Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hënsdref

Op der Landkaart läit Hënsdref tëscht der Stad a Miersch lénks vun där villbesongener Uelzecht. D’Duerf ass op 226 m, ronn 3 Meter iwwer dem Floss. Der Waasser-Gestioun hir Verwaltung mellt permanent Waasserhéichten; Se hat z.B. mëttwochs den 3.7.2013 owes um zéng tëscht Walfer a Miersch d’Héicht (..oder Déift) vun der Uelzecht mat 110 cm uginn! Dierfer an den Däller gi vun hire Flëss determinéiert; hir fruchtbar Wisen hunn ëmmer schonn Déierenhaltung an Gaardebau begënschtegt. Ëm Walfer a Luerenzweiler ass den Uelzechtdall eppes méi breed, an d’Häng si méi héich. Beim Sonnebierg wiisst dofir excellenten Hënsdrefer Spargel.

E Bléck an d'Geschichtsbicher weist Hënsdref am Joer 853 an engem Schrëftsteck an 867 am Iechternacher Liber Aureus. D’Archiv vu St. Maximäin vun Tréier erwähnt am 12. Jh. Grondbesëtz zu Hünsdorf. Eng Chronik beschreift zwee Personnagë mam Numm Thilman vun Hunsdorf. De Papp war Stadschäffen an herno Parteigänger vum Herzog vu Burgund. De Jong hat ëm 1459 an Zäite vu politeschem Chaos konfiskéiert Gidder zréckverlaangt. (Thilmann war deemols e beléiften Diminutif vun Till an am alfriesesche beispillsweis vun til, "tüchtig", ofgeleet.) D‘Chronik verréit nach, dass ‘zu Lorentzwiler, Blanscheid, an Hunsdorf‘ e Ritter Georg von der Fels Gidder hat an déi 1458 verpfännt hat wéinst Finanzproblemer. Kee Wonner, deemols hat déi Buerg schonn zéng verschidde Proprietären. Dat sougenannten ‘Hunstorffer Haus’ bei der Méchelskierch war allerdéngs ewell 1531 a staatleche Besëtz iwwergaangen. Och 1680 bei der Belagerung vun de Fransousen ass d'Uertschaft mat opgezielt, well d'Leit do drangsaléiert goufen (hir Sot gouf ëmgeplout a Widerstand bestrooft ewéi ënner aanrem och ronderem Walfer, Esch a Bascharage.) D’franséisch Revolutioun huet Changementer bruet, duerno kruten d'Baueren eegent Land. D'Agrikultur a verschidde Berufer, dorënner d‘Kierfmécher, hunn d'Renommée vun den Dierfer weidergedriwwen... Hënsdref war bis den 2.Oktober 1823 als ‚Mairie de Hunsdtreff‘ dokumentéiert. Duerno koum d’Fusioun mat där Luerenzweiler. An hir hunn deemols 1133 Leit gelieft, 50 Joer drop scho 1453 an déi Zuel sollt honnert Joer laang konstant bleiwen. (D’Nimm vum “Département des Forêts“ senge 1795 gesetzlech gegrënnte Mairieën goufen am Februar 1800 ouni d‘Sektioune verzeechent. Dass dësen hir Lëscht Enn August 1823 koum an, dass et tëscht 1846 an 1920 keng Gemengefusioun gouf, ass nozeliesen an enger Newsletter vun eisem nationale Geoportal.)

D‘Duerf mam ländleche Kierchtuerm gehéiert säit 1994 zur Luerenzweiler Por. Virdru war et eng Filial vu Steesel. An dës hat 1803 no der Reorganisatioun véier Vicairen, nieft hierem je een zu Hënsdref, Walfer an zu Heeschdref. Seng relativ modern Kapell ass vum Architekt Robert Leer, se gläicht där aus der Millebaach, déi hien och entworf hat. Hire Grondstee gouf Enn September 1963 geluet. Déi al Kapell vis-à-vis vum Kaplounshaus war dunn ze kleng. De Bau an den Tuerm säitlech mat der Entrée an dem Kräiz hu béid e Suedeldaach. D’Bänke bidde ronn 120 Sëtzplazen, a E Bléckfank am neie Gebai sinn nieft dem Marber Altor den Tabernakel, e moderne Mosaik an d’Fënstere vum Mett Hoffmann. Bei der moderner Konscht stellt sech d’Fro ob dat Reliést an der Duerstellung selwer present ass oder dem Betruechter duerch d’Wierk geeschteg méi no bruet gëtt. Bei der aler Barockstatu vum hl. Hubertus, dem Beschof vu Léck a Kierchepatréiner, ass déi Fro iwwerflësseg.

Soe mer nach, dass kleng Uertschafte säitlech vu grousse Stroossen duerch d’Migratioun vu Mënschen, d’Medien a modern Verkéiersmëttele méi no mat den Zentren zesummewuessen! D'Bedeitung vu Grenzen huet ofgeholl. Trotzdeem bleiwe verschidde Rätsele bestoen. An de Karpaten streiden haut nach Historiker drëm, ob de Numm vun hirem op d’mannst 750 Joer alen „Hunsdorf“ vu Villa Canis ausgeet oder méiglecherweis vun „Hünen“ oder „Hunnen“.

P.S. Einfach Suedeldiech si vun der Form hir ländlech an heefeg. E Suedeldaach om Kierchtuerm gëtt Architekte no e schéint, der Landschaft ugepasstend Bild an heescht an der Schwäiz ‘Käsbissendach’. D’73 km laang Uelzecht, déi eis Nationalhymn säit 1864 veréiwegt, housch beim Goethe Elze. An hirem enken Dall um Fouss vun der Stad hat hien, deen “Ruh- und Sammlungsbedürftigen das willkommenste Asyl” fonnt. Si fléisst duerch d’Guttland vu Süden no Norden, parallel mat där tëscht 1718 a 1733 gebaute Strooss Lëtzebuerg - Ettelbréck. Zur Freed vun de Feldornithologen goufen engem 2002 publizéierte Rapport no hei a ländlecher Isolatioun Zwergdaucher, d.h. "Däichelcher", Fëschräer, Zwergbekassinnen, a vereenzelt Kärebäisser oder sougenannte "Kiischteknäppchercher", Steekauzen a vill grouss Bëschdauwe gesinn an och eng Schlofplaz fir ëm 160 Kormoranen... Am Joer 2005 waren zu Hënsdref oder Héinschdref iwwregens 397 Leit agedroen.