Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rued (Ell)

D‘imaginär Ligne déi d’Guttland vum Éislek trennt geet relativ genee vu Rued bei Lannen op Roth un der Our. Ënner der geologescher Grenz vum 295 Awunner groussen Duerf leien Uebstgäerd a Weesfelder - nërdlech vun den Haiser war hei Broochland mat Gënz an Heedekraut bis d‘Thomasschlaack do war. Rued kuckt vun der Héicht erof op Lannen an d‘Koulbich, déi ëstlech vu Flatzbur entspréngt an ënnerwee d'Rennbaach ophëllt. Duerch e schmuelen Dall leeft se no 12 km mat ronn 225m Gefäll laanscht Kleng-Elcher, Uewer- an Nidderkolpech an d'Atert. Allerlee Fossilien a Muschelkallek sollen hei Hiweiser sinn op d’Nordküst vun engem flaachen Triasmier, dat d‘Ardennen am Erdmëttelalter wuel groussendeels iwwerragt hunn. (Buch: Legendewee.) ‘t gouf dunn nieft Insekten ouni Flillecken a risege Reptilien immens vill Onerfuerschtes. En Zäitspronk an e Saz vum Einstein féieren zréck un d’Grenz vun eisem Éislek – an do wéi iwwerall ass dat Wichtegst ‘daß man nicht aufhört zu fragen.

No engem kulturelle Ginn an Huelen ënner Réimer an Treverer haten d’Franken am 10. Jh. e Besoin no méi Aackerland. Se hu Bëscher ëmgehaen, wat Duerfnimm mat Endunge scheid, holz oder rod erkläert. D‘Réimer haten aus strategesche Grënn d’Héichte gär; Plazen ‘Hedhaiser‘ erënneren un hirer Nidderloossungen, vun hei hate se z.B. Arel ënner Kontroll! (Haut gesäit ee bei schéinem Wieder d’Héichhaiser vum Kierchbierg…) Fréier louch emol nobäi op ‘Mollebur’ eng Buerg an dat am drëssegjäerege Krich 1635 verloossend an net méi opgebauten Duerf Hülschent. (Brutal Zaldoten, Hongersnout, onéierlech Händler an d‘Pescht haten d’Leit verdriwwen.) Eng Legend douzou bedeckt e geheimnisvolle Voile. (J. Frisch, ‘Legendewee’). D’selwecht Quell zitéiert ee beim Inspizéiere vum réimesche Steenaltor um Kierfech vu Lannen notéierte Saz vum A. Wiltheim vu 1650: ‘Aput Rodt, versus Useldingen, rudera vidi’ - ‘in Rood Richtung Useldingen sah ich Ruinen.’ D’Duerf Rued hat 1798 ë. a. mat Notumb, Osperen, Nagern a Lannen zur Gemeng Rammerech gehéiert - an nom relevé vun 1848 mat 268 Leit zou där Eller. D’no belsch Gemeng Attert beschreift hir Identitéit als ’fruit d’un «bouillon de culture» - wat och bei eis stëmmt. Detailler iwwer den 1849 zu Rued/Réiden gebuerne William, Joseph, Frantz (deem säi Papp Schouster war an 1867 an Amerika goung) schlummeren a weltwäite Webarchiven.

