Lëtzebuerg - Kathedral Notre-Dame
Ënner Philipp II. hat eisen deemolege Gouverneur de Grof Peter Ernst I. von Mansfeld mam Provinzialrot 1577 d’Idee hei e Jesuite-Kolléisch ze grënnen. Den Uerden huet no längere Bauaarbechten dann am Oktober 1603 eng zweesproocheg gratis Schoulformatioun op héjgem Niveau offréiert. De Kolléisch hat zwee Joer drop 385 Schüler, an no aacht gouf den éischte Stee geluet vu senger Kierch. Nom Doud vu Philipp II. (1598) waren d’‘Archiducs Albert et Isabelle héritiers du Gouvernement des Pays-Bas espagnols.’ D’Isabella an hire Mann hunn de Kierchebau ënnerstëtzt. Kuerz no senger Konsekratioun vu 1621 gouf d'‘Consolatrix’ als Stadpatréinesch unerkannt; de Pater Brocquart hat hir dee Numm ginn. Den Titel Kathedral krut se 1870 a sollt dem liberale Batty Weber no dësen droe wéi eng al léif Tatta e ‘Straussefiederhutt’. Hien hat do “rauschende Stunden kirchlicher und halbkirchlicher Feiern” erlieft an den 30.12.1932 a sengem ‘Abreisskalender‘ geschriwwen “patriotesche Wellen schlugen uns übers Herz wenn das Te Deum brauste”. Mä bis dohin ass vill z’erzielen..
D’Oktavgeschicht fängt ënner der erzherzoglecher Koppel un: d’fromm Infantin Isabella vu Spuenien (d‘Duechter vu Philipp II.) an hire Mann Albert vun Éisträich hunn d’Gnodebild vu Montaigu veréiert an de Jesuitewonsch, de Mariekult ze réaniméiren, guttgeheesch. Dem Kolléisch seng nei Mariëkopie vu Montaigu sollt eis ‘Tréischterin’ inspiréieren, eis Lannenholzstatu ass awer dräimol sou grouss wéi si a méi reng. D’idéal Astëmmung op eng Kathedralsvisite mécht d’Nicole-Fabre-Zitat ‘Mat hirem mënschleche Gesiicht ass si d'Vierge de tout le monde, que chacun peut réinventer et en faire sienne’. Dee ‘klenge Regensbuerger Kunstführer‘ nennt d'Kathedral an den haitege Palais eis bedeitendst Bauwierker aus hirer Epoche.
An der Kathedral begéine sech wichteg Gestalten aus der lëtzebuerger Geschicht. Klassesch Fënstere bei der Fürsteloge presentéieren Henri VII. a säi Brudder Balduin, den Tréierer Erzbeschof, Jang de Blannen an aner Gréissten aus eisem Grofegeschlecht. De Bau straalt trotz verschiddne Stiler Harmonie aus, spéit Renaissance vermëscht sech hei mat fréibarocken Elementer a goteschen Iddien. Den alen Deel entstoung als Kierch vum Jesuitekolléisch tëscht 1613 an 1621 no Pläng vum Jesuit Jean du Blocq vun Tournai. Seng 23 Grondsteng goufe mam Hannergedanken op vill Gënner de 7. Mee 1613 a Präsenz vum Tréierer Weihbeschof geluet. Rechnunge verroden, dass beim Bau och Fraen Handlaangerdéngschter geleescht hunn, si krute 5, Männer 8 Sous pro Dag. D’Ballustrade vum räich geschnëtzen Uergel-Duxall ass e Meeschterstéck mat Engelsfiguren di musizéieren. Dës Skulpturen aus deemols héichgeschätztem Alabaster sinn Exemple vu barocker Liewensfreed a vermuttlech d’lescht Wierk vum Daniel Müller (aus Sachsen), deen 1614 hei d'Magdalena Krudel bestued hat. D'Portal vum selwechte Kënschtler weist e fréibarockt Madonnebild an der Zentralnisch, donieft den Ignatius vu Loyola, de Franz Xaver an den hl. Niklos. ’t dréit d’Joreszuel 1621 an hat als Virbild d'Kueblenzer Jesuitekierch. D’massiv Duebeldier ass vum Konschtschräiner Andris Newbecke. D’spéitrenaissance Flechtband-Motiv vun den zeng massive Ronnsailen op aachteckege Sockelen hat e Modell am deemolege Stadhaus inspiréiert. D’Tuermkräiz gouf am November 1618 placéiert, d’Gehëlz vum Tuermhelm koum vum Mansfeldschlasstuerm an den Hunn vu Léck. De Bau war wéinst Geldmangel 1616 ënnerbrach ginn, mä Bijou-Spende vu räichen Dammen an en Don vu 4000 Florins vum Archiduc haten d’Situatioun bei de Finanz-Engpäss gerett. Den Albert an d‘Isabella hunn allgemeng gutt Souveniren hannerlooss (an als Souverain vun der ‘spéiderer Benelux’ beispillsweis de Rubens ënnerstëtzt.)
