Bettendrëf
Bettendrëf, Bettendorf, heescht eng Gemeng an Uertschaft laanscht d’Sauer - hanner Dikrech. Nenne mer vun hire Clibb als Beispill de Spuerveräin "Bettendrëfer Fräschen", d’Wanderfrënn "La Sûre" an den Turnveräin d’ "Villageoise". ‘t gëtt och ee Bettendorf am Iowa, ëstlech vun Chicago, mat ëm 33.000 Awunner! Dëst ass no zwee Immigrante benannt, zwee Industriellen mat grousse Meritten… dem Joseph a William Bettendorf… Eisem lëtzebuerger Duerf säin äerdege Club des Jeunes huet och Verdéngschter! An seng Musek, spillt den ‘Hämmelsmarsch’ zweemol, Samschdes vun engem Won erof… um Wee bis bei d’Häff…a Sonndes zu Fouss am Duerfkär!
Nieft der Musek mécht de lokale Club des Jeunes sou Munneches fir d’Bettendrëffer Lëtt. Duerch di Jonk koum hei de Brauch op… fir mam Kleesche bei d’eeler Awunner ze goen, e Fakelzuch gouf agefouert, an d'Mäkranzfeier erëm opgegraff. An d'Bettendrëffer Kulturkiermes suergt säit 1994, dass deen Dag nees di gewinnte Bedeitung krut. Nom Virbild vu fréier, wou d'Famillje sech d'Kiermes erëmgesouch… soll haut d’ganzt Duerf zesummekommen! Ee richtegt Volleksfest verbënnt hei al Traditioune mat moderne Kiermesspiller. Um Programm stoungen ewell Konscht- Ausstellungen, Stroossekënschtler a Concert’en. Attraktioune sinn elo dann e Karussell, de Bauerelotto, Knuppautoen a Kiermes-Buden… nieft dem populäre Kiermesbal! Bettendrëf zielt 1100 Awunner. Ëm 1900 hunn hei 446 Leit an 96 Haiser gelieft. Seng Waasserbuerg gouf éischtmols 1307 ernimmt….(als Hof Bettendorf an 'Witfraerent'). Zur Zäit vu Jang dem Blanne sengem Vasall Heinrich vu Bettendorf gouf s’als Trutzbuerg befestegt…. als Schutz fir Dikrech virun de Veianer Grofen… schreift eng Quell. ‘t steet och geschriwwen dee selwechte Grof Jang hätt dës ëm 1330 aus der Dikrecher Verwaltung geléist an zu enger selbstänneger Grofschaft erhuewen, als Dank fir geleeschten Déngschter! No engem lëtzebuerger Rittergeschlecht koum nom 15. Jh. een anert, an hollännesch Freibeuter sollten hier ‘plënnere’ kommen. - 1473 waren hei 48 Feierplazen an zu Dikrech am Vergläich 98. Am ieweschten Deel vum Duerf ass da 1604 e Schlass ernimmt; op seng Fëllementer koum 1728 d’haitegt Barock-Schlass vun der Famille d’Olimart. Seng kleng Tierm hu barock Hauwen an dee grousse quadrateschen eng ’Welsch’ geschwäiften Tuermbekréinung! T’gouf uganks de 1960ger op privat Initiativ exemplaresch restauréiert… D’Duerf mam selwechten Numm a Rheinland-Pfalz soll op e germanesche Personnage Beto oder Betonis zeréckgoen. Hei un der Sauer war 816 och eng «Betonis Villa» zitéiert!
Di Stenge Bréck aus der Maria-Theresien Epoche sollt eigentlech op Dikrech stoe kommen, verréit eng Trouvaille vum François Mersch; An deen erënnert och un d’gastronomesch Renommee vu verschiddenen Haiser un der Sauer, z.B. um Café ‘a Weltesch’ seng Kriibsen, ‘dit à la luxembourgeoise’, déi mat engem Pefferkär pro Déier preparéiert goufen. - D’Por ass virun 1389 dokumentéiert an d ‘aktuell Kierch vun 1843. Mä hiren Tuerm mat den inkorporéierte réimeschen Hallefreliefer ass vill méi al. D’Altär koumen am Krich net zu schued, awer d’Kierchefënschteren goufen zerspläitert. Als Kierche Patréiner gëllen hei den hellege Bernard, d’Barbara, Katharina an Anna... D’Gemeng Bettendrëf hat 2008 ‘di längste Mass op Chrëschtdag, mat 2 Stonnen a 4 Minutten… an d’Aweiung vun der klengster Bushaltestell weltwäit! Si bitt just emol ' 2 Fräschen no 3 järegem Hongerstreik Plaz ’ hat d’Fräschenzeidung behaapt! Wat si ‘sou schreift… soll ee net ze eescht huelen… Mä, dass Bettendrëf deels zum däitsch-lëtzebuergeschen Naturpark zielt, een Drëttel vu sengem Bann Bëscher sinn, an en ideale Vëloswee huet op Dikrech.. dat stëmmt.
P.S. Steebréch Gilsdref a Bettendref (oder Bettenduerf) waren iwwer d’Grenze vun der Gemeng bekannt a vu grousser wiertschaftlecher Bedeitung. Ënner hire 40 Aarbechter ware vill Auslänner; fir di graff Steng zu brauchbaren Bauelementer ze verschaffen, huet de Steeklappert hir Eegenschafte misse kennen. An de lëtzebuerger Steebréch hunn am Joer 1902 am ganzen 1050 Aarbechter geschafft. ‘Wat mat Steng gebaut ass, hällt Joerhonnerte laang’, schreift de Charel Schmit, awer 'Jahre fliehen, pfeilgeschwind'… sot de Schiller! Ëm 1900 waren hei 446 Awunner agedroen an ënner hinne waren zimlech vill Handwierker: 1 Bäcker, jee 2 Mëller a Schmätt, 3 Schneider, 4 Néieschen, 3 Schräiner, 5 Schouster, 4 Woner, 4 Epicerien a 7 Wiert. An ongewéinlech: d’Fräiwelleg Pompjeeën haten 2 Trommler, also 2 Batterie’en. (Fr. Mersch)