Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Brouderbur

Zur Gemeng Bettendref zielen nieft Gilsdref a Méischtref d‘Bleesbréck, Brouderbur an Deeler vu Kéiwelbaach a Selz. Si an d‘Ëmgéigend hunn e ‘climat océanique chaud sans saison sèche‘. Der Köppen-Geiger Klima-Klassifikatioun no huet Brouderbur mat sengen 9 Haiser an 37 Awunner eng ‘pluviométrie importante‘… Äehnlech Wiederkonditiounen däerften och d‘Tschiddeschmillen, de Moserhaff an d‘meescht Uertschaften aus dem Kanton Dikrech hunn. (D‘Hansen Kaart vun 1907 weist an der Noperschaft och d‘Distillerie Tschiderer an d‘ ‘Ferme Bech‘.) D‘lokal Karrièren leie groussendeels brooch (‘t steet nach ee Bagger do...) Vläicht fäert eng vun hinnen Raiberbande kéime s‘iwwerfalen an déi aner dreemt, dass aus hire Stäng Kathedralen entstinn! Laanscht d‘verkéiersaarm Strooss vu Folkendeng erof op Brouderbur a Gilsdref stounge fréier herrlech Schwaarzpëppelcher; hiert Verschwannen huet de Carlo Hemmer bedauert, well hie schreift... ‚Die Landschaft wurde dadurch eines ihrer markantesten Akzente beraubt!‘

Fannen Historiker wéi den Här Koltz eis Geschicht zimmlech ‘lückenhaft’ animéieren se Geschichtsfrënn op Entdeckung ze goen. Dat diskret Broderbour ass selten ernimmt. Fachbicher erënneren un dem Meginaud säin 927 gebaute Wunntuerm zu Esch/Sauer, an un d’10eckeg Veianer Buerg-Kapell vun ëm 1170. Se kennen och den Heinrech vu Bettendref als Vasall vu Jang dem Blannen. Brouderbur huet just Steebrech opweises mat Fossiliereschter aus dem fréien Erdmëttelalter. (Hire Muschelkallek gesouch ewell Dinosaurier aus dem Trias-Zäitalter.) Eng Etude vum Michel Lucius weist am Grès de Gilsdorf op Ceratiten hinn an ernimmt bei Trouvaille vu Broderbour d‘Naturwëssenschaftler Heuertz a Faber. Spezialisten no koumen d’Fossilreschter iwwer eng Verbindung vum Urmëttelmier an en temporäert Bannemier an eis Géigend! An ‘t gëllt als sécher, daß se hei eege Formen entweckelt hunn! D‘beim noen Dikrecher Däiwelselter fonnte mënschlech Skletter datéiere vun ëm dräi- bis véierdausend Joer vrun eiser Zäitrechnung. (D‘Buch vum Joseph Hess „Bei eis doheem“ reproduzéiert eng Zeechnung vun ëm 1840 mam Däiwelselter vum Chevalier L‘Evêque de la BasseMoûturie.) D‘Brouderburer Leit hunn nieft de Steebréch eng Sturmbaach, en ‘Naassebur‘ an si vläicht e bësse stolz op d‘Commande vun engem 3200 Tonne schwéieren Altorblock aus hires Steen!

D‘lokal Steebréch ginn dokumentéiert tëscht 1899 an 1979 um Site Industries.lu ënner CarrieresBroderbourGilsdorf. Domat verbonne sinn d‘Nimm Jean-Pierre Geisen als techneschen Direktor, de Michel an Nicolas Walch an de Jean Thull-Reyland, (Besëtzer vum Gilsdrefer Café de la Gare) als Comptabel a Caissier.. ‘t koume muunch Changementer am Laf vun der Zäit. - D‘Chambre des Artisans hat 1935 ënner hire Berufsbranchen bei ‘maçonnerie an électricité‘ 1008 Patron‘en. Am Katalog vun der internationaler Foire de Luxembourg figuréiren 1954 bei matériaux de construction ‘pierres, sables, gravier‘ des Carrières Réunies de Gilsdorf. - Am Juni 1969 krut d‘Kierch vu Recken op der Mess de just ernimmten 3.200 Tonne schwéiere Block als Haaptaltor. 1973 ass d‘Firma Geisen mam östleche Brouderburer Steebroch ernimmt. 1996 lueft de Propriétär Feidt de Karrièren hiren ‘éventail de pierres aux tonalités claires et chaudes‘ fir traditionnell an modern Baustiler. Fréier hat Gilsdref mat den dräi Brouderburer ëm 20 Steebréch, vun deene bal kee méi aktiv ass. D‘bekannte gutt Qualitéit vun hirem Sandsteen gouf z. B. beim Iechternacher Lycée an der Orangerie, der Villa Louvigny an der Husky-Fassad vun Diddeleng verschafft.

