Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bleesbréck

De Lieu dit ’Bleesbréck zielt groussendeels zur Gemeng Bettenduerf an ass mat dëser Deel vun der Nordstad; d’Bleesmillen gehéiert allerdéngs zur Gemeng Tandel. ‘t wunnen do eemol 9 an eemol 12 Leit. D’Landkaart weist d’Haisergrupp op ronn 190m Héicht do wou d'Blees an d’Sauer leeft - an d'N17 (Dikrech–Veianen) d’N19 trëfft (déi vu Wuelenduerf-Bréck hirkënnt.) - Déi 20 km laang Blees entspréngt um Flouer Sauerwisen südlech vu Wuelessen-Déckt op 500 Meter Héicht. Duerch hir grouss Héichtendifferenz fléisst se rapid duerch Branebuerg a Baastenduerf. Se gesouch fréier Branebuerger Ritter a Veianer Grofen an huet am Dall masseweis gudde Buedem ‘ugefléizt¨! (J. Hess). Nieft der bedeitender Bleesmille waren Gips-karrièren, eng Gipsmillen an eng Scierie, eng Brennerei an d’1907 ernimmte Loumille vu Wichtegkeet. D’Wunnhaus vum Mëller läit ëstlech vum Härebierg. ‘t huet näischt mam Camping ze dinn, an ‘t ass iwwer eng Bréck hannert der Ofzweigung vun der N17 z’erreechen.   

Al Dokumenter iwwer dës kleng no der Blees benannte Plaz si rar. Mä mer wëssen, dass 1766 an eisem fréieren Herzogtum nom Kadaster eng Vollekszielung ordonnéiert hat jiddfer Uert, Duerf, Haff a Millen ze registréieren (an donieft och eenzel Haiser, d’Nimm vu ‘Männer und Knaben ab 16 sowie Weiber und Mädchen ab 14’ (an och d’jénger Kanner.) D’Resultat sollt dann 17 Bänn an engem Bréisseler Archiv fëllen! (P. Nilles) D’Ferraris Kaart hat an de 1770ger ëstlech vum ‘Herberg’ d’ ‘Blees Mühlen’ veréiwegt. (https://www.industrie.lu/bleesmillen.html). Al Akten ernimmen 1866 dem Johann Wampach säi Verkaf vun der ‘Mahlmühle nebst Gyps- und Sägemühle’…an och d’dozougehéireg 5 ha Wisen a 25 ha Ackerland. (Den 11.9.1868 koum dann d’Vente publique vun der Bleesmillen duerch d’Ierwe vum verstuerwene Besëtzer Wampach. De Betrib bestoung aus dem ‘moulin à farine à 3 paires de meules d'après le système français, avec grands cylindres et accessoires propres au commerce et à la mouture des particuliers’, der ‘huilerie’, enger maison de maître mat groussem Gaard an bâtiments d'exploitation... le tout couvert en ardoises.) Spéider Mëller waren 1901 an 1907 de J. Klein-Goergen an duerno d’Mille-Piechter Nicolas Fisch - Katharina Hoff an 1926 e Peter Nafziger-Schertz.

Bei sengem Séjour zu Veianen hat de Victor Hugo dacks Ausflig gemat rondrëm an méi oder manner spontan Skizze gezeechent. Hien hat tëscht dem 22. a 26. August 1871 um Dikrecher Geriicht géingt Rechts-Manifestanten ausgesot, déi säi Bréisseler Haus iwwerfall haten. Ob d’Blees hien inspiréiert hat eng al Charrette ze molen oder ‘Natur-Andréck’ ze notéieren wéi dësen ‘sie tut alles, was sie kann, um die Menschen zu besänftigen...’? Wann e Besuch krut, koum dëse vun Dikrech via Bleesbréck mat der Diligence oder mat engem ‘Fiaker’ - an zu Veianen gouf heefeg ‘Poulet à la crapaudine’ opgedëscht! - «An Denkmënzen loosse Vëlker hir National-Wäisheet aprägen» sot e Sproch vum J. F. Gangler (1856 +) Wéi hätt hien den Zuch an deen de 4. Oktober 1859 fir d'éischt besongene Feierwon beschriwwen? Intressant ass, dass d’14,11 km laang Bunn Dikrech-Veianen den 9.04. 1889 ageweit gouf – an ouni Problem eng maximal Pente vun ‎32,5 ‰ gepackt huet (bis den 2.5. 1948.) Se bestoung also éischter wéi d’Ligne Lëtzbuerg-Iechternach, déi säit 1904 ënnerwee war! Zum Ubléck vun de Leit hirer Freed beim Passage vum Zuch sot de Staatsminister P. Eyschen (laut LW) «Das ist allein schon ein Prozent der Kosten wert!»   

