Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dikrech - Härebierg

Dikrech läit agebett tëscht de gréngen Héichte vun “Haardt“, “Goldknapp“, “Seitert“ an dem nordëstleche Lieu-Dit Härebierg. De Jang de Blannen hat am 14. Jorhonnert Festungsmauere ronderëm gebaut. Typesch sinn seng fréier Maartplaz, d'historesch Laurentius-Kierch a vill attraktiv Geschäfter. Am Summer 1955 gouf d'Sauerstiedche fir d'zweet a senger Geschicht Garnisounsstad. 100 Joer virdrun war den zweete Jeeërbatailloun do ënnerbruet, vun 1843 bis 1867, di lescht zwanzeg Joer dovun an der nei erbauter Kasär, dem haitegen ale "Lycée classique" an der Garerstrooss! - An d'Geschicht a goung d'Aktioun vum Generol Patton sengem 4. a 5. US Infanterie Regiment den 18. Januar 1945. Well de Floss deemols Héichwaaasser hat, hunn d’Amerikaner den Héichplateau mam "Härebierg" mat Hëllef vu kënschtlechem Niwwel ageholl! Deemols wousst nach keen, dass spéider eis Arméi do eppes wéi eng "nation dans la nation" gi sollt. (De Militärdéngscht gouf bei eis 1798 ënner dem Napoleon ageféiert. Vun den deemols 14.700 agezunne jonge Männer sinn der iwwer 9000 nët erëmkomm. Bestëmmt goufen d' "Napoleonsdénger" duerch d'Lous, a ware se räich, konnte si sech e Remplaçant kafen!)

1839, nom Traité de Londres, krut Lëtzebuerg definiv seng aktuell Form an d'Onofhängegkeet, et huet awer dee Moment 160000 Awunner un d'Belsch verluer. Mir kruten dann 1867 nom zweete Londoner Vertrag eng eege Garnisoun. Ënner Wëllem II. si mir vun do un fir "éiweg neutral". (De Wëllem I. hat eis Miliz zwee Joer nom Wiener Kongress an d'‘Unités Néerlandaises‘ incorporéiert, mir waren dunn also just theoretesch autonom.) Logéiert huet d'Garnisoun an de Stater Kasären. (Bis an d'17. Jh. waren d’Zaldote "Sous-Locatairen" an der Festungsstad; al Gravure weise si a faarwegen Uniformen an der Ëmgéigend vun eiser Fortificatioun mam schéine Bäinumm Gibraltar du Nord’.)

Nom Zweete Weltkrich gouf d'allgemeng Militärflicht ageféiert. Dee Moment hate Walfer an Diddeleng ee Bataillon d'Infanterie an zäitweileg och Bitburg. Vun do sinn se de 9. an 10. Juli 1955 op Dikrech geplënnert a modern dräisteckeg Pavillonen. Bei hirem Anzug hat de Buergermeeschter Henri Cravatte gemengt: "Mir Dikricher se frou, dat Dir heihinner kommt. Mir hätte gär wann eis Stad fir jidderee vun Iech zu enger zweeter Heemecht géif, wu een sich elo a spéider ëmmer wuelfillt". - Nodeem d'Arméibase gesetzlech modifizéiert gouf an 1967 den obligate Militärdéngscht eriwwer war, gouf de Kasärekomplex um Härebierg vun eiser Fräiwëllegenarméi genotzt.

D’Zaldoten hunn do eng Kapell mat gutt 200 Plazen an zesumme mat der Police, als Force publique, e Generalaumonier. De Majouer Nico Wenner erënnert ëmmer a spezielle Momenter drun, dass si iwwer d’Grenz eraus Buetschafter vum Fridde sinn an, dass “hire Schutzpatréiner” den hellege Martin si begleed. E gesäit an deem Hellgen e Beispill fir "mënschlech Wäermt an d'Keelt vun eiser Zäit ze droen". De réimeschen Offizéiersfils hat bei Amiens engem Aarmen d'Hallschent vu sengem Mantel ginn. Duerno hat en op seng Militärcarrière verzicht a sech deefe gelooss, an e gouf spéider Beschof vun Tours. E Colonel hat emol dem Martin seng dräi wichtegst Qualitéiten als "Loyalitéit, Hëllefsbereetschaft an Disponibilitéit" bezeechent, an déi soll all Zaldot sou gutt wi méiglech realiséieren. D'Kapell um Härebierg huet e Mosaik mat hirem Patréiner an donieft eng Muttergottestatu, e Gobelin vum François Felten an eng Batik als Erënnerung un d’Poopstvisite vun 1985.

Zum Aumonier senge Fonktioune kommen eng Rei Hochzäiten vun Ancienen a järlech ronn 30 Dafen vu Militär- a Polizistebebeeën; d'Plaz dofir bitt den Dafsteen an der Mëtt vun der Kapell. An der Radiosmass sëtzt d'ëm 60 Mann staark Chorale plus 12 Militärmuseker am rietse Schëff, di aner Säit si Still fir 150 Leit. Dës Mass gëtt Freides an der Oktav um 11.15 fir Police an Arméi mat der Militärmusek an der Kathedral widderholl. De Chouer besteet aus Schüler aus der "École de l'Armée"; en ass also keng ‘chorale permanente’, huet awer d’Éier all Joer och zu Lourdes ze sangen. Ze soe bleift nach, dass an der Mäerteskapell vun der ‘Kasär Grand-Duc Jean‘ expressiv Statioune vum Paräisser Emailleur Marc Gimat hänken. An de 1950ger hat dësen ähnlech Kräizweeër aus "émaux en cuivre" fir d'Privatkapell vum Bëschofspalais an der Stad creeéiert a fir d’Huldanger Kierch. De Kënschtler huet seng Prozedur ni verroden, mä sot, dass «alles vum Matérial, senger kreativer Stëmmung an dem Equiliber vun der Stroumspannung ofhängt an dofir de beschte Moment no Mëtternuecht ass». Konscht wéi Musek sinn e Lien, dee Leit aus verschiddene Generatiounen an Niveaue verbënnt, speziell déi Leit, déi vun hirem Iwwerflëssege matginn an sech mat bridderleche Gefiller a mat Häerz asetzen.

P.S.: D‘Nationalstrooss 7B heescht op hirer ganzer Längt Rue oder ‘Montée du Herrenberg‘. Si geet ënne vum Bamerdall bei d'Kasär um Härebierg an ass ronn 2 km laang! D'Sauerstiedche bestécht duerch säi Lokalkolorit mat klenge Gaassen, Caféen a seng Foussgängerzon am ale Stadkär. Si war 1977 iwwregens di éischt am Land. An hir fënnt een d’lokalt Wouerzeechen, den Iesel, ‘um Bur mam Dukateniesel‘. Duerch dësen Entworf vum Oochener Burespezialist Bonifazius Stirnberg fléisst op speziellen Deeg Béier. De nom Flouer mam selwechten Numm benannten Härebierg gläicht op der Reliefkaart vum Land engem getéitschte Fangerhutt. Zeile vun 1913 soen, datt en op kloren Deeg eng Vue op 30 Dierfer ubitt - wat bei senger Duerchschnëtts-Héicht vun 370 Meter an Spëtze bis zu 394 Meter net iwwerrascht. Dikrech selwer läit op 200m. Säi bedeitendste Musée presentéiert eis national Militärgeschicht mat ënner anerem Exponate vun der Ardennenoffensiv.