Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerkäerjeng

Hautcharage oder Uewerkäerjeng hat fréier eng Statioun un der Atert-Linn Péiteng-Näerden-Ettelbréck. Et läit um Fouss vum Reebierg, a säi Bann ass vu ville klenge “Griechten“ duerchfuercht. 't huet eng Rue des Sources mat engem intressante Wäschbur mat speziellem Verwöllef. D’Duerf soll keltesch Wuerzelen hunn, aus "Kar" d.h. Steebach gouf no an no Karsen a Kerschen. An dëser Géigend op der Streck Reims-Tréier hu fréier de romaneschen a fränkesche Sproocheraum sech iwwerschnidden. – Dat aalt Buch "Die Hoheit Kerschen" (Weyrich - Spang) erkläert, dass domat di véier Dierfer Nidder- an Uewerkäerjeng, Lenger a Péiteng gemengt waren. Op der Ferraris-Kaart steet iwwregens um Uertsdeel ”op de Kappen” en alen Eremitage a bei Stroossenaarbechte goufen do Griewer op réimesche Mauere fonnt. Am Engelmann-Diktionnär heeschen d’Duerfleit Käejher oder Käejhénger..

Notizen no war Uewerkäerjeng säit ëm 650 eng ‚Al-Por‘ mat Cherange oder Cheraise infiore. Aner lokal kierchlech Zeilen ëm eng Schenkung un d’Zisterzienserinneklouschter Bouneweg datéiere vun 1243. Den Henri V. vu Lëtzbuerg, de Fils vun der Ermesinde, hat viru sengem Doud 1281 mam Raoul vu Sterpenich dem Duerf Kerschen d'Fräiheet accordéiert. E Joer duerno huet dann Henri VI. geschwuer d'Fräiheete vun der Stad Lëtzebuerg a vun Käerjeng ze respektéieren. (Säi Papp an hien haten eist Land no baussen ofgerënnt, a vum éischte koum de Léiw an eise Wopen.) Duerch de Fräiheetsprivileg kruten d’Bierger a Scheffen d’Recht, mat engem Riichter aus hire Reien selwer Geriicht ze halen, eege Gewiichter a Moossen ze hunn, d’Stad ze bewaachen an hir Weiden, Gewässer a Bëscher ze notzen. - Ëm 1362 krut e Schannes oder Hannes vun Zelobrio (Zolwer), en aflossräiche Protegé vum Jang dem Blannen, dee Prévot vun Tréier war, d’Cure de Hautcharage. Och Wenzel II. sollt d'Awunner vun Over- a Nyderkair a Schutz huelen, woufir se véier Sieschter Huewer an der Stater Buerg ofzeliwweren haten. 1433 gouf dëst verblatzten Dokument vun der Elisabeth vu Görlitz erneiert. - Bei akute Problemer hunn d'Awunner sech 1478 vru franséische Söldner an de Kierchtuerm zréckgezunn. Ausgeraibert gouwe se da nees 1543 an 1680, mä an der Tëschenzäit haten si e Koarspäicher an der Kierch ugeluet! Well d'Gebai baufälleg war, gouf 1740 en Neibau decidéiert. Seng Bausubstanz vun 1744 gläicht fréiere Wierkierchen; säin neien Tuerm huet e puer Etagen.