De Kolonel Melchers retraçéiert besonnesch Krichsevenementer bei Bleesbréck vum 19.12.1944. Dem Maquisard an Hellëfsgendarm Georg Mont säi Courage hat do 41 däitsch Gefangener opweises. Hien hat vum Osthang vum Härebierg aus de Stroossendräieck Bleesbreck observéiert. An enger zesummegewürfelter Uniform (mat engem erschossene Landser sengem Karabiner) konnt e mat e puer GIs onbewaffnet Wehrmachtzaldoten an engem isoléierten Haus iwwerzeegen sech z’erginn. En huet s’ënner strengem Kommando bei d’Dikrecher Gendarmerie bruet a mëttes mat amerikanescher Hëllef weider Gefaangener gemat. Duerno sollt en eng USPanzer Kompanie begleede beim Befreie vum Bleesbreck’er Hôtel Hamen. - No senger staarker Beschiedegung während der Rundstedt-Offensiv gouf de Millebetrib agestallt. - Spéider ass da ronderëm alles evoluéiert. Mä iergendeemol huet d’Gestioun vum Ofwaasser hei grouss Suerge gemat. Am Mäerz 1994 gouf de Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux du Nord, de SIDEN, constituéiert. Wéi d’OfwaasserKlärung vum staatleche Ponts et Chaussées un d’Gemenge goung sollt d’Schmotzwaasser vu ronderëm hei gerengecht ginn! No enorme Moderniséierungsaarbechten ergänzen haut nei Gebaier an technesch Ariichtungen d’biologesch Bleesbrecker Kläranlag. Zu Féiss vun den Ardennen schafft si fir 35 Gemengen. Hir 124 Mataarbechter an en neie Laboratoire sinn zu Déngschte vun 130.000 Awunner! (LW 23.11.2019)

P.S. De Véier-Stäre-Camping Bleesbruck ëmgëtt eng herrlech Natur. En offréiert an der Entrée vum Parc Naturel de l’Our Plazen an der Sonn, am Schied oder sougenannte Casa de Vino Kabinen. D’Campingplaz zielt zum Tandeler Deel. De Rond-Point, de Restaurant an d’Tankstell si grad wéi d’Kläranlag an d’Gemeng Bettenduerf intégréiert. -Vum nationale Sentier pédestre "Adrien Ries" aus gesäit een d’intressant un d’Sauer-Schläif adaptéiert Instalatioune vum SIDEN. D’Velospiste (PC23) Bleesbréck a Riichtung Fouhrener Tunnel brauch nach e bëssen Zäit… Buslignen ersetzen ewell laang den Zuch a verbanne Bleesbréck mat Reisduerf a mat Veianen! De Carlo Hemmer hat an den 1970ger geschriwwen beim Stroossescheld Seltz «biegt eine Nebenstrasse ins liebliche Bleestal und damit in die Stille ab.» - Nimm mat ähnlechem Klang, beispillsweis Blessig am Elsass, gëllen als Variant vu Blesius oder Blasius. D’Indo-Europäescht ‘bhleu’ - bezunn op nice weather - suggeréiert, dass d’Spiggelung vum douce bloen Himmel am Waasser der Blees hiren Numm kéinnt inspiréiert hunn…