Tëscht 1613 a 1618 ass d‘Eiseschmelz zu Dummeldeng gebaut ginn an d'Päerdskutsch gouf zum universellen Transportmëttel. Den "El Gréco" huet säi Bild "Mariä Himmelfahrt" gemoolt an de Shakespeare sollt iwwer säin Testament nodenken... D'nei Uerdenskierch hat deemols de "baulechen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg d'Kroun opgesat", schreift de François Lascombes a senger Chronik - an zitéiert d’Ofrechnung vum responsable Pater Spies mam Skulpteur: dëse krut de 16.8.1621 nämlech 31 Daler méi wi virgesinn! D'Miwwel koumen étappeweis an d'Kierch,(d‘Beichtstill 1629, kuerz drop de Priedegstull an d'Uergel a 1642 den Haaptaltor.) Original aus dem 17. Jh. sinn och d‘Wandteppecher mam hl. Ignatius an der Flucht an Ägypten. Fir d'Feierlechkeeten "100 Joer Stad-Patréinesch" huet 1766 dem Orvaler Schmatt Pierre Petit säi Votivaltor aus Fer forgé all Blécker op sech gezunn! - D’Jesuite ware bis 1773 zu Lëtzebuerg, duerno gouf hir Kierch deem nei verstaatlechte Kolléisch iwwerginn. Si blouf wuel eng Weil seng Dépendence.. mä keen huet d’Tuerm-Auer opgezunn, bis op Initiative vum Paschtouer Feller eng Persoun gesicht gouf dëst ze man (fir "2 louis neuf" pro Joer.) 1778 huet d'Keeserin Maria-Theresia der Stad d'Jesuitekierch definitif iwwerdroen an ëmgedeeft a “Porkierch zum hl. Niklos an der hl. Theresia”. (..deels aus de ‘Kierchtuermscauserien’)
Fir d'Erënnerung un d'Éisträicher auszelëschen huet den Napoleon no turbulenten Zäiten d’Nikloskierch 1801 dann "église Saint Pierre" genannt. Hien huet d'Oktavpressessioun nees erlaabt an der Tréischterin de Stadschlëssel zréckgeschenkt, deen hien 1804 bei senger Visite vum 17. ‘Vendémiaire’ symbolesch krut, a wou e sot ‘Je vous remercie Monsieur le Maire, elle est en bonnes mains.’ Dem Musée säin Internetsite weist d’oval sëlwer Soucoupe vun där Remise de clé (... 't war en Teller mat Fouss ‘wéi Domestique se benotzt hu fir Kontakt mat Persoune vun ënnerschiddlechem Stand z'évitéiren’!) - Aus der Bibliothéik vum Jesuite-Kolléisch hire 9497 Bicher gouf um Enn vum 18. Jh. d’Lëtzebuerger Zentralschoulbibliothek, déi geschwënn och extern Intressenten notze konnten. Nodeems 1803 d’Stad s’iwwerholl hat an s'am spéideren ‘Athenäum’ blouf.. ass da paralell mam neien Nationalgefill d'Bezeechnung "Nationalbibliothéik" opgedaucht. (TG)
Entwécklung an Ausbau – Deel 2
An engem Merian-Heft iwwer Lëtzebuerg aus de 1960ger hat de Joseph Funck der Kathedral hiere d'Portal als "überreich erzählend" beschriwwen. E sot nach, dass hiren Neibau geschéckt drugesat gouf, d'original schmuel Fassade onverännert ass an, obwuel vill Haiser renovéiert oder ersat goufen - de Grondrëss vun der Stad an déi domat verbonnen al Vertrautheet bliwwe sinn. Al Photoe veréiwegen d’vergaangen Zäit. De klenge Film “Exit from the Cathedral” vun Ouschtersonndes 1909 vum Tréierer Peter Marzen weist historesch Minutte mat entspaante Mënsche virum Portal. ‘t war dunn ewell munches anescht am Vergläich mat 1902, wou hien d’Sprangpressessioun opgeholl hat. ‘Nei ass de Leit hiren ‘easy going’ - sot hien - eng laachen an d’Kamera, aanrer défiléieren zweemol virdrun.’ Pressessioune konnt de Pionéier mat der Kamera ouni Lizenz dréien, an ‘t wollten herno vill Leit de Film gesinn!
