Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rouspert

D’Awunnerzuel vu Rouspert goung a fënnef Joer ëm ronn 50 erop; se stoung am Januar 2017 bei 844 D’Duerf un der Sauer läit 18km ''nord-westlech vun Tréier an 40km nord- ëstlech vun der Stad. Et war am 7. Joerhonnert als Ross-Furt dokumentéiert. Ir d’Sauerbréck stoung koum ee just mat engem Päerd duerch eng Furt op di aner Säit vum Floss. Den éischte Spuet-Stéch fir säi Barrage koum 1957, an duerch dëse Stau entsteet Stroum. Mä dësen hat ewell 1882 a groußem Stil do d’Fléisse geléiert. ‘t goufen do schonn elektresch Luuchten an engem Privathaus, dräi Joer éischter wéi bei de Rothschilds a siwe Joer ir d’Elektricitéit an d’Windsor-Schlaß koum. D’Duerf zéit haut Visiteuren un wéinst senger herrlecher Lag, dem Tudor-Musée an der Mineral-Quell mam Päerd am Logo!

Rouspert huet Spure vu Réimervillen a muunch historesch Daten. D’Irmina, Äbtissin vun der Benediktinerinnen-Abtei Oeren hat zu ‘Ruozvurt’ Gidder an eng Kapell, déi 1820 ofgedroe gouf. (Den Irmine-Retabel, de romaneschen Altor-Opsaz mat 5 Figuren, krut de Staatsmusée). 1226 sollt den Uertsverwalter Nikolaus vu Simmer vun enger Waasserbuerg am Ënnerduerf aus d’no Handels-a Pilgerstrooss iwwerwaachen. (D’'Dallbuerg' stoung bis ëm 1705.) E Gedenksteen um ale Kierfech vu 1626, eng ähnlech al Haffanlag an aner herrschaftlech Haiser bloufen erhalen. D’spéider gebauten Haus ‘Buerg’ steet op engem urale Kellerverwëllef. - 1843 koum den '''John Thomas Tudor (*1811-1894) (aus waliseschem Adel) vu Wales op Lëtzebuerg. Den Agrarökonom wollt als Guttsverwalter beim Ubau vu Fruucht a Gromperen d’fortschrëttlech Ideeë vun der britescher Landwirtschaft ëmsetzen. En huet dann 1850 dem Buergermeeschter a Guttshär vum Irminenhaff seng Duechter Marie Loser bestued a Gidder kaaft, déi emol der Irmina gehéiere sollten. - Hiren drëtte Fils Henri (*1859) hat seng éischt Joren op dem Diesburgerhaff bei Ferschweiler verbruet. En huet no Studien zu Bréissel a Paräis den Akkumulator entwéckelt an hei 1885 eng Blei-Akkumulatore Fabrik gebaut. Hie sollt, wéi schonn ugedeit, allerdéngs 3 Joer virdrun op der Mille vum Haffgutt ewell Stroum produzéieren. Geschwënn no senger Hochzäit mat der Marie-Madeleine Pescatore, 1892, entstoung d’neit neogotescht Schlass. Honnert Handwierker haten ‘t an engem Joer gebaut; a sengem grousse Park mat de rare Beem koum de mëllen Ënnersauer-Klima zegutt! Seng am Gitter vum Kamäin veréiwegten Honn erënnere Visiteuren u glorräich Joren. (Al. Steinmetz)

D’Gemeng huet dat stilvollt Gebai aus dem Uewerduerf 1970 kaaft. Kuerz duerno sollten hir Bureauen dann zäitweileg do ageriichte Vakanz-Appartementer ersetzen. D’ «neit Schlass» ass Monument classé säit 2009 an Deel vu eisem ‘microcosme de beautés multiples’…(wéi eng Noppeney Zeil eist Land emol genannt hat). Wéi a sengem rietsen Trakt tselwecht Joer, den 23. Mee 2009 de Musée Tudor opgoung fir de Public gouf un dem Henri Owen Tudor, dem jéngsten, dem ‘surdoué’ aus der Famill säin 150ste Gebuertsdag geduet. Der Tudor-Dynastie hire mëttelalterlechen Draach ass haut um Wope vun der aler Firma am Agank vum interaktive Musée ze gesin. Net ze vergiessen, de ‘charismateschen’ zweeten Tudor-Fils Robert hat hei als Buergermeeschter di éischt Primärschoul baue gelooss!' Si gouf deemols ‘als eine der schönsten Bauten des Landes’ bezeechent. (Inna Ganschow, Wortex, 05.2017) Zesummen haten den Henri an de Robert 1886 d’elektresch Beliichtung vun Iechternach installéiert. D’ëffentlecht Rousperter Geliichts sollt 1901 kommen, nom ‘rouspétéiere’ vun e puer ongedëllegen Duerfleit.

