Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Kolpech

Kolpech ass e friddlecht ofgeleeënt Duerf, ideal fir sech dran z'erhuelen. Seng Wisen, Beem an de Kierchtuerm hunn de Moler Munkácsy dacks a senger 20 Joer laanger „Kolpecher Period“ inspiréiert. Honnerte vu senge Skizzen rouen an den Alben vun der Ungarescher Nationalgalerie zu Budapest. A säi berühmten idylleschen Tableau vun 1886 mat der Parkentrée, den héije Beem vir lénks, der Koulbich-Baach, enger Wäschfra an am Fong der Kierch ass haut a Privatbesëtz an den USA. Der Göttin vun de Baamfriichten hir prall Statu Pomona koum spéider dohin. Zum soignéierte Park hat den Otto Bartnig d‘poetesch Idee… ‘t 'géifen do an engem huehle Stamm Urwald-dreem schlofen'!

E Bléck an d‘Kolpecher Geschicht weist 2006 hei bei Fouillen Reschter vun enger réimescher Villa an 1222 éischt Akten, déi seng Waasserbuerg ernimmt hunn. Si war wéi d‘mëttelalterlech Niederbuergen vu Grief ëmginn wéi d’Schlässer Ell an Ierwerleng.. an no 1303 vum Nicolas von Gereldingen bewunnt. Se gouf am 14. a 17. Joerhonnert ausgebaut an 100 Joer duerno duerch e barocken Häresëtz ersat. Den haitege lénke Fliggel vum Gebai an de Park stamen aus där Zäit. Dem deemolege Besëtzer von Pfortzheim säi Wopen ass iwwer der Entrée. Seng Duechter hat 1817 de Guirscher Baron de Marches bestued. No hirem Doud huet de Baron eng nei Fra fonnt an der jonker Cécile Papier aus Clausen. (der Duechter vum Geriichts-Schreiwer Charles Papier). Am Mee 1868 krut de Sieur Edouard de Marches de Colpach-Bas d’lëtzebuergesch Nationalitéit. 1870 hat en ëm d’Schlass e Park am ländleche Stil an e Weier mat enger Insel ugeluet. Nom Baron sengem Doud huet d'nei Schlasshärin Cécile den ungaresche Moler Munkáscy bestued (1874). 't koumen duerno Transformatiounen, d.h.en neie Fliggel, d’Veranda an en Tuerm - an 1885 sollt d’Marie-Anne-Cécile Papier der Kierchefabik en Immeubel am Wäert vun 3000 Frang schenken.

Réckbleckend goung de Kolpecher Schlassdomaine duerch vill Hänn. Vun do goung Konscht eraus an d'Welt – et koum der awer och vu baussen eran. E war bekannt a konvivial, 1886 war beispillsweis de Franz Liszt do zu Gaascht. D’faméis "écrevisse-recette" aus der Schlasskichen sollt deemols d’nei "ferme auberge"an der Gaichel ierwen. Wéi 1917 den Emile Mayrisch Kolpech iwwerholl huet, gouf d'Haus vum Architekt Sosthène Weis erneiert. Säi Park ass reamenagéiert a verschéinert ginn mat Skulpturen vu bedeitende Kënschtler wi Maillol, Bourdelle a Kolbe. Illuster Gäscht hunn do glécklech Deeg a "spiritueller Atmosphär" erlieft. D'Marie Delcourt huet dës beschriwwen als Geescht vun der "nouvelle Europe pacifiée et attachée au respect de sa diversité culturelle." (D’Bibliothéik vum éischte Stack gouf emol als ‘Sanctuaire’ oder ‘lieu de mémoire’ bezeechent.) Den Här Mayrisch gouf wuel Stolbaron genannt, war awer e grousse Naturfrënd, en hat mam Noper eng gutt Wiss getosch géingt eng ouni Wäert, fir op där Plaz al Eechen ze retten.

D'Duerf Nidderkolpech an d’Kierch encadréiren d'Schlass, dat haut als Fondatioun vun der Croix- Rouge geréiert gëtt. De spéitgotesche Kierchebau ass aus der Epoch vun der Maria Theresia, no Pläng vun engem éisträicheschen Architekt. E leschte Fils vun de Pforzheimer war Geeschtlechen an hat Deeler dovu finanzéiert. Hiren edele Barock-Mobilier, d‘Härestill am Chouer an d‘14 Wope sinn al, ee Säitenaltor dréit den Datum 1712. De polychroméierte Priedegstull mat den Evangelisten, d'ugepasste Beichtstill an d'hëlze Boiserie ginn dem Ensembel e waarme Charakter. D'figurativ Fënstre si vun ëm 1883. An enger Nische iwwer der Entrée waacht eng verwittert Statu vum hl. Andreas, dem Kierchepatréiner. Den Här Mayrisch hat sengerzäit d'Kierch schéi mole gelooss, mä dës Freske goufe spéider iwwerstrach; 't existéiren just nach Fotoën dervun. D‘Nimm vum grousse Bienfaiteur an der Madame Mayrisch bleiwen net nëmmen an der Kolpecher Géigend onvergiess, d’Madame Aline hat 1947 der Croix-Rouge hire Beréng vermat. (Kierchtuermscauserien, 2005)

P.S. Nidder- an Uewerkolpech si bal zesummegewuess; dat zweet huet ëm dräimol souvill Awunner wéi dat éischt an hat fréier eng privat Molkerei. Béid leien do wou Guttland an Éislek aneneen iwwer ginn. Am Mëttelalter war eng Kolpecher Buerg als baufälleg ‘masure en la ville Cotlebach la desoutraine’ ernimmt. D’Kaart vum J. Cl. Dezauche mat dem nërdleche Loutrengen weist et 1790 als Colbach, si ass haut nach informativ an hat fréier Bildungswäert. Deen huet och dem Professer Kohnen säi Buch “Munkácsy und Luxemburg “ vun 1984 (.. an d’erweidert 2. Oplo vun 2008.) Nach ze soen: 2002 gouf Kolpech klasséiert als ‘monument national’.