D'aktuell Dyonisiuskierch mam Zwibbeltuerm weist, dass d'Duerf no Westen orientéiert war. (Dyonisius, Saint Denis, housch den éischte Bëschof vu Paräis; Niewepatréiner waren de Sebastien, Rochus, Bernard, Antonius a Lukas.) Der Hautcharager Kierch hiert Glanzstéck ass de Priedegtstull op de Schëllere vum Samson, enger rarer Figure-Konsole wéi s’an der Gotik Moud waren. Esou Skulpture kënnen inspiréieren oder oflenken.. Den amerikaneschen Essayist Ralph Waldo Emerson (+1882) sot emol: “Ich liebe die stille Kirche, ehe der Gottesdienst beginnt, mehr als alle Predigten". (’Kanzelaueren’ aus dem 18. Jh., d.h. Sandauere mat Glieser vun 30, 45 oder 60 Minutte Lafzäit ware sengerzäit wuel rar...) Mä och d'Uewerkäerjenger Holzboiserie an d'Miwwele si wäertvollt Kulturgut. An der franséischer Revolutioun hat en Heinrich Blonding de Kierchemobilier fir 18 Francs fir de Kiercherot gesteet an sou gerett. Nidderkäerjeng gouf iwwregens dee Moment „Kantonalmunicipalitéitsverwaltung“ vu 16 Uertschaften.

Um Enn vum 19. Jh. hat d' Kiercherenovéierung banne leider Wäertvolles suppriméiert fir Plaz ze wannen, a baussen krut den Daach e Kulang. No der Renovéierung vun 1937 hunn d'Klacken elektresch gelaut, 1950 goufen d'Verwëllef restauréiert, nieft déi lescht Glasfënster vun 1914 koume neier vum Lefèvre, an 1952 eng nei Uergel. An de 1970ger Jore sollt den dynamesche Pater Lahr d'authentesch Eenheet an d'Uewerkäerjenger Kierchemauren zréckbréngen, 1980 koum e Kräizwee aus Lannenholz (mat 15 Biller, als lescht d'Operstéiung) vum Skulpteur Cleve vu Kevelaer. Nach opfalen dinn d'Dafnisch, di dräi konschtvoll Altär mat diskreter Rokokoromantik an den Tabernakel. Seng Engelsfiguren hu wahrscheinlech Virbiller am Salzburger Mirabell Schlass! Extra sinn och d'Liespult an den Adler mam Tëntefaass, deen d'Leit z'observéiere schéngt. An der Bibel symboliséiert hie Rapiditéit, Muecht a Suerg fir seng Jong. E ka sech zu Héichten erhiewen an deenen de Sëtz vun de Gëtter vermutt gëtt…Wéi e Lueflidd op d’Natur liese sech d’Zeilen iwwer d‘ofwieslungsräich Mosaiklandschaft nërdlech vun Uewerkäerjeng. Mat klengen Heckeräim, Baamreien an extensive Wisen ass si d‘Viraussetzung fir eng héich biologesch Diversitéit a bitt domat villen Aarten Nahrung, Bruutméiglechkeet an Deckung.

P.S. Am leschte Krich gouf zu Hautcharage d'LRL (den "Lëtzebuerger Roude Léiw") vu Patriote gegrënnt mam But Fluchtweeër a Frankräich ze sichen. Duerno kruten Uewer- an Nidderkäerjeng e Monument vum Claus Cito fir d’Krichsaffer. - Den Hary Godefroid an Nik Welter hunn d’So vum versonkene Schlass bei Uewerkäerjeng a Verse gekleed, den Nik. Gredt a Jean Haan a Prosa: Wéi hei en onbarmhäerzege Grof seng Honn op en alen Heeschemann gehetzt hat, koum d’Déngschtmod d’Honn zréckruffen an dem Mann en Deel vun hiren Erspuernesser ginn. Dunn huet dëse si zréckgehalen, de Buedem huet gekraacht an ass um Site vum Schlass opgebrach, an - zitéire mer den H. Godefroid....“do hun sech Muor a Suppen ausgebreed, vun der Bûrg de Schâschteg aus dem Somp eraus nach steet- mä och deen ass versonk an an de Suppen haulen haut nach Mo’k an Onk!” (D’Gëlle Wéi mam Kënnche sollt um Waasser schwammen..) Last not least hunn d‘Rousenziichter Ketten d‘Boufferdanger Muer ëm 1890 gepacht, fir do Torfmoos ofzebauen; si hunn hir Planzen dra verpaackt a weltwäit verschéckt. Et gouf 1988 zur ‘zone protégée‘ erkläert.