Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dikrech

1ten Deel

Eng intressant Analyse vum Tourismus vum Marc Jeck erzielt, dass Lëtzebuerg virun 200 Joer nach als ‘Land der Wölfe’ bekannt war a kaum Friemer ugezunn huet. Dass Jousef den II. als gutt Beispill eemol 4 Nuechten am Stater ‘Gasthof zu de siwe Schwaben’ logéiert hat war exceptionell! Vun Dikrech staamt de Prophéit vun eisem Tourismus. Dem Alexis Heck säi ‘Grand Hôtel des Ardennes’ war mat 140 Zëmmer zënter 1850 e Magnéit fir friem Gäscht. An d’Hotelfachschoul dréit zu Recht säi Numm.

Dikrech krut Stadrechter zwëschen 1252 an 1266 a konnt sech vun do u selwer verwalten. ‘t war souguer zäitweileg di zweet Haaptstad vum Land. Seng 700-Joer-Feier goung 1960 iwwer d’Bühn, ‘t kann elo ewell säi 750. Jubiläum feieren. Karel de Groussen hat um Enn vum 8. Joerhonnert Leit aus Sachsen an d'Géigend vun Dikrech ëmsidele gelooss, fir s'ënner seng Kontroll ze bréngen an ze bekéieren. Seng al Laurenz Kierch entstoung a 7 Bauperioden, aus der éischter ass d’Krypta mat réimeschen a merowingeschen Steensarkophagen. Si huet sech entwéckelt vum réimeschen Haalebau zur zweeschëffeger Porkierch. Hirt gotescht Verwöllef harmonéiert gutt mat de Säilen a gläicht deem aus der Longsdrefer Kapell. D’ural Kierch war laang Sëtz vun enger Por-regioun a krut ëm d’Joer 1000 eng Hallefkrees-förmeg Apsis. Aus dem 12 Jh. ass den Tuerm mat Entrée am Westen, aus dem 15. sinn hirt schonn ernimmten zweet Schëff (1467/68) an Fresko Molereien. Fräigelueten Zeene weisen den hl. Laurentius am Chouerraum. Spéider, no zwee Bränn - 1634 an 1754 - entstoung se nei a krut ënner aneren gläich eng Rockus Statu vum Skulpteur Scholtus. Se gesouch 1665 d’Franziskanerklouschter net wäit ewäch… eropwuessen, deem seng Grondmaueren dann ëm 1868 Basis vun der neier Dekanatskierch goufen. Well Dikrech gewuess ass gouf d’Por 1869 vun der Laurenz Kierch an di Nei verluet… déi emol als Kommentär krut “an sich ist sie kein Kunstwerk, wurde aber „gehoben“ durch die Pièta von Achtermann und die Umbauten von 1982/84”.

Picke mer aus der lieweger Geschichtsbühn vun der Stad mat den zwou Kierchen, engem Floss, véier Brécken a vill Gréngs nach eenzel Zeenen eraus… Dee vum Stadtrot beschlossenen Oofbroch vun der Aler Kierch um Enn vum 19. Jh. hat d’Regierung verhënnert. 1912 huet de Staatsarchitekt Charles Arendt hir dréngend Restauréierung ugefaangen an e ronnen Tiermchen un d’viischt Säit gesat. An de 1960ger a ‘70ger entstoung hei duerch systematescht Ausgruewen eng archeologesch Krypta mam Resultat, dass di wäertvoll Laurentiuskierch 1978 endlech ënner Denkmalschutz koum! Zënter datt s’eng nei Seifert-Uergel huet, mat engem Cymbelstär an als spezifeschem Gag engem Iesel-Regësterzuch, sinn an hir regelméisseg Concerten. Net ze vergiessen: déi vu Jang dem Blanne gebaute Réngmauer hat ëm 1320 di opstriewend Veianer Grofen ofgeschreckt… an 1593 hollännesch Freibeuter! Dat fréier ‘agemauert Duerf’ zielt haut als regionalen Handelszentrum ëm 6.500 Awunner. An dës profitéieren d’sougenannte Ficellesbréck fir Foussgänger a Vëlosfuerer zënter 1974, an d’herrlech Foussgängerzon säit 1978! De Musée fir de Réimer-Mosaik aus dem 3. Joerhonnert ass eng vun de neisten Attraktioune vun där Plaz, déi Prominenter schonn emol „Athen an der Sauer“ genannt hunn!

Bekannte Kënnerchersmäert zu Lëtzebuerg ware fréier an der Stad an zu Dikrech. D'Kniecht a Meed stoungen do op der Haaptplaz op e Meeschter ze waarden deen se gedangt huet. Dat geschouch duerch Handschlag, schrëftlech gouf näischt festgehalen. (Op däitsch houschen dës ‘Gesindemarkt’). - ‘Kënnerchesmaart’ heescht haut an der Ëmgangssprooch vun der Éducation nationale d’Réunioun tëschent de Responsable vum Ministère an de Schouldirekteren - Enn Juni bis Ufank Juli - an där d’nei genannte jonk Professeren op déi verschidde Lycéeën am Land verdeelt ginn!

