Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Grass

Mat sengen 73 Awunner ass Grass d‘klengst Sektioun vun der Gemeinde Stengefort. Et huet nach ee grousse Baurebetrib, deen zweete mecht engem Lotissement Plaz, deen den Numm “A Wonesch“ kritt. D’Dierfchen un der belscher Grenz läit nërdlech vun Kéinzeg, 800 m vun der A6 a vum ‘chargeur Sterpenich/Grass’. E Gedenksteen erënnert do un d‘Grënnung vun eisem Staat am Joer 1839 - d’Onofhängegkeet vun den Niederlanden hat eis dann allerdengs eng nei Grenz imposéiert. Grass ass säithier territorial vu senger Gemeng ofgeschnidden, also eng 60 ha grouss Enclave an der Gemeng Garnech. ’t kënnt een iwwer d’Staatlech Strooss vu Stengefort dohinn. De Wee Kéinzeg-Graass gouf emol Sujet vun enger question parlementaire; dës goung ëm d’ ‘réfection du CR 110 entre Clemency et Grass et interdiction de circulation pour poids lourds de plus de 3,5 tonnes.’

’t ass unzehuelen dass d'Häre vu Koler a vu Stierpenech sech hei emol d'Herrschaft gedeelt hunn. Den Haff vu Grass ass am Laf vun der Geschicht ernimmt als "Grashaff". Ronn 100 m hannert senge Gebäier verleeft d’Grenz, a seng Felder déisäit féiert e Privatwee. (Dem aktuelle Besëtzer säi Grousspapp, den Notaire vun der Cap, hat e kaaft a géréiert.) Duerch di drëtt Deelung vu Lëtzebuerg vum 19. August 1839 entstoung an dësem Eck munnech Krengel op der Landkaart. D’Belsch-Lëtzebuergesch Grenz schlängelt sech iwwer 148 km tëscht Péiteng an dem Léiler Flouer. (Eis Nord-Süd-Längt ass am Vergläich 82 Kilometer.) E puer belsche Barongen wollten (laut Erklärung vum Alain Atten) onbedéngt hir Grenzschlässer an der Belsch hunn. Dës krut ë.a. dann och de Grasserbësch a Clairefontaine - a wéi ‘t schéngt gouf wéins Privatinteressen vun engem Schmelzhär Äischen deemols zum Grenzduerf. – Hanner der Maark Nr. 61 huet d’Grenzligne e rechte Wénkel an en 2,2 km laange Bou gemat, an d’Awunner (‘t waren där 1848 just 66) hu sech missen ëmgewinnen. D’Grenzmaark 66 koum laanscht de Wee Grass–Stierpenech. (Déi Enn de 1970ger beim Bau vun der Autobunn erwächgehollen Nummere 67-70 sinn net méi vum „Cimetière des bornes“ zréck komm.) (Jos Goergen) D’Nr. 68 gouf kierzlech am Musée Dräi Eechelen gewise mam héije Sockel an den Inscriptiounen 1843, Eisen, Société Cockerill, Seraing. (Ausstellung: Die Grenzen der Unabhangigkeit.)

Tëscht Grass an Hoen stoungen 1870 nach ëm 50 stréigedéckten Heipe vu Stengeforter Schmelzaarbechter, déi de groussen Héichuewen fir en Hongerloun säit 1850 mat Wäschäerz gefiddert hunn. D’ Dagesproduktioun (vun zwee Iewen) louch kuerz drop bei jee ronn 38 Tonnen. D’eeler Usine de Clairefontaine vum Charles Simonet stoung säit 1802 op Lëtzebuerger Terrain um lieu dit "Eltergrond". Do hunn 1820 zwanzeg Aarbechter ‘minerai de Hagen, Sterpenich, Kahler, Gras et Bettingen’ verschafft bis 1865. – D’Zäiten hu geännert... - 1944 waren zu Grass zwee Polen registréiert an den Edouard Hostert ass an d’Wehrmacht agezunn an am Februar 1945 vermësst an zum Krichs-Affer erkläert ginn. D‘Monument aux morts (vun de Sektiounen Hoen-Klengbetten-Grass) mam Wope mat Léif hat den deemolege Staatsarchitekt Schumacher entworf. (Buch ‘Stengefort am 2. Weltkrich’.) Eng Iwwersiicht weist 1934-‘40 am Gemengerot ë. a. de Léon Tonglet als Konselljee vu Grass. (Ënner deem raren Numm ass 1891 och en Tonglet Emile ernimmt als ‘régisseur à Gras et Steinfort et propriétaire d’étalon.’) Den 1944ger Gemengebilan weist 2.246 Awunner an eng praktesch eidel Gemengecaisse. No de Walen am November 1945, beim Redressement vun der aler Gemengenautonomie, war de Konselljee vu Grass deeselwechten. (‘t existéiert haut eng Rue Tonglet zu Stengefort.) D’Duerf an der Enclave blouf weider an der Por Koler; ‘t housch ewell am Dezember 1797 ‘dass Gras und Kahler nur kierchlich zusammengehören!’ (J.B. Weyrich)

D’kleng Lokalitéit ass ‘en plein développement’ well kleng Betriber sech do vergréissere kënnen. Eng Menace kéint do dann d’’Uniformisatioun vun der Landschaft’ ginn, soten emol Responsabler vum Développement durable a vum Département de l´Environnement. Zum Gléck fënnt ë. a. de Kamm-Molch nom Renaturéierungsprojet bei Grass Schutz am neien-alen Fiichtgebitt. De Flouer ‘Moukebrill’ zielt nämlech als NATURA 2000-Gebitt zu den europäische Schutzzonen vu ‘gefährdeten Amphibienarten’. - D‘Informatiounstafele vum 6 km laange Spazéierwee Hoen-Grass weisen op lokal Attraktiounen hinn a féiere bei den noe Weier. Am stéits vun der Landwirtschaft geprägten Hoen huet d‘Bausubstanz sech verjéngt, mä ‘t bloufen nach Bauerenhaiser aus dem 19. Jh. am typeschen ‘Quereinhaus-Stil’ erhalen. Déi zu bal jidfer Haus gehéireg Hausbeem (heefeg Lannen oder Eechen) sollten u speziell Uläss erënneren. Nësserten hu bei Bauerenhaiser Mécken ewächgehalen an Friichte geliwwert.

P.S. Ob Grasse, d‘Haaptstad vum Parfum am Nordweste vun Nice, an eist Dierfchen no engem bedeitende ‘Crassus’ oder ‘Gratien’ benannt goufe steet an de Stäeren. Bekannt ass awer, dass béid e grousse Biodiversitéitspotentiel unzebidden hunn. Last but not least fléisst dëssäit der Grenz vu Grass d’Grendel via Äisch, Uelzecht, Sauer, Musel a Rhäin an d’Nordsee. Nobäi passéiert eng Velospist op der fréirer d’Attertligne Péiteng-Ettelbréck. An ënnerwee vereenegt d‘Natur d’Géigesätz vun der Harmonie. (Heraklit)