Kënzeg
Di charmant ländlech geprägte Gemeng Kënzeg besteet net méi an hirer fréierer Form. Si hat bis 2012 mat Fëngeg eng Fläch vun 1453 ha. Haut ass se fusionnéiert mat der Nopeschgemeng Käerjeng. Kënzeg war ëmmer stolz op seng déck wëll Lann, déi um Stamm bal 7 m Emfang hat an an der Kroun gutt 23 m! Si war den déckste Bam landwäit hanner dem ’Bildchenskuescht’ vun Aaltréier, mä hat e Stuerm am Juni 2006 net iwwerlieft. En honnertjärege Bam huet iwwregens eng Millioun Blieder a filtert eng Tonn Stëbs. Aner Chiffre nach: Naturfrënn fannen ëm Kënzeg e Naturléierpad mat theoretesch 400 Kiewerlécken an 100 Reewierm pro Metercaré an e Weier ouni “Ongeheier” mä mat wahrscheinlech ville Fräschen -‘t géif soss kaum e Fräschemonument am Duerf..
Vum Musée um Fëschmaart senge fënnef rekonstruéierte keltesche Graafkummeren ass déi vu Clemency mat 4.30 m op 4.20 m, di gréisst déi jee fonnt gouf! Preziséiere mer dass dës vun engem trevereschen Adlegen sou al ass wi d'Siedlung um Tëtelbierg! Si gëtt en Abléck a fréieren Doudekult. Kënzeg soll op e kelteschen Numm zréckgoen an ofgeleet si vu Kintzingen, Haus vu Kunz. Aus den "ténèbres vum moyen-âge" sinn ënner Schrëften vu Minnesänger och déi vum Wachsmut von Künzich, engem Ménéstrel "Luxembourgeois" de petite noblesse. Am 426 Säiten décke Codex Manesse sinn säi Bild als arméierte Chevalier an seng Lidder, di tëscht 1220 an 1250 entstoungen. (D'Unibibliothek Heidelberg versuergt d'Manessesch Handschrëft aus Pergament, déi sech op d’Züricher Patrizierfamille mam selwechte Numm bezitt.) - Eng Anna von Küntzig war Abesse vu Clairfontaine tëscht 1388 an 1408. 1486 ernimmt d'Lascombes-Chronik, dass en Deel vun der Herrschaft Kënzeg un de Sekretär Hoecklin vum Haffgericht an seng räich Fra Katharina von Eysbruch verkaaft gouf. Dëst si just e puer Detailler, erausgepickt vu villen… Chronikeschreiwer hu fréier, wéi de Goethe emol sot, ‘munches an d’Liicht a munches an de Schied geréckelt!'
Kënzeg war fréier d'Mammepor vu Péiteng a säi Kierchtuerm ass vu 1723. D'Kierch gouf 1759 gebaut, wéi di al baufälleg war, an huet relativ einfache Mobilier. Den Haaptaltor ass zesummegesaat aus verschiddne Kierchen. D'eelst Fënsteren am Schëff (vun engem 'onbekannte Künstler') sinn ouni Motiv a kréie gläich 130 Joer; di figurativ am Chouer si méi konschtvoll. D'holze Statioune si klassesch polychroméiert. Den hl. Beschof Remi, den Apostel vun de Franken mat der Dauf op der Schëller, dem typeschen Uelegdëppchen an enger Bibel, ass hei an zu Reims de Schutzpatréiner! Remigius kënnt vun Remedius, d.h. ‘deen deen heelt’! Relativ nei ass d'Cuvette mat Deckel um ale stengen Daafbecken vum Déifferdanger Kënschtler Nello Manelli. De kierzlech renovéierte Bau gouf ewell 1984 mam Kierfech als Monument National klasséiert.- Duerch seng Lag no un der belscher Grenz hat ‘Kéinzeg’ Nopren aus dem "Areler Land" no eng bilingue reliéis Kultur mat katecheteschem Échange bis Ufangs de 1970ger. De Curé vu Sélange huet hei Unterrecht op däitsch gehalen… an dee Kënzeger franséisch Bibelstonnen zu ’Séilen’. Den Alter vum Brauch weess d'Notiz vum Dekanat Messancy oder ’Miezeg’ nët, mä dass al Tracée'ën iwwer d'Kopp d'Leit verbonnen hunn.
Dem Duerf seng Erzkaul hat de Mechel Rodange 1872 am "Reenert" ernimmt („Der mengt vläicht, Kënzeg wir mer…. an d'Äerzkaul schuns verjeessen“).- Eng Notiz vun 1906 verréit, dass virun 100 Joer do de Schoulmeeschter Jean-Nicolas Schmit eng Schoulklass mat 35 Jongen hat an e Joresloun vun 1.500 Frang. 't waren deemols 167 bewunnten Haiser mat 757 Leit an der Gemeng… an 2006 beispillsweis ëm 800 Ménagen mat 1783 Awunner. Soe mer nach, dass Experten no d‘Kënzeger Wanterlann ëm 600 Joeral war. De monumentale Bam hat mat der St. Maximäin Kapell aus dem Joer1732 eng natierlech Symbiose gebild bis en Affer vum Stuerm gouf. (Der Legend no hat de bekannten Tréirer Beschof Maximäin hei Halt gemat, krank Päerd mat Lannentéi geheelt an eng Lann geplanzt.) Béid, de Bam an d’Kapell goufen an de 1970ger restauréiert an hunn eng Impressioun vu “clemency” ginn… wéi d’englesch Météo “mildness of weather” nennt.
P.S. Virun 3-4 Joer war de vu bausse modeste Manoir mat der ‘tourelle polygonale‘ aus de 1660ger kaum e Gespréichsthema. Haut huet e neie Besetzer e mat enger «rénovation douce» a mat verschiddnen alen Techniken zu neiem Liewen erwächt! Säin Erbauer, den ‘de Blanchart‘-Fils Ferdinand, hat d‘Schlässche mat ‘recykeltem‘ Material opgeriicht. Seng Ierwin huet dem Henri de Lanser, dem Stater Procureur général et verkaaft. D‘al Notiz, de Bau hätt no 1721 am Potager vum Messire de Lanser gestane sinn deemno korrekt. Den Titel Seigneurie war ëm net laang vergönnt, d‘Niewegebäier sinn no an no verschwonnen an divers Besëtzer hu sech ofgeléist. Ënner dem Roger Bour sengen intressante “Sentinelles de l’histoire“ figuréiert hei am fréie 14. Jh. ‘e Messer Jehann de Clamassi‘, deen 1320 ’justicier des nobles du comté de Luxembourg’ war; säin herrschafftlecht Gutt goung spéider un de Seigneur vu Bertrange-Lorraine, an am Laf vun der Zäit un de Mansfeld an un d’Schauwebuerger.