Déi gutt ënnerhale Kapell Ruedt/Lannen ass eng vun eisen iwwer 450 Kierchen a Kapellen. Se huet eng Helleg Kräiz Reliquie a steet ënner hirem Schutz, hirt Fest ass dat éischt am Huewermount. De Bau huet d‘Entrée am Tuerm an 10 Fënstre mat Rautemuster a Motiver, z.B. d’Däerekroun (Zanter, v. ë. 1950.) Säi Verwëllef droen apaart visibel Dunnen, seng Altär gedréite Sailen. D‘Chorale Rued/Lannen hat 1998 hiren 100. Anniversaire, se krut 1904 wéi anerer och e Subsid vu 25 Frang an trëtt haut op mat där vun Ell. An d‘1854 erbaute Porhaus koumen dräi attraktiv Sozialwunnengen hanner d’schéin erhale Fassad. Lëtzebuerg ënnerstoung bei sengem Bau vun 1840 net méi der Diözes Namur, mä engem eegene Vicaire Apostolique. - Aus der Distanz gekuckt schléisst ‘die lebhafte Silhouette mit der weissschimmernden, spitztürmigen Kirche’ dem Héichtenuert Rued säin Horizont of. (Carlo Hemmer, 1970ger.) Dee mat Leeën agekleedte Kierchtuerm kuckt op de Kierfech erof. Eng hei speziell Riedensaart ‘hien as vum Rued, mir ginn zum Rued‘ gëtt et nachemol, ‘t heescht laut Engelmann ‘se wunnen um Houltz’. Dës weist e Lien zur facetteräicher lokaler Entwecklungsgeschicht, ouni déi de Grand-Duché net komplett wär!

Wéi fir d‘ganz Grenzregioun bestoung och fir Klengelcher, Ell a Rued säit 1891 eng Conventioun fir ustiechend Krankheeten ofzewieren. D‘Doktere sollten Symptome vun ë. a. Cholera, Typhus a Scharlach beim lokale Buergermeeschter an dem kantonale Medeziner melden. (Tarifer vun Dokteschvisite mat ‘Rapport et Pansement’ louchen deemols bei 7,50 Fr., déi vum Veterinär bei 5 Fr.) Dëst a villes méi iwwer d’Heelkonscht beschreift der ‘Société des Sciences Médicales du Grand-Duché de Luxembourg’ hire Bulletin vun 1899. Ëm d‘Joerhonnertwenn koum den 1873 hei gebuerene Jean Roeder no senge Studium aus England zréck. Hien hat do de ‘Football’ entdeckt an gesouch doran en noutwennege kierperlechen Training. Geschwënn drop gouf mat adäquate Schong geübt an am Dezember 1906 zu Esch den éischte Veräin, d’FOLA, gegrënnt. - Konnt den Haflinger Haff Kauffmann vu Rued/Réiden 2005 un der Haflingerweltausstellung zu Ebbs/Tiroul deelhuelen, ass dat e Luef fir seng Päerdszuucht. Hir edelst Déieren hunn Nimm wéi Wild Spirit, Apollo a Baghira. En ale Wieder-Sproch leed iwwer zur Landwiertschaft. Et heescht doran ‘Gehaansdag hält d’Huewer Rot, ob se gutt soll ginn!’ 1990 hat d’Gemeng Ell nach 41 Bauerebetriber. Si gounge wuel zréck mä hir Notzfläch blouf. Um Bio Haff Weis fënnt ee säit 2003 Poulet an Schwéngefleesch mam Label vum Bauerenhaff op den Dësch’.

P.S. ‘Do wou vru laanger Zäit en äerdege Mënscheschlag den éischte Bësch geha, d’Gewan ge’uer an iwwer d’Baach e Stee geschlou... huet op dem Bock ee Grof eng starek Buerg gebaut; an dee Mënscheschlag huet zéi dee Këpp, dat Land, déi Stad mat Léift schéi gemat...’ (Tit Schroeder.) Mëtt September 2014 huet d'Gemeng Ell de Mulchpad am Oenneschte Bësch zu Rued ageweit - mä en zweete Pad ass néideg fir sécher vum Duerfkär bei deen éischten ze kommen. De lokale Spuerveräin organiséiert niewebäi Duerffester… a soss? ‘t heescht hei d‘richteg ‘Rieder’ kenne kee schlecht Wieder... An de Kalbassen-Ziichter Christian Hahn huet Record-Recolten: ëm 100 Zorten op 4 Ha. Eng Leeschtong! Mä d‘Demande depasséiert 100.000 Kürbissen. - ‘Et si Klengegkeeten, déi d‘Perfektioun ausman, mä Perfektioun ass alles aneres wéi eng Klengegkeet.’ (Frederick Henry Royce, mam Charles Stuart Rolls 1906 Grënner vu Rolls-Royce.)