Rouspert ass eng ganz al Por mat enger 1892 konsekréierter Kierch. Di dräi gëlle Bëschofs-Stäf am Gemenge-Wope weisen op den Erzbistum Tréier, op d’Klarissen an d’Präfektur a spéider Abtei Iechternach hin. Den hl. Méchel ass hiren Haaptpatréiner, Kiermes ass dofir hei den éischte Sonndeg am Oktober. Hir eelst Fënstere si vu 1906 (mat ë.a. Adam an Eva) - déi mi nei entstoungen 1952. D’Uergel hat de Lëntgener Uergelspezialist Nic. Loewen 1959 gebaut. - Um Fest vun der zweeter vill-veréierter Kierche-Patréinesch, Sonndes no Irminentag (den drëtte Januar) ginn hei no der Mass aplaz vu geseentem ‘Irmine-Brout’ Bréidercher verteelt. Dat speziellt vum zäitweileg vergiessene Brauch: Am Deech war fréier eng Mënz agebaack! - Den Irminenhaff an d‘Mille vis-à–vis sinn haut Privatbesëtz an goufen 1984 klasséiert. - An deem Joer war de 25. Gebuertsdag vun der Rosporter Quell. D’Demande fir dem Michel Lucius seng éischt Buerunge war 1955 vun der Famill Bofferding komm. D’Resultat huet no 4 Joer zum Faasse vun héichqualitativem Mineralwaasser aus 67 Meter Déift gefouert. Di lëtzebuergesch Gesellschaft Sources Rosport SA gouf 1967 Fournisseur de la Cour. S’exploitéiert hir zwou Quellen op verschidde Manéieren, mol mat méi, mat manner, mol ouni Kuelesaier (Déi eng huet nämlech Spruddel an déi 1992 entdeckten net!) Méi Detailler op http://industrie.lu/sourcerosport.

P.S. Typesch al Rousperter Ausdréck waren ‘Jamenéck’ fir Mekanik‚ ‘Brostlopseekelche’ fir d‘Täsch om ’Paltong’ a ‘Saakduch’ fir Nueschnapech. Nach ze soen: hei ‘op Hoelt’ am südleche vu Soen ëmsponnenen Hank mat Mikro-klima verleeft en Eidechsepad, an do hunn 3 Wënzer den 3,5 ha groussen Tudor-Wengert (housch et ënner aanrem an Zeilen vum Februar 2012.) A soss: Eent vun den ale ‘Giewelhaiser’ aus der rue du pont datéiert vu 1794. D’Bréck (mat den zwee klengen alen Douanjeeshaiser) féiert iwwer eis 135 km laang ëstlech Grenz op Ralingen, dat hei ‘Rooljen’ heescht.

Unhang: Bis op ee klenge flaachen Eck gëtt d’Sauer-Insel Hoelt bei Rouspert 2018 als 180ha grousst Naturschutzgebitt klasséiert! Dës Insel um ëstlechsten Wupp vum Land ass net op ale Kaarten; se besteet aus engem Hiwwel, deen e Saueraarm vum Stau hir westlech ëmfléisst. Véier Wënzer hunn do e Wangert deen Terrassemaueren halen. (Ee vun hinnen hat eng nei Mauer mat Kallekbrochstäng aus ofgerassenen Haiser opgeriicht - an iwwer hir wiisst e Biowäin aus deels 100järege Stäck). An de Mauerritzen huelen do am Summer Mauereidechsen e Sonnebad a ronderëm flitzen 80 Zorte Villercher. (V. Bingenheimer) – Den Hubert, den eelste vun den dräi Tudor Bridder, hat sech séngerzäit ëm d’Gutt an ëm d’Riewe gekëmmert. Nach eng Trouvaille am Réckbléck: 1889 krut Rouspert eng Cabine Telephonique an de Gemengesekretariat. A vum Deputéierten Robert Tudor goung de Wonsch un d’Post eng Leitung op Antwerpen ze leeën. Eent vu verschiddnen Argumenter war deemols: ‘t géife vun do aus jäerlech ëm 300 Lëtzebuerger an Amerika auswanderen. (L. Bodé) - Eng ofwieslungsräich véier km laang Promenade duerch e verwonschene Bësch mat spektakuläre Fielsformatioune geet laanscht Wangerten an iwwer Orchideenterrassen. Se bitt villgeluefte Vuë vum Sauerdall. An do soll an enger Fielsspléck, am "Kimmheischen" eng legendär wäiss Fra hausen a munchmol am Gebitt vun der Hoelt opdauchen (e Sujet, deen elo duerch d’Fusioun vun de Gemengen Rouspert-Mompech méi jonk Oueren intresséieren däerft.)