D’Stater Por Notre-Dame besteet zënter 1844. Virun 1801 war d’haiteg Kathedral zäitweileg «église–mère» vum Département des forêts. D‘Wéi vun der Por stoung ëm 1120 tëscht der 1. an 2. Réngmauer vun der Festung, do wou haut d’Chamber ass. D‘deemoleg kleng Kapell housch 1250 nom Vergréissere Nikloskierch, an hiren Tuerm war als héchste vun der Stad Klacken- a Wuechtuerm! Territorial gesi geet d’Por haut vum Krautmaart op de Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte a vum Boulevard Roosevelt op d’Fouerplaz. Der Kathedral hir Sänger goufen 1844 éischtmools als Cäcilieveräin mat 61 Memberen ernimmt. Spéider hat de Franz Liszt seng Schüler an enger Prouf héieren a gemengt hien hätt ‘souguer zu Paräis keng sou schéin wuelgeschoulte Stëmme fonnt’! Generatioune spéider, 1960 ass d’Maîtrise ënner dem Här Ponchelet zur Chorale mixte évoluéiert a konnt gemëschte Polyphonie notzen. En Tableau vum Juan Martin vun ëm 1860 weist Interieur an Originalmobilier aus der deemoleger Kierch an der Ënneschtgaass. D'Tréischterin krut do 1795 hir fest Plaz (nodeems d’al Glaciskapell entweit war.) No an no krut se 56 Kleeder geschenkt am Stil vun der spuenescher Noblesse. Si inspiréiert schéi Gedanken, de Metzer Beschof Raffin nennt d’Rousekranzgebiet zur doucer Consolatrice e «parcours spirituel».
Eist Land gouf 1870 offiziell eng Diözes an d’al Jesuite-Kierch an der Ënneschtgaass hir Kathedral. Photoen aus der Belle Epoque weise si mat engem Tuerm an mam alen Altor am haitege schmuele Mëtteldeel. Well si dem Rang vun enger Bëschofs- an de Funktioune vun enger Wallfahrtskierch awer net entsprach huet, gouf se tëscht 1935- ‘38 no Pläng vum Architekt Hubert Schumacher vergréissert. Haut charakteriséieren hir dräi elegant Tierm d'Stadsilhouette. D‘Mënschen, deene mir d'Kathedral verdanken, hu wahrscheinlech a Superlative geduet wéi de Michelangelo an engem Gebiet: "Herr, gewähre mir, daß ich immer mehr wünsche, als ich vollbringen kann!" De Grondsteen vum Neibau aus lëtzebuerger Broch- a Quaderstäng blouf an der Krypta visibel. De neie Chouer huet zwee Säiteschëffer, zwee Duxäll säitlech an eng Krypta. Fir d‘Verbindung tëscht den zwee Deeler ass de polygonale Chouerofschloss vu 1613 mat de Fënstren ewächgefall; seng schmuel Zone gouf den Duerchgang zum neien Deel - deem seng Breet e Kassetteplafond optesch betount. D‘raimlech Atmosphär geet vum harmonesche kräizförmege Gesamtgrondrëss aus: d’al Partie ass 44 m laang, di nei 36 op 32, wouvun de Chouer der 16 huet.
