Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerkuer

D’Gemeng Déifferdeng besteet geographesch gekuckt aus de Lokalitéiten Uewerkuer mam Quartier Fousbann, Nidderkuer a Lasauvage. Uewerkuer steet am Telefonsbuch bei Déifferdeng an béid sinn zesummegewuess. D'Kuer oder Chiers entspréngt hei aus 13 Quellen am Schied vum Ronnebierg. Se leeft dann a westlech Richtung, zu Rodange iwwer d’franséisch Grenz duerch Longuyon, mécht bei Torgny kuerz d'Grenz mat der Belsch a fléisst weider laanscht Montmédy an hanner Carignan no +- 122 km an d‘Meuse.... Hire Numm geet wahrscheinlech zréck op Kor oder dat viirkeltescht Kara wat Steinbach bedeit. Wéi Enn de 1920ger zu Uewerkuer nieft si d’Footballfeld koum… hun d' Spiller sech nom Match an hirem Waasser erfrëscht.

A fréieren Zäite war Uewerkuer mat Déifferdeng, Nidderkuer, Lasauvage an dem Haff Osterborn, haut "Scheierhaff‘ eng Por. Bis an d’17. an 18. Jh. haten och nach Hussigny, Godbrange, an d’Schlass ‚Sassenheim‘, also Suessem, dozou gezielt. Am  Abrëll 1237  hat  den Alexandre, Seigneur de Soleuvre, an der Comtesse Ermesinde hirer Stader Kapell den «droit de patronage vun der ‘église de Kar’, wat fir ‚Oberkorn‘ gemengt ass, un d’Déifferdenger Abtei ginn. Uewer- a Nidderkuer kruten  zwëschen 1245 an 1250  hir Fräiheetsbréif. Bis an d’18. Joerhonnert eran hu béid Kuer-Uertschafte mat Déifferdeng zum Héichgeriicht Zolwer gezielt. Déifferdeng war sécherlech méi grouss wéi Uewerkuer. De Porsëtz sollt spéider awer op Uewerkuer kommen, well dëst méi héich louch, heescht  et… a well de Nopeschuert schonn d’Abteikierch hat. Di éischt erwähnten Uewerkuerer Porkierch war kleng, mat Stréi gedeckt an äermlech. Di al Uertshänseleien: 'Uewerkor, Puewerkor - Nidderkor, Miserikor – Déifferdang, rien dëdang' schéngen net aus der Loft gegraf - se weisen allerdéngs Humor beim Erfanne vun neie Begrëffer.

Eng  gréisser Kierch gouf 1729 gebaut, hire Kierchtuerm vu 1738 steet nach haut... En ass mat den hellen Haasteng eng ästhetesch Zier vum Bau a mat der Klackestuff an der Auer net ausschliisslech en Zweckbau. D’Schëff gouf 1911-12 erweidert an ass dem jugendlechen Diakon Stefanus geweit. D’Buch mat de ‘Greef–Wierker' ernimmt de 17 jäerege Pierre Greef, (dee mat 28 gestuerwen ass,) säi Brudder Nicolas a säi Papp, déi ewell 1726 a ‘27 un den ‚Obercorner‘ Säitenaltär geschafft hunn. Et weist och d’Statue vu St. Joachim an der hl. Anna, béid mat engem Buch als Attribut, an de Niklos- a Muttergottesaltor an enger diskreter Polychromie. De Priedegtstull an d’säitlech Altär si nach do. Den Ensembel vu nei an al passt gutt an dëse vaste Raum, deem seng Fënschtere vun 1900, 1955 an 1997 datéieren. Intressantes nach: 1807 gouf an der Gemeng Déifferdeng an dräi Schoul-Raim  ënnerriicht, ‘t war een an all Uertschaft an der Wunnecht vum ‘Schoulmeeschter’. De Kaploun hat zu Déifferdeng d'Aufgab 120 Schüler z'ënnerriichten. Liese léieren eleng huet pro Mount 0,30 Frang kascht, an Liesen a Schreiwen dat Duebelt. 

Den  Uewerkuerer Park nieft an hannert der Kierch a Richtung Centre Noppeney gouf am Hierscht 2011 nei aménagéiert mat  27 Uebstbeem, zwou Spillplazen an dem Projet Schof heihin ze setzen. D’Expo du ‘Centenaire’ fir 100 Joer Stad Déifferdeng war hei am fréiere Waasser-Reservoir ‘um Rattem’ …dee vu 1912 bis Mëtt de 1990ger Uewerkuer a Fousbann mat Waasser versuergt hat. D’ ënnerierdesch Hal krut also 2008 e Revival als Konschtgalerie a nennt sech natierlech ‘Espace H 2 O! An hiren 2.000 Metercarré kënne Visiteure mat Konscht dialogéieren.

P.S.  Nach ze soen: d’Uewerkuerer Gare (op der Streck Esch-Péiteng) war 1873 ageweit ginn an ass no 112 Joer nees verschwonnen. An firwat d‘Chiers (an alen Dokumenter Chières) net zum Baseng vun der Musel gehéiert, erkläert dëst: d’ Waasserschäd, di Zouflëss vu Rhäin a Meuse deelt, verleeft vum ‘Bois d’Athus’ iwwer Bascharage, den Zolverknapp an iwwer de Gaalgebierg bei Bieles. Schlussendlech begéinen Musel a Meuse sech am Rhäin-Meuse-Delta bei Rotterdam! “Eng Baach weess net, wa se d’Grenz passéiert, Beem a Gras gläichen sech hei an do, d’Waasser ass iwwerall doheem’ mengt de Raymond Clement philosophesch...