Ell
D' Duerf Ell zielt 446 Awunner, läit um Rand vum Éislek a war ewell an der Eisenzäit bewunnt. 1996 hat der Société Préhistorique hire Bulletin nr.18 Siedlungsreschter hei "op dem Schank" ernimmt, also laang ir d’Kartographie bestoung an d’Landschaften a Flëss opgezeechent goufen. Ell krut säin Numm vermuttlech vun enger Waasserbuerg, déi wi eng Insel vu Waasser ëmgi war. (El housch op keltesch Insel!) D‘Duerfbaach, déi vum Kaalebur hir kënnt, war eng zäitlaang ënner der Haaptstrooss kanaliséiert. Se gouf no enger staarker Iwwerschwemmung 1998 streckeweis am Uertszentrum nees fräigeluet a fléisst elo duerch en nei aménagéierte Weier, wat verbessert Kaarte weisen, an duerno an d‘Atert.
Vun Ell, sengem "Härenhaus" vum Typ Waasserbuerg an sengem Här Theoderich gouf 1156 am Rapport mat dem Sterpenicher a Simmer Adel geschriwwen. D'Haus war 1453 vun de Burgunder zerstéiert ginn... nees opgebaut, an krut verschidde Proprietairen. De Roger Bour, en ‘amoureux de la vielle muraille‘, nennt do z.B. de Sire Guillaume d‘Enscherange, deen et 1655 un den Industriel Lambert Marchant verkaaft hat. Eng Tak am Schlass aus Zäite vun den Aansebuerger Hären dréit dës Joreszuel. D'aktuellt herrschaftlecht Gutt mécht haut mat senge villen Ecken ëm de geräimege Bannenhaff eng wuelproportionnéiert Impressioun. ‘t huet e Wopen iwwer der Entrée vun der Famill de Marchant vun Aansebuerg, eng geräimeg Kichen an deels verwëlleft Wunnräim. Eng stenge Bréck ersätzt d'fréier Zuchbréck, d'gutt 6 m héich Waassergrief sinn ewell laang opgefëllt. Säi rouden Ustrach ass typesch fir d'Géigend; eng no Gewan heescht net zoufälleg ‘Roudebierg‘.. D’Réngmauer huet nach erkennbar Schéissschaarten. De Beréng hat emol der Madame Munkasky–Papier gehéiert, déi am éischte Mariage mam Baron de Marches bestued war. En ass säit 1915 Privatbesëtz an als château-ferme e Stéck kulturellen Ierwen.
Der Eller Kierch hir Virgängerin gouf 1881 ewächgerappt, den Devis fir di nei war 25.000 Frang, mä sollt an 3 Joer op ronn 39.600 F eropklammen. Vru kuerzem gouf se baussen a bannen restauréiert a gelueft: D‘erhalenswäert Bausubstanz stilgerecht ze renovéiere war eng ‘goldrichteg Entscheedung.’ (G. Calteux). D‘Aarbechten hat deels d‘nei Uergel mat sech bruet. D'6 Tonne schwéiert Instrument vun 2001 mat den 30 Regester war e Problem fir den alen Duxsall... D'Säitenaltär sinn neierdéngs ewäch, Statue stinn an hirer Plaz. Den hl. Rochus, de Patréiner, kënnt fir d'Kiermes vum Paschtoueschhaus an d'Kierch. Ell huet elo seng zwee 1,56 m grouss an iwwer 400 järeg Grafstäng aus der aler Kierch beim Dafsteen opgestallt. Se weisen eng Ritterfigur an eng Edeldamm a Wopen vun Äischer, Ell an der Fiels - an ënner aanrem och en Hond. Spezialisten erkennen an hinnen den Bernard vun Äischer an d‘Anna vun Hondeleng zu Ell. (De Bernard war 1574 duerch säi Mariage Här zu Ell ginn. Der Anna hir Falen am Kleed weisen, dass d'Monument konzipéiert war ze stoen.. (Jo Kohn)). Zimmlech al sinn och d‘Beichtstill an de Priedegstull. D'Statioune sinn aus Terrakotta, d’Kierchefënstren vum Jakob Schwarzkopf, vu 1953, presentéiere jiddereng zwou Figuren oder 2 Gruppe „Musizierende Engel“.
De Club des Jeunes vun Ell besteet säit 1967. Beim 50. Anniversaire vum Krichsenn haten e puer Jonker Temoignage gesammelt fir 1997 en éischt Buch “Wéi eng Jugend de Krich erliewt huet“. Ell a Réiden waren 1944 de 9. September owens vun de Amerikaner liberéiert ginn… nodeem hir Trupp Arel ëmgaangen hat! (Buch Colonel Melchers). En nächste Buch-Projet (vum Georges Ewen) gouf ënnerstëtzt vun der Gemeng, dem europäesche ‘Programm communautaire Jeunesse‘, dem ‘Fonds culturel national‘ an Unterrichts- a Jugendministère. Op 560 Säite beriicht ënner aanren de Groußherzog Jean seng Krichserliewnësser vun der Flucht 1940, dem Openthalt an den USA, Kanada a Groussbritannien a vu sengem Heemkommen. “Eng kleng Natioun erzielt“ erënnert u leedvoll Krichsjoren a sprécht duerch eng modern Opmaachung d‘eeler Generatioun an déi Jonk un. - Ell ass ee vun deene stolzen Gemengenzentren an Ecker am Land, dee vläicht manner Tourismus unzitt, mä Natur pur an e gefleegten Duerfkär huet. Säit 2005 ass do am technesch moderniséierte fréiere Schoulhaus d’Gemeng. D’neit beispillhaft Energiespuer-Schoulgebäi heescht “am Fräschepillchen“ an hei gëtt Ellteren am Numm vun der Elterevereenegung gewollt mat 2 ‘l’ geschriwwen..
P.S. Am Band zwee vun der Serie ‘D’Gemeng Ell an der aler Zäit“ mam Titel “Ell, fir d’éischt“ presentéiert de Romain Gaspar al Haiser an léisst Hausnimm erëm opbléien. (D’Buch iwwer „Kleng-Elchert“ ass ewell do, eent vu Koulbich ass virgesinn an da geet d’Rei mat Ell virun… dat an der aler Zäit, d.h. 1848 ëmmerhin 568 Awunner hat!) Och kuerz Duerfnimm kënnen eng laang Geschicht verstoppen; d’renovéiert ’Groussméchelshaus’ besteet beispillsweis iwwer 300 Joer. Nach e leschten Detail: fir 70 Joer Engagement an der Kierch, iwwer 60 als Organist a seng laangjäreg Memberschaft am Kierchechouer krut den Aloyse Godelet, e rüstigen a begeescherte Sänger, ewell d'Pius-Goldplakett an eng Ikone vun der hl. Caecilia. Him war nämlech ni eng Stonn ze fréi oder ze spéit.