Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Uewerstad

Géingt Enn 2011 hunn an der Uewerstad ronn 2.940 Leit gewunnt, dovu ware 40,24% Lëtzebuerger an 59,76% auslännesch Matbierger. Fréier Awunnerzuele si kaum bekannt, mä an den Archives de l’Etat läit d‘Fräiheetscharte vun der Ermesinde, déi 1244 hir ‘liberté an devoirs‘ festgehalen huet. ‘Al Dokumentatioun baséiert op ural Regestren a „Liassen“ aus Stad- a Staatsarchiv an deels Stadkonten. S’erzielen iwwer Leit a Liewen vu fréier… an niewebäi ginn Idealvirstellungen ugekraazt!‘ (Lascombes) D’Fouillen am ‘Gruef‘, der rue du fossé, haten Enn 2012 op enger Längt vun 30 Meter archeologesch Strukturen a mëttel- a spéitmëttelalterlech Vestigen, ë. a. Griewer an e Steck Mauer fräigeluet (wahrscheinlech vum Knuedler-Klouschter senger Enceinte), déi den Deventer Plang vu 1560 weist. (R. Wagner, CNRA) Stinn esou Recherchen an Ausgruewungen ënner kompetenter Surveillance, ass de ‘worst case‘, d’rapid “Ëmbaggere“ rar. Da kënne preziéis Stecker vun eisem joerhonnertenalen nationalen «archive archéologique conservé dans le sous-sol“ op d’mannst dokumentéiert ginn. De Stadmusée versuergt z.B. Elementer vum “Grand Café“ op der Plëss senger Jugendstilfassad! (R. Philippart)

Wéi 1338 d‘drëtt Stater Rengmauer am Bau war an de Jang de Blanne mat engem Aa näischt méi gesouch hat d’Uewerstad 22,74 ha. 1443 hu mir eis Selbstännegkeet verluer a koumen als Provenz bei d‘burgundesch Niederlande. D’Suite: all friem Hären hunn duerno probéiert d'Festung méi grouss a méi staark ze man. Éischt Pläng weisen d’kleng Al- an d’Uewerstad. Gräife mer wichteg Zäitzeien eraus.. z.B. d’klasséiert Haus um Conrotseck. De Sockel vun senger Pietà huet den Datum 1570, d‘neirenaissance Fassad vun 1897 stecht aus sengem architektoneschen Ëmfeld ervir a seng 8m héich Tourelle erënnert un déi vum Palais! (1934 koum eng vun eise ville Banque dran.) De Palais gouf 1573 gebaut als Hotel de Ville, ënnerëm Impuls vum Mansfeld) 1743 hat d’Stad Geld geléint fir de bâtiment de la Balance. Donieft koum 1780 en Donjon mat Wunnraum fir e Wiechter um 5. Stack. Dëse gouf spéider an de Palais integréiert. Tëscht 1894-1897 ass d‘Stadhaus dann op Käaschte vum Grand-Duc Adolphe transforméiert ginn als ‘résidence princière’ a Symbol vun der Natioun. D’bescheide mä wichteg iwwer 500jäereg Nikloskierch stoung bis 1779 säitlech vum Palais. D’Nr. 20 vis-à-vis (a.d. 15 Jh.) gëllt als eelst Stater Wunnhaus. D’aalt Geriichtsgebai, de fréiere Palais des Gouverneurs, hat de Mansfeld 1566 kaaft - de Baron de Bender war säi leschte Bewunner. Seng Fassade gouf an den 1880ger transforméiert!

Am Karussell vun der Zäit fëllt d‘Groussgaass Bicher. Si gouf nom Feier vu 1554 zur Südsäit verbreedert an do leien nach al Kelleren ënner der Strooss. Al Photoe mat Gas-Candelabren, dem Päerdstramm, (Gare- Lampersbierg, 1875-1908), mam eleganten Hotel Brasseur (1873 gebaut, 1905 vergréissert,) “acceuillant et flattant une clientèle de marque“, veréiwegen d‘herrlech Geschäftsstrooss. (..säit 1981 Zone Piétonne) - D’Mauere vum Kapuzinerklouschter hu säit 1623 villes erlieft. Se goufen an der franséischer Revolutioun Liewensmëttellager a Garnisounsbäckerei an um Enn vun der Festungszäit Stadbesëtz. Kuerz drop krut d’Klouschterkierch fir knapps 100 Joer d’Roll vum Stadtheater (..a vis-à-vis louch de populäre Restaurant ‘Stuff‘.) (Dee komplett renovéierte „Kapuzinertheater“ hat 20 Joer drop Réouverture an 269 Sëtzplazen.) - Mëttelpunkt vun der Uewerstad ass d'1671 ageweite Plëss d'Arem! (d’Bréisseler Grand’Place war hirt Virbild, awer si gouf net 110 mä 84m laang. Intressant Caféen a Restauranten rummen s’an. Am Summer suergen um Musekskiosk (v. 1875) Concerte fir Ambiance an am Wanter de Chrëschtmaart. D‘Chronik verréit, dass d‘Uewerstad 1688 ewell 475 bewunnten Haiser hat (an de Vauban wéins Waasserknappheet dräi Pëtzer envisagéiert hat. (Lascombes) Un de bommesecheren 65m déiwen, (6.600 Fl. deieren) an 1741 fäerdege Pëtz erënnert eng gosse Plack hannerëm Kiosk. (De Cercle um Kapp vum “Biergersalon“ (gebaut 1905-1907) dekoréiert en Ermesinde-Relief vum Pierre Federspiel. Vun dësem staamen och d‘Skulpturen um noen Dicks-Lentz Monument. 1928 hunn Käschten- d‘Ahornbeem ersat a bis 1969 konnt een do parken-