De Krich goung no laanscht Brouderbur. Den 18. Januar 1945 haten d‘Batallioune 2 an 3 d‘Sauer iwwerquéiert – den 1. blouf als Reserve (‘at a quarry‘) an enger Karrière zu Broderbour. (Méi doriwwer steet op www.joedemadio.com/patton-across-the-sauer-river-battle-of-the-bulge) Den Dikrecher Militärmusée dedicacéiert ‘dem river crossings of the 5th Infantry Division‘ eng Zeen. Eng Weil nom Krich gouf de Sproch ‘D‘Säil op där d‘Welt rouht heescht Hoffnung‘ nees wouer. ‘t goufen ë.a. Circuit-pédestren amenagéiert. Een Dikrecher geet vum Footballsterrain aus laanscht Haard, Clemenshaff, Mouschbierg, Brouderbur a via Gilsdref zréck…E Bike-tour féiert vun Dikrech, Brouderbur, Folkendeng, Eppelduerf, Befort, Haler, Waldbëlleg a Miedernach zréck op d‘Startplaz.. an ‘La Charlie Gaul‘ hat och 2019 mat der Côte de Broderbour Cyclisten erausgefuerdert. (http://www.lacharlygaul.lu/Images/2019) Gutt Souveniren hannerloossen ‘Marche-gourmande‘ mat gastronomeschem Halt an Grilladen am Brouderburer Steebroch. - Analyse vum Uertsnumm féiere bei d‘alfranséischt “brode" fir Brout oder de ‚surnom donné à une personne au teint mat‘. Brodin ass d‘Ofkierzung vum "brode". De lëtzebuerger Dictionnär nennt viru Brod ‘Brocketten‘ (gebootschte Gromperen) an duerno Brod(d)i als Variante zu Willibrord! (D‘Muselduerf Brodenbach läit hanner Cochem. An ‘Brouder‘ soen d‘Nordfriesen fir Brudder.)

P.S. D‘extraordinärt Liewen vun zwou Schwesteren vu Brouderbur, den Dänzerinne Josephine a Claudine Bal ass kaum bekannt. D‘Figuren aus eiser Volleksdanzgeschicht hunn een ‘Danz-Theater‘ inspiréiert, an deem modern a folkloristesch Kläng verschmëlzen! D‘legendär an den 1920‘ger gebuere Schwestere ware wäit iwwer eis Grenz bekannt. (Se goufen allerdéngs 1976 am Ausland als vermësst gemeld.) D‘Choreographin Simone Mousset hat si 2017 fir hir grouss Influence op d‘lëtzebuergesch Danz- a Musekwelt gewierdegt - well folkloristesch Dänz d‘Nationalidentitéit stäipen. Hiert Wierk krut dann e Präis! D‘Figuren haten trotz laange Räck an brave Blusen progressiv gewierkt... D‘Wuert ‘legendär’ passt hei well d’Heldinne waren erfonnt! - D‘Thema Musek ass allerdéngs reell mam klengen Uert verbonnen. Do steet nämlech d‘Antenn vum Interculturelle Radio vu Gilsdref, (mat der Fréquenz MHz 103.90.) D‘Recherchen iwwer Brouderbur hu sech gelount; do konnten Awanderer-Generatiounen handwierklecht Können entfalen… a ronderëm weist d‘Natur sech a villen Nuancen!