Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Féngeg

D’Agatha Christie hat Archeologen als Detektiv bezeechent, op der Sich no der Vergaangenheet. Kulturen, déi net schrëftlech dokumentéiert sinn, si schwiereg ënner d’Loupe ze huelen. An et heescht souwisou, dass ‘ouni Phantasie d’Archeologie näischt ronn bréngt’... Wat de Numm Féngeg wierklech bedeit, ass schwéier soen, mä allgemeng gesinn steet Féng oder Fenn als Flouernumm fir ‘Héichmuer’. D‘Duerf huet effektiv eng Mouerwiss a vill fiicht Plazen, an d’Quell vun der Äisch ass net wäit ewech. A ‘Fengéger Moosbéck’- dat kléngt no engem Spottnumm.

Féngeg – Fingig war 1841 am Mémorial Fingich geschriwwen an zielt 396 Awunner. Hir Zuel huet sech säit 1970 bal verduebelt. ‘t läit 1 km vu Kéinzeg an ass eng Bëschofs-Por zënter 1846 an eng Staatlech säit 1874. Seng al Kapell hat 80 Plazen. Eng Notiz verréit, dass de Bau vun där neier 1864 ugefaangen huet an, dass zwee Joer drop den Deche vu Käerch d’nei Kierch ageseent hat. Stilistesch zielt se wéi keen anert vun eise reliéise Gebaier zur Epoche vum Historismus mat enger Neigung zu ‘Art-Déco’! Zu hir passt allerdéngs e Saz vum Dürer aus dem 16. Joerhonnert gutt... ‘Denn wahrhaftig steckt die Kunst in der Natur. Wer sie heraus kann reißen, der hat sie’! Kierchepatréiner ass den hl. Matthias. De Blëtz hat leider zweemol, 1925 an 1977 an de Kierchtuerm geschloen. D’Halekierch mat den dräi eenheetleche Schëffer a véier Jochen zielt laut ‘arrêté ministériel’ vum 8.12.1989 mat de Beem ronderëm zu de Monuments Classés. Si ass renovéiert ënner Supervisioun a mat gudder Ënnerstëtzung vu ‘Sites et Monuments’ an ‘erstraalt ‘ an neiem Glanz… Dem Volleksaltor seng marmoréiert Holzfaassung mat Evangeliste Reliefer ass diskret; di déckst Dépense 2006 nennt e Rapport d’Erneirung vun de Molereie vum Jean-Pierre Hamper vu Mamer…déi vun 1886-1888 datéieren. No de rezente Renovéierungsaarbechten huet Féngeg e konschthistoresche Juwel mat enger optimaler Heizung. Seng Walcker Uergel vun 1895 gouf emol ee ‘Werkchen’ genannt, se krut no 55 Joer bei hir 4 Regester an de Manual een zweeten an eng Pedall bäi. Mat e bëssche Fénger-Fäerdegkeet léisst sech op hir ‘l'âme et coeur de l'homme’ expriméieren - wat fréier mol dem Chopin säi Wonsch war. Mat deem fir d’Renovatioun gegrënnte Comitée huet de Kiercherot eng iwwer 100 Säiten déck Broschür erausgi mam Titel „Sankt Matthias Fingig – Rückblick in die Geschichte der Pfarrkirche“. Si illustréiert di verschidden Aspekter vun den Aarbechte vu baussen a bannen anText a Bild. Vill Fotoen iwwer d'Landliewen offréiert den Internet: Bei Gelegenheet vun 'En Dag um Bauerenhaff' huet eist Féngeg am Capellener Kanton, an der Gemeng Kënzeg, där grénger Long aus dem Südwesten e Billerbuch-Beispill gebueden! Wousst Dir iwweregens dass ‘Schmausel’ e lokalen Ausdrock ass fir d’Haut op der gekachter Mëllech? An dass ‘Mëllech di ‘féngt’ Brach gëtt” a Féngholz ‘morscht Holz’ bedeit? Dëst sinn al Ausdréck a modern ass de Begrëff “Gebidd an der kontinentaler biogeografescher Regioun”... an dee weist op eng schützenswäert Plaz hin.

P.S. D’Lëscht mat Résolutioune vun der EU Kommissioun vum 10. Januar 2011 zielt Féngeg zu de ‘Gebidder vu gemeinschaftlecher Bedeitung’ (de GGB) an der kontinentaler biogeografescher Regioun mam Code LU0001054 Fingig Reifelswenkel. Doran si prioritär Aarte festgehalen oder d’Bestoe vun engem oder méi prioritäre natierleche Liewensraumtypen. An dësem Fall geet et ëm eng Zone Spéciale de Conservation vun 84,4 Ha. (Dës Plaze si fir de Schutz vun der biologescher Vielfalt an der EU vu grousser  Bedeitung... wat komplizéiert kléngt mä just soe wëllt: hei läit eng Zone rurale authentique, ideal fir eng Renconter mat der Natur an dem ländleche Liewen! (Ähnlech Plaze sinn d’Sporbaach bei Troine/Hoffelt oder de Moukebrill bei Grass.)