Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Scheedel

Scheedel huet der Scheedelerknupp hiren Numm ginn an kuschelt sech an en Dallhank op ronn 450 Meter. Et läit am ‘Süde vum Héichéislek’ an zielt zur Gemeng Buurschent. ‘t huet grad wéi d‘Giewelsmillen 38 Awunner, mä mat 15 zwee Menage manner wéi dëst. (08.2017) Den CR349, dee vu Waarken an nordwestlecher Richtung biergop op Kiemen féiert - op d‘„Scheitellinie der Höhe’ - iwwerquiert d‘Waark op 10,10 km Längt véiermol a kräizt den CR350 zu Welschent. Deemno wou een zu Scheedel steet huet een eng Vue op Feelen oder op den Härebierg, a wann et ganz kloer ass op d‘Stad, souguer op Cattenom oder d‘Jonglënster Tierm. Kanner vum Héichplateau kommen zënter 1989 am Buurschter Schoulkomplex mat deenen aus dem Dall zesummen. Se ginn zesumme grouss a lues a lues familiär mam Schlassberéng, deen 150 m iwwer der Sauer trount a muunch Seigneure passéiere gesouch.

Den héichgeleeëne Flouer vu Kiemen sollten um Enn vum 3. Jh. Veterane vum Keeser Maximian Herculeus mat Scheedel an Heischent urbar man. (Jean Engling) An duerno leeden d‘Schleise vun der kollektiver Memoire muunch alen Detail net weider. D‘Ferraris-Kaart weist den Hau Scheidel ondäitlech, d‘Kaart huet do e Pli. Regional Säz vun Diplom-Agronome wéi ‘Schofhäerde waren 70% vum Véihbestand an d’Ardennerpäerd vill verbreed a geschätz’ hätte wahrscheinlech och hei gepasst. Se verroden dass z.B. D‘‘Schof méi rentabel ware wéi d‘éisleker Kéi..’ (Dës ware knapp 200 kg schwéier a goufe kaum 1.000 Liter Mëllech pro Joer.) (Vic. Fischbach) Hoffentlech gouf hei 1719 no där grousser Drechend am Wanter kee Stréih vun den Diech verfiddert - a 1720, eng ‘‘année féconde en tremblements de terre, orages, grêles et pluie’ (laut N. van Werweke) blouf hoffentlech ouni gréisserSchied... Réell sinn déi 3 eeler Lannen op der ‘Scheedelerknupp’, se bewaachen en ondatéiert Weekräiz mat Inscriptioun Hermes-Welter, (Buch ‘arbres remarquables’.) Si hunn Charme an als Grupp e ‘besonneschen architektonesche Charakter’.(L. Klein). Websiten ernimmen e Valentin Erdel (born on January 27 1811, in Scheidel, Diekirch, GDL) seng Fra Catherine, born Muller an 1853 e Bernard Erdel - ouni Eenzelheet. D‘Uerdensbridder mat deem Numm sollten eng lokal an international Roll erfëllen!

D’Kapell vu Scheedel steet zentral am Duerf an ass am Kadaster agedroën ënner «Bourscheid, la commune». S‘entstoung am Joer 1862 op Initiative vun de véier Bridder Erdel. Dës hunn als Uerdensbridder Bréiwer aus Frankräich an England un d‘Scheedeler Famill geschéckt mam Wonsch op hir do geierfte Plaz eng ‘Mater Dolorosa’- Kapell ze bauen. Ee vun hinnen hat vu Paräis aus eng Louheck fir den Ënnerhält gestëft. Nom ugangs Februar 1862 verfaasste signéierte Baukontrakt (tëscht dem Welschter Entreprener Betz, dem Peter Klein a Valentin Erdel vu Scheedel) gouf de Réibau tselwécht Joer fäerdeg, ‘t geschouch awer bal näischt bis zur Aweiung am Hierscht 1868 (vum Dikrecher Dechen, ënnerëm Buerschter Paschtouer Holperts.) D'Baukäschte louche bei 3.021,55 Frang, den Transport vum Material haten d‘Awunner iwwerholl. Den einfachen Altor haten zwéi vun den Uerdensbridder bei engem Besuch 1869 gebaut, de spéideren huet eng Kierch aus dem Kanton Réiden spendéiert. Bis 1894 sollt e Massendenger op der Strooss mat der Bömmelchen, enger Handklack, Massen alauden. (Bei d‘1897 mat 250fr Subsid kaafte Klack koum 1906 eng zweet vu Rëmeleng. Wéi dës dann houng krut de Schmatt vu Kiemen d'Bömmelchen als Merci! (Rasqué, Fritz) D'Kapell krut 1933 e Kräizwee. Haut verschéinert all 6 Wochen en Ensembel vu Nopesch-Choralen do d‘Méindes-Mass, an un d‘Famille Erdel erënnert jäerlech eng Stëftung.

An de Lëschte vun de Subside figuréiert Scheedel 1912 mat 100 fr. fir Kulangen aus Pawee unzeleeën (...grad ‘souvill krut Buurschent!) ‘t war duerno do dann fir eng geuerdent Entwässerung laanscht d‘Stroosse gesuergt… D‘Dierfchen hat fréier 2 Baueren, ‘t ass elo nach een Haff do a Betrib a verpacht un e Biobauer. - 1929 sollten an där 1924 gegrënnter Chambre d‘agriculture (www.lwk.lu) d‘Hären J.P Huberty vu Kiemen, (Président), J.-P Lentz vu Steeën an Tony Schmit vu Waarken (Memberen) an de Victor Steichen vu Scheedel (Membre suppléant) fir de Kanton Dikrech d‘Reglement iwwer d‘ ‘Veredelung der Hornvieh- und Schweinerassen‘ examinéieren. Hirt Ziel louch an där Riichtung, déi emol de Kofi Annan recommandéiert hat: Et läit u jidderengem vun eis… ‘de cultiver le meilleur dans sa nature et de lutter contre le pire.’ D‘klengt Duerf huet méi wéi eng Plaz, déi zur Rou invitéiert an den Atelier vun engem lëtzebuergesche Moler. Den Théophile Steffen huet ë. a. aus sengem Entourage de ‚vieux saule‘ gemoolt an ‚Scheidel après l’orage‘ - a gouf als ‘Peintre des silences, des vents et des paysages champêtres’ bezeechent.

P.S. Eng vun de klengsten Uertschaften aus der Gemeng huet Internetpräsenz duerch ‘de-buurschter’ - z.B. am Mee-2015 duerch en Auszug aus der Wander-Kaart ‘Schaedelerknupp —Kiemen’) – ee Joer drop mat der Virschau zur Flèche du Sud: „Auf dem Schlussparcours werden einige nicht schlecht staunen, wenn es zweimal den steilen Anstieg von Welscheid nach Scheidel hoch geht (11,8 Prozent)’’an am Juli 2017 mam Passage vum ‘Rallye du Luxembourg.’ D‘Bichelche vum beléiften «Trollmops» erkläert alle Kanner den ëffentlechen Transport an een dofir ausgeschaffte Gesellschaftsspill léiert jonk Intressente landeswäit verschidden Transportmëttelen ze kombinéiere fir en Ziel méi séier z‘erreechen. (‘de buurschter’ 2014) D‘pittoresk Héichtelandschaft mam wäiten Horizont an den Numm Scheidel hänkt wéi Scheidegg mat Waasserschäd zesummen - och wann d‘Wierderbuch vun de Bridder Grimm dobäi un de ‘Scheitel’ denkt - wat ëmmerhinn och eng Trennligne bedeit.