De Finissage vum ‘Roude Pëtz’ war ëm 1740 (1741) ënner den Éisträicher; allerdéngs sollt do de VAUBAN ewell 1685 en 62m déiwe Schacht sprengen (fir d‘Festung mat Drénkwaasser ze versuergen. (André Bruns) Vu sengem rouden Zillen-Iwwerbau staamt de Spëtznumm! Nom Londoner Vertrag, 1867, gouf en ofgerappt... an 115 Joer duerch e Sprangbur (vum Wil Lofy) ersat, deen den Hämmelsmarsch symboliséiert. Nom Schläife vun der Festung (d.h.1868) gouf d'Theaterplaz ugeluet an nom Kapuzinertheater benannt. (De Klouschtergaard hat virdrun de Buergermeeschter Fr. Scheffer gesteet a seng Witfra huet de Pateren e ginn.) Uganks den 1980ger entstoung ënner der Plaz e fennëfstäckegt Parkhaus an driwwer steet d‘bronze Figuregrupp "Spillleit" vun der Benedicte Weis. D’Stater Cinemathéik koum 1975 an de fréiere Kino Vox. Si grenzt un d‘neoromanesch dem hl. Alphonse geweite Paatrekierch an d‘dozougehéiregt Klouschter. Am Bou iwwer hirem Haaptportal stinn d'Joreszuelen A 1856 an Ω 1858 an de Redemptoristen-Emblem. Schold un hiren zwee relativ niddregen Tierm war déi no Festungsmauer, mä dofir gouf d‘Kiercheschëff extra héich. D‘meescht vun sengen 32 Fënstren sinn original. D'Fonge koumen deels vun enger landeswäiter Kollekt.

P.S. Eiser Haaptstad hiren international héichgeschätzte Wäert läit an hirer markanter Silhouett. Ee wichtegen Detail dovun, d’Chamber, kompletéiert dem Palais säi remarkable ‘complexe architectural’. Bei hirer Grondsteenleeung, de 27.7.1858, hat eist Parlament 10 Joer. (Dem Serge Wilmes säin ABC luusst hannert hir Kulissen: d’Tribune-Plaz vum President heescht z.B. ‘Perchoir’.) De Bau housch ufangs Palais de la Nation; hir dräi Kolonne kréinen Engele mat Zepter a Kroun fir d’Monarchie, Füllhorn’ fir Wuelstand a Pergament fir d’Parlament. D’‘héicht Haus’(v. Architekt Hartman) huet just ee Stack. Haut vergréissere via Inox-Passerelle d‘annexéiert d‘Haiser Richard & Printz (vu 1634, mat Vue op d‘Uelzecht) seng Aarbechtsfläch, hiren ’aspect extérieur’ gouf préservéiert. Manner al, vun 1902, ass d’Haus vun der 1856 gegrënnten ‘Interbank’ (haut d‘Banque Centrale) op der Bastioun Berlaimont, Eck Eecherbierg a Boulevard Royal. Dës representativ Strooss entstoung 1870. Hir stilvoll leider deels verschwonnen Zäitzeie presentéiere Bicher a Filmdokumenter (R. Phillippart). D‘rapid moderniséiert Lëtzebuerg produzéiert haut ‘pro Kapp ronn 20Mol méi Bauschutt wéi den EU-Duerchschnëtt.‘ (J. Zenthöfer.) Ofschléissend d’Remarque vum Jean Hamilius: ‘D’Sauvegarde vu Monumenter heescht net Stied zu Museeë maachen, mä ‘construire intelligemment en jetant un pont entre passé et avenir.’