Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hénkel

Vereenzelt Steng am ‘Tréierer Land’ an ee Fiels bei Bernkastel ginn Hinkelstein oder ‘Hinker’ genannt an als al-germanesch Kult Plaz ugesinn. Dës Monolithen spillen och beim Obelix eng Roll; d’Wuert "Hinkelstein" steet 270 mol an der Serie vum Asterix. Ob eis kleng Uertschaft Hénkel un der ‘Ënnersauer’ emol eng vir-keltesch Afferplaz hat… oder ob hire Numm un eng bedeitend Persoun erënnert, wësse mer net. Hir onopfälleg Lag un der klenger Sauerschläif ënnen u Rouspert wierkt einfach ländlech an idyllesch.

Hinkel ,Hénkel, läit am Ënnersauerdall, géigeniwwer vu Wanschdref, dem däitsche Wintersdorf… Et huet 25 Familljen mat 70 Leit, mä keng Kierch… D ‘Giischterklaus ass jo nobäi! An duer an d’Muttergotteskapell aus dem 13. Jh. passt de Saz vum Jules Renard… “In meiner Kirche gibt es kein Gewölbe zwischen mir und dem Himmel.”

Hénkel zielt säit Hierscht 2008 zum Porverband Ënnersauer (mat de Pore Bur, Hieber, Méischduerf, Mompech, Osweiler, Rouspert a Steenem..) Et hat 1867 eng nei Schoul kritt mat staatlechem Subsid vu 400 Fr. ( ...déi haut haut als Schapp déngt ) Ëm 1900 goufen et hei ëmmerhin souguer 120 Awunner! Hénkel huet haut nei Infrastrukturen, eng Mini-Kannerspillplaz, e Centre de Télécommunications, d.h. eng Verdeelerstatioun vun der Post a neierdéngs en offiziellen Uschloss un d’Kläranlag. D’Duerf war laang Deel vun der Gemeng Bur. Wéi déi dann 1829 opgeléist gouf koum et mat Dickweiler a Giischt un d’Gemeng Rouspert., a Bur goung u Mompech. D’Ënneschtdueref läit op 146 m iwwer dem Mier an engem Wénkel vun der Ënnersauer... ganz genee 2,3375 km vu Rouspert... An 23 km laang ass den Ënnersauer-Pad, deen hei passéiert an Iechternach mat Waasserbëlleg verbënnt. Wourun haut kaum nach een denkt: Hénkel huet fréier laang Zäit zum Erzbistum Tréier an zum Amt ‘Welschbillig gehéiert... a net zum lëtzebuergeschen Territoire!

‘Herbstzeitlosen’ heeschen hei ‘Koublumm’ - ‘Päerdswieheren’ ass ‘miweren’ (also bal wéi dat Veianer ‘mëweren’), d ‘Henersedel’ oder -siddel bedeit den Héngerschlag, an Hénkele sinn wéi anerwäerts ‘Jippelcher’. Well d’Päiperlecken hei ‘Millermoler’ heeschen krut och de lokale Kulturhaff op 13, rue de Girsterklaus, dee Numm! Do suergen mol Ausstellungen, mol Bastelcourse fir Distraktioun… an den Haff-Buttek verkeeft regional a biologesch Produkter. Vun him gi guidéiert Promenaden oder Rad Touren bis iwwer d’Grenz eraus organiséiert, z.B. via Rouspert op Ralingen, Metzdorf, an zréck iwwer d’Méischduerfer Fouβgängerbréck a Bur. Hénkel ass liicht z’erreeche mam CFL-Bus Iechternach- Waasserbëlleg- Gréiwemaacher.

De romanteschen Dichter Clemens Brentano hat iwweregens 1837 d’Mäerchen ‘Gockel, Hinckel und Gackeleia’ geschriwwen. Seng débrouillard Haapt-Figuren, de Grof Gockel vun Hanau an seng Fra Hinkel von Hennegau (d‘Gakeleia war d’Duechter..) hunn am Héngerstall vun hirem zerstéierte Schlass iwwerlieft…bei der Klouschterruine St. Wolfgang an Hessen! Dës al Geschicht weist, grad ‘wei dem lokale Kulturhaff säi Numm Millermoler, op kreativ Mënschen hin. Vläicht denkt heirëmmer och emol een sech e ‘Päiperlecks-mäerchen’ aus!

PS. Hei gedeiht - net nëmmen zur Freed vum Millermoler a Pimpampel - e Sammelsurium vun ‘deels submediterrane Planzenaarten, beispillsweis och d’Scilla. An ëm dofteg Blummenoasen danzen Millermoler… wann d’Wollecke sech rar man. En Zitat vum Paul Claudel mengt nämlech ‘Même pour le simple envol d'un papillon… tout le ciel est nécessaire.’