Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Uewerfeelen

Op Pällemsonndeg vum Joër 963 hat den Ardennergrof Siegfried mam Klouschter Sankt Maximin vun Tréier en Tausch gemat: Géigeleeschtung fir seng Lännereie beim haitege Feelen war d'Kastell mam Numm „Lucilinburhuc" um Bock. Dës Plaz sollt d'Wéi vun eisem Land ginn a krut spéider de Bäinumm "Gibraltar des Nordens". De Siegfried war Papp vu 4 Diechter a 6 Filsen (vun deenen eng Äbtissin, eng Keeserin an zwee Bëschof goufen an dräi de Grofentitel haten.) Als Laien-Abt vun Iechternach konnt hie sech no 972 iwwer der Abtei-Schoul hir ‘führend Stellung’ an der Buchkonscht freeën. Scho 70 Joer virun sengem Handel hat den ostfränkesche Kinneck Arnulf vu Viulnia oder Feelen geschwat. De Louis Dieudonné Joseph Dewez zitéiert 1817 ë. a. am ‘Abrégé de l'histoire belgique’ beim historeschen Tausch d’'terre de Fehellen’ appelé VIULNA. (D’Siegfried-Drama vum Nikolaus Welter setzt deen Tauschakt nom Grof senger Bekanntschaft mam Melusina! Säin Auteur sollt e Faibel hu fir monumental Geschichten.) D'Buch "Feulen 963-1963" erënnert um Duerf seng fréier Zougehéiregkeet zum Dekanat Miersch an Archidiakonat Longuyon.

En Dokument vun 1140 confirméiert d'Rechter vu Sankt Maximäin iwwer seng Kultplaz zu Feelen. (Den ale Verwëllefsschlussstee mam Bier als Patren-Ofzeechen ass e bekannten Attribut vum Tréierer Bëschof.) Tëscht Uewer- an Nidderfeelen läit den zwee Uertsdeeler hir Mammekierch op dem Feld beim "Kehmen" (wat op e Réimerwee hindeit.) D‘Schalllächer vum massiven Tuerm aus dem 12. oder 13. Jh. hu spéitromanesch Stilelementer. Verglach mam 1726 gebaute Kiercheschëff ass e relativ niddereg (vläicht... well ugepasst un d‘fréier Bausubstanz oder aus Käschtegrënn?) Seng Mauere sinn ënne vill méi déck wéi uewen, a roude Mäerzeger Sandsteen encadréiert d’Fënsteren. Am Kiercheraum fällt de gekréinten Adler mat zwee Käpp op an de 1717 datéierten Dafsteen. D‘fréier Eligius Kapell bei der Entrée gouf 1730 an e Virraum mat barockem Portal an korinthesche Kapitellen integréiert. 1880 sollt eng gerënnten Apsis de Bau no Osten hi verlängeren. Bannen iwwerrascht d‘Kräizrëppeverwëllef an d‘wuelproportionéiert Andeelung vun de Fënsternischen. Am Antependium impressionéiert d’Daafzeen am Jordan. De renovéierten Altär hire festleche Barock-Glanz sprécht bei villen eng Sensibilitéit fir d’Iwwernatierlecht un. De Priedegtstull vum Baschtnecher Skulpteur J.G. Scholtus distinguéiert sech duerch wäertvoll Relieffe mat de Kierchelehrer Ambrosius, Hieronimus, Augustinus a Gregor, vun deenen déi zwee lescht op eiser Timbere koumen. (Priedegte goufen am 18. Joerhonnert Virschrëft, du kruten d'Kierchen eng "Kanzel" a Bänken! Virdrun stoungen d‘Leit am Raum oder goungen hin an hier, hu geschwat oder gefëmmt. (Norbert Thill)