2ten Deel

Ufangs vum 3. Joerhonnert war Dikrech eng Maartvogtei mat Héichgeriicht. D’Festungsmauere rondrëm d'Nordstad hat Jang de Blannen 1317 opriichte gelooss, se stounge bis 1800 a goufe mat modernen Häiser iwwerbaut! An do wunne Leit mat villsäitegen Intressen, sou wéi mir där och am Saengerbond fannen. Dësen hat 2004 beispillsweis 6 Concerten a 4 Massen gesongen, 10 Virstandssëtzunge plus Optrëtter bei der Kavalkad, der Schluss-Pressessioun, dem Fakelzuch an dem Hämmelsmarsch… An domat ass bal alles genannt wat hei Wichteges lass ass”!

Den 1892 rekonstruéierte préhistoreschen Deiwelselter, 2 Musée’en an d’Brauerei als nationale Militär-Musée, den Tribunal an d’neogotescht Wirtgensschlass vun 1825 hanner der aler Laurentiuskierch… all dës Dikrecher Attraktiounen si Motiver fir d’Kamera. Am Salon vum PHOTO-CINE-CLUB DIEKIRCH waren 1956 Themen d’Päerdsrennen, Sport zu Waasser an Land, Kasären- a Stroossebau, Kavalkaden, reliéis Festlechkeeten a Pressessiounen, d’Rundstedtoffensive an de Neiopbau! Déi an der Ardenner Schluecht gesprengte Sauer-Bréck entstoung nei a gouf méi breet. Bei hirem Bau waren 1842 réimesch Mënzen opgedaucht! Eng réimesch Villa mat Mosaik an alem Geschir goufen op der Esplanade fonnt, ëm 1950. Een 3,50 op 4,75m grousse faarwege Mosaik weist geometresch Figuren ëm e Léif, dee plazeweis um Kapp an de Patte beschiedegt ass - den zweeten huet konschtvoll Blummen, geometresch Figuren an en interessante Kapp, deen deemno vu wou betruecht, mol e bäertege Kapp mat Glatz mol e jugendlecht Gesiicht weist! 

Am Vergläich domat ass déi 1868 vum Entrepreneur Kinkels vu Bissen gebauten haiteg Dekanatskierch relativ nei! Et sollten 1869 an hir 550 Kanner gefiermt ginn. Fir hir Konsekratioun (am August 1869) koum de Bëschof mat der Kutsch un. De groussen neogotesche Bau hat fréier 700 schmuel Still – an zielt der haut 500 - déiselwecht wéi déi an der Kathedral. Een Dokument seet 1864 ‘Diekrich occupe un premier rang après la capitale! Et war jo och Garnisounsstad! (Stied wéi Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach an Dikrech, déi deen Titel säit dem Mëttelalter haten, kruten en 1843 duerch d’Gemengegesetz bestätegt.) Den zweete Jeeër- Batailloun war do ënner bruet vun 1843 bis 1867… di lescht zwanzeg Joer dovu war en an der nei gebauter Kasär, d.h. dem heitegen ale "Lycée classique" an der Garer Strooss. (Zu deem Lycée nach entre Parenthèse gesot:  seng Bibliothéik hat 1885 ewell 3000 Bicher an huet  wierklech d’spéider Definitioun ‘geistige Tankstelle der Nation’ vum Helmut Schmidt verdéngt.) - Mä zréck bei d’Kierch... Si steet op der Place Guillaume, der "Kluuster", nieft dem 1665-‘71 gebaute Franziskaner Klouschter, dat kuerz no deem Ëlwen‘er entstoung. D’Rundstedt-Offensive hat béid schwéier beschiedegt, d’Klouschter gouf da 1947 ofgerappt. D’Kierch krut 1987 bei di 3 aler nach 2 nei Klacken. Hire Baldachin iwwerëm Altor, vun 1910, ersetzt haut e grousse Lüster. Si huet klassesch Fënschteren, deels vum Will Dahlem oder dem Frantz Kinnen, an déi am Chouer strale wann d’Sonn schéngt. Se huet traditionell Statiounen, e schéint Kräiz nieft dem Altor, eng gefälleg Jousefstatue a méi wéi eng Mariefigur: déi vu Fatima, eng Tréischterin an eng Marber Pietà vum Theodor Wilhelm Achtermann vun 1871, eent vun de gréisste, chrëschtleche Konschtwierker op lëtzebuerger Buedem. (Hir Virgeschicht: Den Dikrecher Gäertner Theodor Meisch hat déi fir seng fréier Heemechtskierch Münster skulptéiert Pietà staark beandrockt - a sengem Frënd Theodor Tandel vun hir erzielt. Seng Wierder hunn dësen “alen Napoleonsdenger” inspiréiert der Dekanatskierch eng Achtermann-Pietà ze schenken, well hien d’Feldzich iwwerlieft hat.) Dikrech hat an hält zou Éire vun der Consolatrix an der Oktav ëmmer eng Schlusspressessioun…

Am Wort vum 22.10.2010 deelt de Rapport vum Gemengerot mat, am Kader vun Renovatioune wären eng nei Uergel an eng Fotovoltaikanlag um Daach vun der Dekanatskierch hirem südleche Säiteschëff geplangt. (Mä dat zweet bleift wahrscheinlech Zukunftsmusek. Dem Projet no sollten di Dikrecher Leit d’Méiglechkeet kréien, duerch finanziell Bedeelegung vun der Anlag ze profitéieren..) Den Erneierungs-Konzept verziicht op deier Ëmbauten am Intérieur, wëllt awer e moderne liturgeschen Ambiente schafen.