Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerkolpech

Zwëschen Uewerkolpech a Ruedt kritt d‘schmuel Strooss ‘die versonnene Traulichkeit eines Waldwegs’, eng breed säfteggréng Sträif Wuess seemt d‘schwaarzt Asphaltband an d‘Dierfchen duckt sech an en enken Dall.’ (Carlo Hemmer, 1970ger!) Weider heescht et iwwer de gewellte Bësch ‘ragen die Areler Kierchtürme in den Dunst’. Duerno lueft en de Park, de spatze Kierchtuerm vun Nidderkolpech, hire Barockmobilier an d‘14 Wopen, déi Heraldiker intresséieren däerften. - Al an nei Bicher invitéieren d‘Lieser op stëll Pied, Stroosse mat wéineg Traffik a bei remarquabel kënschtleresch Kuriositéiten. Aktuelles dann: den 1.1.2017 sinn zu Uewerkolpech 247 Awunner notéiert an zu Nidderkolpech 95. Béid leien un der Grenz vun Éislek a Guttland. 1843 erwähnt en aperçu géologique Trias Formatiounen, déi d‘Couche vun der Lee laanscht eng imaginär Sträif vun Uewerkolpech bis Schockweiler an Habbay iwwerlageren.

D‘rout Wopeschëld am Eller Gemengewopen sengem Mëttelfeld erënnert e un de Sceau de Thielman de Colpach vu 1411 (laut Archiv vu Guirsch). D‘Kräiz mat Ankerspëtzen an de ‘chevron’ - d‘Daachspëtz - si wahrscheinlech vum Ritter Jean d‘Ell, dem Prévot d‘Arlon ëm 1383. D‘hei ernimmte Seigneurie vun Ell a Kolpech (wou zäitweileg di Useldenger d‘Soen haten) hunn d‘Motiver inspiréiert. Nach intressant war d‘Famille de Bergh, d‘Häre vum 15. bis 17. Joerhonnert. Erausgegraff vun deemols: Theodore ou Diederich de Bergh, Seigneur de Colpach-bas an de 1560ger an 70ger - an d‘Notiz, dass d‘Graf vum 1635 verstuerwenen Hartard de Berg, Seigneur de Colpach, Châtillon et Vance, de Wope vu Kolpech opweist! (Eng Dame Marguerite de Bergh de Colpach figuréiert am zweete ‘registre du livre d'or de la noblesse de France’.) - Wat an der Lokalgeschicht feelt ass ‘tout ce qui est passé à travers le tamis du temps.’ (Pierre Frieden, 1989 gesot bei 25 Joer Règne vum Grand-Duc Jean.) D‘Ferraris Kaart schreift Ober Colbach an Nider Colbach an 2 Wierder an zougehéireg zum Poramt 16! D‘Zesummenhäng vun de separaten Dierfer hirem Toponym komme wahrscheinlech duerch mëttelalterlech Besëtzernimm oder eng ural Beschreiwung vum Areal. Wichteg ass drun z‘erënneren, dass keng Grenz hei bestoung bis an d‘Mëtt vum 19. Joerhonnert.

Uewerkoulpich, wéi et lokal heescht, huet keng Kierch. Fir seng Awunner hat déi stilvoll Nidderkoulpicher aus der Epoch vun der Maria Theresia eng oppen Dir. Wéi eist Land seng gréisser Dimensioun verluer hat gouf Nouthomb 1839 zum Grand-Duché gerechent, mä goung dann 1843 un d‘Belsch. Laanscht d’Grenz an tëscht den dräi Dierfer Colpach-bas, Colpach-haut a Kleng-Elchert ass eng Denivellatioun vun 184m op enger Distanz vun 4,5km ‘vol d’oiseau’. Een Här aus der Mayrischstross vun Uewerkolpech a Spezialist vu Grenzmaarke mat engem ‘oeil pour les détails et une passion pour les recherches’ huet dës dokumentéiert. Säi Buch (vun 2012) koum an 3. Oploh eraus a weist säi private Modell aus Blech mat der imaginärer Nummer LB 138a (ronn 400m vun der Grenz op 304 m Héicht.) Säitlech vum Duerf stinn zënter 1843 d’original Nummeren 138 bis 141 aus Goss mam 16 mol 30 cm grousse Blason. Hiren Transport geschouch natierlech mam Päerdswon, an d’Opstellung ouni Kran mat vill Energie, Force an ‘huile de bras.’ (Jos Goergen).

Den Emile Mayrisch hat 1917 d’Propriétéit vu Kolpech vum Baron de Wykersloot vu Guirsch kaaft a vum SosthèneWeis renovéiere gelooss. D‘Nimm vum grousse Bienfaiteur an senger Madame bleiwen net nëmmen an der Kolpecher Géigend onvergiess. ‘t gouf heirëmmer allerdéngs tëscht 1908 an 1955 en Exode an d‘gréisser Stied. An der Gemeng sollt soulaang keen Haus gebaut ginn, (La Voix, Marion Bur)‚ ‘t war do en ‘immobilisme total.’ (Henri Leyder) Duerch de Bus op Déifferdeng (vu Bieberech, via Ell) koum eng besser Liewensqualitéit. De ‘cadre verdoyant’ an net ze héich Bauplazepräiser zéien haut Leit un. Ell hat als Gemeng 2007 am ganzen 20 exploitations agricoles, (d‘Wuert fir modern Bauerebetriber) opweises. Bei der fréierer privater Molkerei A. Klein vun Uewerkolpech (mam Datum 1796 iwwer der Hausdir) louch d‘Betounung op ‘Beurre Crème extra fin - sans manipulation des mains.’ Dem François Kalmes, (mécanicien et constructeur de machines agricoles à Obercolpach) säin Atelier ass 1910 dokumentéiert op Industries.lu. D‘aktuell Alterspyramid weist dass zu Colpach-Haut bei 247 Leit vill 35 - 60järeger déi 45 - 50järeg entouréieren. De lokalen CDJ Kolpech – de Club des Jeunes a seng Frënn approuvéiere secherlech dem Marcel Achard säi Saz "Le bonheur, c'est la somme de tous les malheurs qu'on n'a pas."

P.S. Via ondatéiert hauseege Postkaart (mat entête ‘Souvenir de Colpach-Haut’) freet de Besëtzer vun der ‘Gastwirtschaft’ a Brennerei Klein-Weynandt ee Mr. Grein a Sütterlinschrëft him ‘am Montag vom Even in Redingen 100 Kilo Gerste mitzubringen!’ (François Mersch, Luxemburg – so wie es war.) Weltwäit gëtt et just ‘eine Platz mit dem Namen Obercolpach’ an dës läit 34km vu Veianen a vu Beetebuerg, 5 vu Réiden a 37 vun Diddeleng. Net just d‘Uewer- an Nidderkolpecher Leit däerfte gespaant op den TV Movie ‘La foire’ vun 1977 mam Curd Jürgens an der Roll vum Alexis B. gewaard hunn. D’relativ extravagant Comédie (v. Pierre Viallet) hat ëmmerhin Koulpich als Kuliss an den Tun Deutsch d‘Roll vum Chauffeur. Kaum bekanntes: D‘‘boards.ancestry’ presentéieren ë.a. de William Gibson Bartholome, M.D., (professor of pediatrics, University of Kansas Medical School) als Nokomme vum Uewerkolpecher Nicholas Bartholome. (*1834) Wären dëst net Theme fir d‘geselleg Ronnen am „Café du Château”?