D'Bicher vun eise schéinste Beem weisen zwou Lannen, déi mat gutt 32 Meter Héicht mam Uewerfeelener Kierchtuerm rivaliséieren. D'Kierch an d'Lannebeem stinn haut ënner Denkmalschutz. D'nei Uergel mat den 930 Päife gëtt estiméiert an hat de Regionaldeche Gust Weis am Juni 2003 inspiréiert zum schéine Saz "Mer dierfen eise Glawen un dat Schéint a Gutt net verléieren, 't ass Synonym vu Gott – an zum Schéine gehéiren och Gesank an Uergelspill!" D’Chorale Ste Cécile hat 2007 hiren 30. Anniversaire. Mä ‘t goufen hei schonn 1864 Kierchesänger. Deemols stoung den "Hennesbau" grad emol 37 Joer. No dësem dräistäckegen haitegen Nidderfeelener Kulturzentrum mam Musée iwwer ländlech Architektur ass eng Strooss benannt. (Text deels aus de ‘Kierchtuermscauserien’ vun 2008) D’stëmmungsvoll restauréiert Antoniuskapell aus de 1750ger läit am Uewerfeelener Duerfzentrum. Hir stilvoll Statue vum M. Weiler vun Ettelbréck an hir iwwer Eck gestalte Klackekummer mat Tuermspëtz hunn ewell vill gesin.

E Bléckfank a ‘reflet de prospérité‘ si verschidden iwwer 200 jäereg lokal Barockhaiser, (e markant Eckhaus am ieweschten Deel an 2 grouss Häff am ënneschten.) (Krantz-Quintus) Am Éislek waren hir Maueren méi deck an hire Grondrëss dacks méi kleng wéi bei deenen am Gutland. Mä d’Leit hate grad wéi do de Besoin am eegenen Haus ze liewen. Der Gemeng hirt ’Wopendéier‘ säit 1980, de medievale schwaarze Wandhond, steet fir Charakteren déi riicht op en Zil lass ginn. De Guillaume de Feulen hat en 1368 als Sigel. Seng Famillje war Vasall vun de Buerschter. (Net ze vergiessen, kuerz virun 1294 gouf eng Duechter aus deem Haus dem adlegen ‘Hue vu Feelen’ d’Jowuert.) Déi dräi rout Séirouseblieder weisen hin op dee Lien an op d’schéin Natur ëm d’Feel an d’Waark. Dës Baache gesouchen um ‘Virowend’ vum Zweete Weltkrich, den 2. Abrëll 1940, zwee franséisch Offizéier bei Uewerfeelen noutlanden. D’Ettelbrecker Dokteren Marx an Huberty haten de Chauffer vum zweeten, den Tony Hientgen, chargéiert d’Piloten heemlech iwwer d’franséisch Grenz ze bréngen. Am Vergläich mat fréier kritt d’Lag vun der Uertschaft haut muunche Luef, d.h. s’ass no beim Naturpark Uewersauer a bei der Nordstad.

P.S. 1766 waren zu Uewerfeelen 26 Menagen an zu Nidderfeelen 40. Dat Zweet, am 19. Jh. ‘Feulen-Bas’, hat ëmmer vill méi Awunner wéi säi Pendant ‘Feulen-Haut’. Mä dëst spillt keng Roll am Veräinsliewen, do existéiert z.B. eng kulturell Associatioun mam Numm “Déi Jonk vu gëschter”. Vun hinnen erënneren sech eenzelner sécher nach un d’lokal Telefonscabine. Eng ondatéiert eeler Brochure ‘Le Luxembourg a Pied Et a Velo’ betount, dass Uewerfeelen där eng hat, mä kee Café a kee Geschäft. – Eng Wuertanalyse iwwersetzt d’flämescht Wuert ‘feulen’ mat Folen. Theorien iwwer Uertsnimm gëtt et vill, mä Zesummenhäng vun ale Saachen an zäitlechen Evenementer bleiwe geheimnisvoll. De Sproch ’'t mengt än du wärs zu Fälen (oder Fäler) op d'Welt komm’ baséiert op e Wuertspill (op d’Äenlechkeet vu Fälen a Feeler.) Dëse krut oder kritt een ze héieren, dee regelméisseg schlecht Aarbechten ausféiert.