Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Féitz

Féitz a Monnerech deelen sech der Escher Autobunn hir drëtt Sortie hanner Hollerech. Seng Industriezon läit lénks vun der A4, just 13 km vun der Stad, 40 vun Arel a 400 vu Paräis. De méi ländlechen eeleren Deel mat der rue de Wacquant läit riets. D’Awunner luewen de flotte Spazéierwee Féitz-Monnerech-Pafenheck-Féitz als fantastescht Noerhuelungsgebitt mat Bänke fir ze raschten an enger immenser Landschaft, mä si net frou wann do Bussen a rasantem Tempo passéieren.

Den alen Dictionnär bezeechent «Fötz» als ee ‘Gehöft ‘ an der Gemeng Monnerech un der Landstrooss Esch/Uelzecht-Lëtzebuerg. Just virdrun ernimmt gëtt de Fëtz oder Féiz, eng kleng einheimesch iessbar Wickenaart, (..d‘sougenannten Zitterlëns). Hire protéinräiche Som gouf am éischte Weltkrich alt emol geholl fir Zopp oder “Kaffi” ze man.. an 't housch ‘t as gutt fer d'Dauwen’! Ob därs Lënsen-ähnleche Fëtz hei ugebaut gouf, fréier..? Typesch Flouernimm vun der aler Kadaster Kaart sinn hei ‘Féitzerlaangert, beim 'Féitzemuer', Am Bauch, an ‘Botterbrill’, wat suppeg Wis bedeit. (Zitéiere mer och nach d’al Duerfchronik: ‘1804 hat Monnerech 80 Haiser, Biergem 20 a Steebrécken a Féitz 21.

Wéi Déifferdeng ëm 1870 nach keen Dokter hat gouf dee vu Féitz oder Bascharage erbäigeruff. Och di Escher hunn au besoin 1866 den Dr Theodor de Wacquant geruff. Di gréisst Strooss am alen Deel dréit säi Numm, (di méi kleng heeschen rue du soleil, Biirkewee an rue Belle-Vue.) An där éischter läit de Féitzerhaff (...1681 ernimmt als ‘Vetzenhof’). Dësen hat zäitweileg eng Hengerfarm als Dépendence an, ir déi 1948 verbrand ass, 6 Joer d‘Seefefabrik Goergen an hire Maueren. Mä zréck zum bekannste Féitzer Här, (dem ‘docteur en médecine, chirurgie et accouchements’.) Hien huet seng Visite mam Päerd gemat, gouf 1860 Buergermeeschter vun der Gemeng Monnerech an 1894 Députéierten. D’"Féitzer Schlass", d.h. d’al Maison de Wacquant, hat den Theodor Franz de Wacquant-Goedert, Haaptmann an éisterräischeschem Déngscht, 1775 kaaft. Säin ewell ernimmten Enkel, den Dokter, war ënner anerem ‘actionnaire-fondateur’ vun der Société des Hauts Fourneaux de Luxembourg an ‘Président du Cercle agricole et horticole’. Säi Besëtz koum spéider an d’Hänn vun der Escher Famill Buchholz. Den Opschwonk vun de Schmelzen um Enn vum 19. Joerhonnert hat d’Uertschafte vun der Gemeng nëmme ’superficiellement’ influençéiert, an d’Agrikultur sollt laang hei, zu Biergem a Steenbrecke prédominéieren. D’demographesch Explosioun koum dann no 1970!

D‘Féitzer Industriegebitt läit haut ewéi eng Insel am rurale Landschaftsbild. Et offréiert attraktiv Geschäfter, ënner aanrem en Hotel an ass eng vun eise gréisste ‘zones d'activités’. D’Stroosse lénks vun der A4 heeschen rue de l’avenir.. des artisans.. de l’Industrie.. a rue du Brill‘. (‘t besteet de Wonsch, an Zoukonft esou ‘kënstlech’ Akaafts-Zentren z’évitéieren.) Déi aktuell Insele sollen an Zukonft Gréngräim, Fouß- a Velosweeër opwäerten a besser Verbindunge sollen s’un d‘Regioun ubannen. D’Collectrice du Sud mécht dat ewell zum Deel an ass méi ewéi eng ‘transversale du bassin minier’ (D’A13 verbënnt Péiteng mat Schengen an dem Saarland - huet allerdéngs hanner der Sortie Lankelz eng kuerz ‘partie commune’ mat der A4.) D’Lokalitéit ouni Schoul a Kierch huet 458 Leit, si an déi Monnerecher kréien all Joer ëm den 20. Oktober den Hämmelsmarsch gespillt! „Huwwelspoun“ ginn hei net am Hierscht, mä an der Fuesend opgedëscht - sou heeschen heirëmmer nämlech speziell "Fuesendskichelcher".

P.S. Dem Stadter Musée seng paléonthologesch Sammlung ernimmt 2002 an hirem Aktivitéits-Rapport ‘Fouillen’ zu Féitz a Keel ouni Prezisioun. (Spezialisten no zielen dobäi fonnte Steenschichten zum ‘Toarcium’ - wat heescht, dass hei entdeckte Fossilien ‘geochronologesch’ tëscht 175 bis 183 Millioune Joer al sinn.) Giratoire sinn dogéint ganz jonk... 1904 hat New York den éischte “Roundabout”. Zum CR 164 sengem Rond-point Foetz-Cegedel widderhëlt e rezenten Arrêté am Memorial, dass e ’conducteur de véhicules et d’animaux‘, dee sech an de Kreesverkéier engagéiert, de bloe Pfeile follege muss’ an d’Virfaart huet virun deem deen an esou ee Krees ‘ouni Ecken a Luuchten’ erafueren wëllt...