Garnech
D’Garnecher Landschaftsbild hat den hei gebuerene Professer Braunhausen 1927 lakonesch “nüchterne Harmonie" beschriwwen. A sengem Panorama fällt awer nieft niddregen Hiwwelen de 400 m héije Reebierg op. Vun him aus gesäit een z.B. d'Areler Donatuskierch an d'Lampertsbierger Tierm; fréier huet Damp vun de Schmelzen um Horizont d’südlech Richtung uginn. Aplaz vun engem Aussiichtstuerm trount haut do en interkommunale, konesch geformte ‘Waassertuerm‘ aus Aluminium. D’Silhouette vum Architekt Georges Reuter sengem futuristesche Bassin ass gutt an d'Landschaft intégréiert a wierkt fir eng wéi en Naturobjet – fir anerer wéi en ‘objet sacré‘. Den Avantage vum Aluminium: e passt sech der Landschaft un: mol ass säi Reflet wäissgro, mol liicht en, wann d'Sonn ënnergeet, a goldeg-rouden Téin. E confirméiert de ‘Mies Van der Rohe –Princip “Et ass ëmmer méiglech mat wéinegem vill ze maachen"! Ganz fréier gouf um Reebierg d' "Âmicht", d.h. d'Duerfgeriicht gehalen.
No der Typhusepidemie zu Lëtzebuerg hat de Bréisseler Ingenieur Le Lenne 1847 an engem Concours eng ënnerierdesch Waasserleitung vu Garnech an d'Stad proposéiert. Mä beim Projet bestoung de Risiko, d’Leitung kéinnt bei enger Belagerung ofgeschnidde ginn. De Garnecher Wope weist op Waasser an op al Relatiounen hinn: mat engem roude konesche Feld fir de Réi- oder Reebierg, an ënner aanrem mam sëlwer Ankerkräiz, azurblo-sëlwrege Sträifen an zwou Stadpaarten (als Symbol fir d'Waffe vun de Seigneure vu Koler a Sterpenich.) - En éischt Garnicher Dokument staamt vun 1128 an dat eelst vun der Por vun 1260. Am massive Kierchtuerm senger Corniche ass d'Joreszuel 1200 agemeesselt! Eng Kaart vum berühmten éisträichesche Comte, Generol a Kartograph de Ferraris weist hei ëm 1774 al Weeër mat 35 Haiser, 5 Brécken a 4 stenge Weekräizer. De Wandhaff huet deemols "Koericher Heyde" geheesch. Koler Leit, déi hir an d'Kierch koume, ware forçéiert d'Äisch duerch e Fuert ze passéieren, well keng Bréck do war.
An der franséischer Revolutioun huet d'Géigend zum Canton Messancy gezielt. Vun 1827 ass notéiert, dass zweemol an der Woch Post an d'Duerf un d’haiteg Dräikantonsstrooss koum. En Telefons- a Telegraphendéngscht sollt vum Mee 1891 un existéiren. D’Diligence goufen Ufangs vum leschte Jorhonnert duerch “Kutschen ouni Päerd” verdrängt. An Schoulschwestere waren 47 Joer hei aktiv bis 1917. Beim Inventaire an engem ale Kiercheschaf goufe 1994 zur Freed vu Musek- a Geschichtsfrënn Schätz fonnt: e Kyriale vun 1822 an ënner aanren eng groussformateg Partitur signée Theodor Schaack, an e Gesang- a Gebietbuch vun 1868. Gutt, dass kee virdrun do geraumt hat… Ewell am virleschte Jorhonnert hat Garnech e kierchlechen an e weltleche Gesangveräin; säi gemëschte Chouer krut 2003 grad 50 Joer an d’hallef esou al Ahlborn Uergel ënnermoolt d'Stëmme vun der ‘Chorale Ste Cécile Garnich-Dahlem‘ mat hire 39 Regester.
Den Alter vun der Garnicher Kierch ass onkloer. Enger Chronik no hat 1697 den Tréierer Weihbeschof hei eng Kierch geweit an dem Erzengel Michael uvertraut. Den ale massive separaten Tuerm gouf 1715 duerch en 3 m déiwen Ubau intégréiert. Dem Schlusssteen an der Fassade no gouf de romanesche Bau an der 2. Hallschent vum 19. Jh. nach vergréissert. Den alen ugestrachnen stengen Haaptaltor hat de Pfarrer Schaack als "graff Aarbecht" bezeechent… Säit der wichteger Restauréirung aus de 1930ger huet de Raum eng Kräizform an zwou supplementär dräideeleg Fënsteren, e neien Ducksall mat vertäfelter Balustrade, eng Daafkapell, en anere Plafong an d'Säile koumen eraus. An, dass eng weider Klack Plaz hat, sollt den Tuerm ëm eng Etage erhéicht ginn, al Photoe weisen e virdrun an duerno. No 1964 verschéineren niddreg wäertvoll Altär an e neie stilvolle Kräizwee den Intérieur. Dëst mécht och d’Graafmonument vu 1569 vun de Sœurs d’Enschringen (der Apolline an Elise vun Äischer.) Et huet säit der franséischer Revolutioun hei seng Plaz. ‘t staamt aus der fréierer Mariendaller Kierch an zielt zu eisem reliéise Patrimoine. Eng lescht Renovéirung war 2003.- Um Rand bléif nach ze soen dass eng Eech aus der Gemeng (mat 72 cm Diameter) 1978 e Wäert vun 147.500 Fr. hat.
P.S. Am 12. Jh ass den Uertsnumm mol Garnis, Carnisse, oder Charnische dokumentéiert. (Lokal gëtt haut Garnich gesot. D’Duerf hat 1904 knapps 550 Awunner an122 bewunnten Haiser (an 2012 iwwer 1160.) Ënner den Handwierksberufer waren dunn e ‚Küfer‘,dräi Schneider, zwee Iëlewuerebutteker, zwee Woner an e Wiewer opgefall. D’Riedensaart ‘säi Gar spannen’ am Sënn vun ‘onwouer Geschichten’ zielen ass vereelst. Un al Hausnimm erënnert hat emol eng Photosausstellung mat apaarte Beispiller wéi z.B. ‘Bei Schongneckel’, A’Fissen’, A’Mattanten’ oder ‘Bei Hansneckel’. Dass virun ‘al Hames’ e Velo stoung, war typesch fir d’Heemechtshaus vum Elsie Jacobs. Zu Reims gouf de Numm Jacobs vu Garnech 1958 déck applaudéiert. D’25 järegt Elsie war do den 30. August Weltmeeschter am éischte ‘championnat du monde de cyclisme pour dames’ ginn. En Highlight an der Duerfgeschicht! D’Athlétin war mat hiren 300 gewonnene Coursen zäitweileg eng Ambassadrice fir Lëtzebuerg (..an e Beispill vun Emancipatioun.) Wie ‘per pedes’ heirëmmer Bewegung an der Natur sicht, deem bitt d’Garnecher Gemeng haut dräi Autopedesteren un.