Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Giischt

Vum ländlechen Aspekt hir zielt d'romantescht Stroossenduerf Giischt zu enger vun eise räichste Regiounen. ‘t läit an engem Hank laanscht den Dall vun der Giischterbaach, 47 km vun der Stad an 10 Minutte vun der Autobunn. 't huet ländlech Gebaier opweises grad wéi nei Haiser an Directioun Hénkel an 2015 goufen do 38 ‘Baulücke’ gezielt. D’Duerf huet nach ee Bauerenhaff, a seng Awunnerzuel variéiert. Se louch 2001 bei 109 Leit, 2007 bei 122 an 10 Joer duerno bei 103. Trotzdeem fannen d‘jong Giischter hir kleng Localitéit ‘daat beschten Duerf der Welt!’ E vun de Pluspunkten: Déi d‘377 ha grouss Bëscher zwëschen Iechternach a Giischt goufe kierzlech als Nationalschutzgebitt proposéiert. (environnement.lu).

Giischt daucht am 13 Jh. op am Dickweiler Kierchesprengel an d‘Ufäng ëm d‘Kapell vun der Giischterklaus falen an d‘Zäit ëm 1270. Bei sengem klenge ‘Fief’ vu Girst hat emol den Elbert vu Clierf d’Juegd – a vun do war seng Fiancée - erziele Buchzeile vum François Mersch. E Kräizzuch mat Schicksalsschléi, e Verspriechen an eng legendär Rettung sollten d‘an Direktioun Jerusalem gedréite Kapell inspiréieren. Am 19. Jh. koumen Haiser ronderëm. D‘Historia Luxemburgensis vum (1607 verstuerwenen) Abt Bertels lueft dem Sauerdall säin agreable Klima a seng Gäert mat ‘petites femmes s‘adonnant au travail.’ (P. Spang) Deemols, d.h. am ale Regime ware Rouspert, Dickweiler a Giischt eng Seigneurie. D‘Peschtjoer 1626 hunn do wéi an der Ëmgéigend vill Leit net iwwerlieft; ‘t gouf laang do nëmmen 13 Haiser. Wäibau gouf ‘t bei Bur an Hénkel wéi an de Südhäng vun der Giischterbaach. D‘Leit hate fréier bal all e Wangert. D'Ferrariskaart weist Drauwestäck, den Hermitage Alt Girst an Hénkel an der 'enclave de Trèves' dëssäit der Sauer. D‘Enclave hat Giischt, Bur a Rouspert ëmfaasst an d‘Bongerte ronderëm. Ënner der Maria Theresia krute 'Stree-uebst-wisen' e qualitativen Opschwonk. Op liichten Häng oder Zwëschenterrassen hu Wisen dominéiert an op Héichflächen den Aackerbau. Giischt koum 1796 an d'nei gegrënnte Gemeng Bur, an no där hirer Opléisung, 1830, mat Dickweiler an Hénkel an di Rousperter.

D’kleng Giischter Kierch besteet zanter 1928. Si koum an d’fréiert Schoulgebai, un deem seng Owessschoul sech nach erënnert gëtt. Hiren aktuelle Steen-Altor ouni Tabernakel war emol an enger Rousperter Scheier tëschegelagert. Säi Virgänger aus Holz koum op Dickweiler, mä net d’Mariestatu, den hl. Jousef an d’Häerz Jesu. Giischt huet eng Kiermesmass Samschtes viru Lauksdag. D’Duerf ass verbonne mat den Nopeschuertschaften: ’t zielt zu Par Bur, der Gemeng Rouspert an d’Leit gi bei der Klaus begruewen. (D‘Testament vum Iechternacher Geeschtleche Prichel hat d‘Giischterklaus ernimmt mam Hiwäis, et géif ‘hirer Wallfahrtskierch’ un Ornamenter feelen.) Esou al wéi d’Klause-Legend, aus dem 13. Jh., ass d’Zeil vum japaneschen Zen-Meeschter Kigen Dogen. D’Liewen vergläicht hie mam 'Tautropfen, vom Schnabel eines Wasservogels abgeschüttelt, in dem sich nun das Mondlicht spiegelt.’ Dem Irminewee säin Alter ass net bekannt. E féiert vun Iechternach iwwer Giischt hinn zum ale Saueriwwergang bei Wintersdorf. E gouf ernimmt den 31.3.1702 a mat him ‘eine marck im dorf Girst hart an der Irminenstrasse wider Thines Scheuer ahn der Quermauer unter dem Dagtrauf.’ (D’Irmelenhand, d’Hoheitszeeche vum Klouschter Oeren, markéiert d’bei der ‘Begehung der Banngrenzen von Rosport’ dokumentéiert Irminestrooss.) (Restena, Consdorf.lu) Bei d’Weekapell um Flouer nieft dem Wee Hénkel –Giischterklaus gounge fréier d‘Bittpressessiounen.

An der Giischterbaach spiggele sech mol de Panewippchen, mol Wollekeschof, a fréier hu Kanneraën do Forellen observéiert. D‘naturbeloosse Baach féiert ëmmer Waasser a gëtt als Gewässerliewensraum bezeechent. Ee vun ville Fielse ronderëm d‘ ‘Botterkimmerchen’ iwwerdeckt deels de Waasserlaf. Wien hanner Giischt, lanst de spektakuläre Verlaaf vun der Baach spazéire wëllt kënnt erop an de géie Bësch, an deem d‘rar Mëttelspiechten, (schwaarz-wäiss mat roudem Fleck um Kapp) hausen. Vläicht sinn ënnerwee do verstoppten Hielen a Fliedermäis oder de Rénert en Thema... Vum Monnonk Fuuss heescht et nämlech ‘E lieft zu Giischt om Klaischen Wéi d'Resender mer son; E mécht bal naischt als bieden. An Aanre Gutts ze don’ an… ‘En ësst e Wëllkuerstiirzel, eng dreche Kuuscht, eng Bir, en Apel fir den Duuscht...’ asw.) Méi nei wéi dës Versen ass d’Hansen Kaart vun 1907. (op Geoportail.lu). Se weist d’Duerf tëscht de Mille vun Hénkel a Bur (an där haut eng Crêche ass) an erënnert u schéin al Flouernimm.

P.S. D’Giischter Leit hate fréier eng hallef Stonn Wee op d’nächst Zuchstatioun. D’Ligne Dikrech – Iechternach - Waasserbëlleg hat fontionnéiert tëscht 1874 an 1964. De Burerbaach-Halt war mëndlechen Temoignagen no de bequemsten. Haut besti Busverbindungen op Iechternach an op Gréiwemaacher. Soten Leit hei wéi d‘Iechternacher ‘e spillt Tourist’ housch, dass een näischt mécht, oder beim Spazéiere midd gëtt vum Fielse kucken! (P. Spang) Well Giischt e ganz aalt Duerf ass, goufen am Sauerstiedchen Leit vun do begréisst ‘hei kommen déi Al-Giischter.’ - Der fréierer Seigneurie Giisch (Guirsch) hirt Schlass läit 5 km nërdlech vun Arel an hat fréier zu Lëtzebuerg gehéiert. Ee Rapport zur Sauergéigend behält et – seng Kapell huet den hl.Willibrord als Patréiner.