch Statthalter Albert an Isabella hu marianesch Wallfahrte gefördert. De Pater Brocquart huet d'Wei vun der Stad un d'Tréischterin (1666) an déi spéider vum Duché awer net méi erlieft. Wéins dem groussen Undrang gouf da kuerz drop an der Jesuitekierch eng Zort Oktav gehalen a Pilgerreesen op Avioth hunn ofgeholl. De Monseigneur Frank huet d'Oktav mol di "intensivst Zäit" vun der lëtzebuerger Kierch genannt. - Un den Tricentenaire vun 1966, d'Erneierung vum Votum, erënnert e Gobelin vum Emile an Denise Probst am Chouer vun der Kapell. Déi sechs Fënsteren aus deemselwechte Joer sinn och Probst-Wierker an dréien ëm d‘Mariëveréierung zu Lëtzebuerg.. (beispillsweis ëm de Bicentenaire, fir deen de Pius IX. der Tréischterin eng Kroun geschenkt hat.) E Kontrast zu hirer Gestalt mecht donieft d‘Pietà vum Charlotte Engels.

D’neogotesch Glaciskapell steet um Bord vum 30 ha grousse Stadpark, deen 1875 no Pläng vum Gaardenarchitekt André entstoung a groussendeels Stadpropriétéit ass. De J.P. Koltz erënnert drun, dass de Beschof Adames hire Bau am Virfeld vum Fort Marie initiéiert a finanzéiert hat - wat d’Adames-Strooss vun 1890 an d’al Bezeechnung „Adameskapell“ erkläert. De Guillaume III. hat d’Cedéiere vun der 16,22 Ar grousser Domanial-Parzell an d’nei ‘chapelle et maison avec jardin d’agrément’ hei kuerzfristeg autoriséiert. Si war d‘fënneft reliéis Konstruktioun vum Charles Arendt an der Stad. D'Fest vun hirer Schutzpatréinesch ass den 8. September. (Text ‘Kierchtuermscauserien‘)

P.S. Säit 1893 suergt d’Schueberfouer vis-à-vis fir Distractioun, momentan op 4 Hektar. Virdru war se bal 3 Joerhonnerten um Feld uewen un der haiteger Scheffer-Allee. (En éischte ‘Variété’ koum 1844 dohin - a “Glacisléierchen“ houschen deemols Meedercher, déi duer danze goungen.) Un d’ Origine vun där um 20.10.1340 vu Jang dem Blanne gegrënnte ‘freyen Fouhr’, engem geschwënn wäit hin bekannte Joermoart, erënneren d’Verkaafsstänn an der Allee. Wéi d’Festung geschlaff war gouf 1893 och d’urbanistesch Entwecklung vum Lamperbierg an d’Aa gefaasst. Seng Por a Kierch entstounge 1912. D’traditionell Mass fir d’Fouerleit ass ëmmer freides mueres ufangs September an der noer Kapell. - Ee “Glacis” louch am neizäitleche Festungsbau viru Festungsmaueren am Schossfeld vum Verdeedeger a sollt Ugräifer méiglechst wéineg Deckung bidden... (26.8.2012)