D‘Bronze-Portal zum Boulevard Roosevelt hinn huet Relieffer mat bal 100 Mënschen a méi wéi 50 fantastesch Déieresilhouetten, Planzen a Symboler. Den Auguste Trémont hat et entworf an tëscht 1935 an ‘39 mat 4 Mataarbechter ausgeféiert. D‘Chouerfënstere vum Louis Barillet schenken dem sakrale Raum e ‘feierlecht Liichten am Sënn vun engem faarwege Bildteppech.’ (Michel Schmitt). Hir Ikonographie passt sech der héichmëttellalterlecher Glastraditioun un a presentéiert d'Marieliewen. D’monumental Madonnefigur iwwerëm Westportal ass en Trémont-Wierk vu 1953. - Ëm Chrëschtdag zitt dem Professer Sebastian Osterrieder seng konschtvoll Krëppche mat hiren iwwer 60 Figuren Kleng a Grouss un duerch hir 'reliéis Déift a vollekstëmmlech Ausstralung'. De jonke Sebastian hat als Bäckeschjong mat 15 Joer Figuren aus Broutdeeg gekniet a spéider zu Roum d’neapolitanesch Krëppekonscht entdeckt. Seng neikreéiert Modeléiermass (‘franséischen Haartguss’) ass ëm Drotgesteller geformt, senge Krëppefiguren hir Gewänner am Beduinestil si bemoolte Stoff mat Läimwaasser gedränkt - ’t stinn där souguer am Péitersdoum! De Kardinol Faulhaber sot 1927 ‘Für Meister Osterrieder sind Glaube und Kunst Geschwister!’ E Luef vum Paul Großmann nennt se ‘ins Bild gesetzter Glaube.’
P.S. D'Kathedral ass schrëttweis vun der Porkierch an hir haiteg Dimensioun gewuess. Hir Struktur huet d'Intégréiere vu Konscht aus verschiddnen Epochen erlaabt. S’ass wuel nët 1000 Joer al wi d'Mechelskierch, mä d'Haus vun der Consolatrix, "déi nët just Trouscht weider gëtt als Gefill, mä als Stimulus fir eis Existenz nei ze verankeren." (Georges Hellinghausen.) E franséischen Timber vun 0,50 € weist eis Kathedral 2004 am Zesummenhang mat de "Capitales Européennes“ a Jesuitekierche weltwäit! Dräi lëtzebuergesch Käppercher haten 1945 schéin Détailler aus der Kathedral als Sujet, (z.B. de Votivaltor, am Wäert vun 20 fr. plus 20 als Don) a konnten d‘Restauratioun nom Krich finanziell ënnerstëtzen. – Last but not least... ir d‘Kathedral stoung gouf ‘t ewell de Kolléisch. D‘néideg Terrain’en dofir haten d'Jesuiten an de Joere 1597 a 1602 an der Ënneschtgaass kaaft - quasi vis-à-vis vum Franziskaner-Klouschter um Knuedler. 1603 an ‘11 goufe Gäerd an d’Haiser donieft ugeschaaft fir hir Uerdenskierch. Hir deemoleg Noper wollten e säitleche Foussgängerpassage tëscht der Kierch an hirem Haus, dem aktuelle Staatsministère! An dorëm entstoung 1611 e Rechtssträit, an deem d’Berbuerger Hären hiert Urecht op en Duerchgang exigéiert hunn. (TG)