Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Zëtteg

Zëtteg, läit 25 km vun der Stad an der Gemeng Bech an huet 50 Awunner. (eng Dosen méi ewéi 2001). Och kleng Dierfer si Stippvisite wäert an… an ale Soen veréiwegt. Hei hunn Nuets beim Kräiz um Berbuerger Wee Passanten heiandsdo en Hues begéint mat 4 Been, mä just dräi Patten. D’Déier hat sech emol Nuets an der Hölzegriècht engem virwëtzegen Zëtteger Hiert gewisen.. Iwwerëm Weidergoen huet en dat verstümmelt Been an d’Luucht gestreckt a gesot: “’t ass däi Gléck, daß du mir kee Leed undonge wolls!”…Den Hiert krut doropshi vu Schreck gro Hoer!

Ee kulturelle Weeweiser ernimmt an der Haaptstrooss zu Zëtteg d’Baueren-Haus ‘An Huemes’ mat Renaissance Fënschteren an enger Duebeltrap aus dem 17. Joerhonnert. D’Ferme mat der Nr 5 gouf am Oktober 2007 wéinst hirer konschthistorescher Bausubstanz Monument classé an ‘remise en valeur’! An de Wee am neien Lotissement gouf dee Moment „An Huemes“ benannt. Eng schlicht Architektur huet dogéint d’kierzlech fir 10.000 € renovéiert Duerf-Kapell. Ewell 1570 ass eng kleng Zëtteger Niklos-Kapell erwänt.. a mat hir am Visitatiounsberiicht och eng Kapell zu Heeschbrech. Di éischt gouf Ufangs dem 18. Joerhonnert nei gebaut mat Plaz fir ëm 30 Leit. Se krut 1892 fir e neien Daach ee Subsid vun 250 fr. -  an 1900 Ronnboufënschteren aus Kathedralglas vun engem onbekannte Kënschtler. Hei war ëmmer de 6. Dezember eng feierlech Mass zu Éire vum Patréiner. D’Kiermes ass hei mat villen anere Mëtt November.

Wéi den Iechternacher Abt 1630 d’Héichgeriichtsbarkeet vu Bollendorf a Bech kaaft hat, hunn dozou ënner anere Roswinckel, Colbeth, Altréier, Zuttig, a Ruppich gehéiert! Ëm 150 Joer spéider daucht et op enger Kaart op als Zettig mat 13 opfalend rouden Diech als Kontrast zur grenger Landschaft. Ronn 1 km ewech un der ‘Träenk’ wou 2 Baachen zesummekoume läit d’Zëtteger Millen. (An no bei si koum déi op "635 Awunnergleichwäerter ausgeluete Kläranlag" vun Hemstel, Rippeg und Zëtteg (..déi um Weltwaasserdag ka besicht ginn.))

Uertsnimm weisen op den Alter vu fréie Siedlungen hinn. Am Eifelraum ginn Dierfer mat "-ich" oder "ach" als Endsilb op "-iacum" zréck am Sënn vun "Gutshaff" oder "Siedlung". Hir Grënner ware vermuttlech ‘Ubier’… d.h. ziviliséiert Westgermanen oder keltesch Veteranen aus réimeschen Arméien. Beispiller wären dofir bei eis Itzig... oder Rippich an Zittig. A well dat lescht wäit hannen am ABC ass… eng Remarque iwwer d’lëtzebuergesch Eegeséil aus enger Pressenotiz vu 1927; si seet dem typesch lëtzebuerger Charakter an senger Liewensastellung no... 'e Sënn fir dat Echt, Deftegt a Sachlecht ze hunn… eng ugebueren Ofneigung géingt ‘Kinkerlitzchen’ an Opgedonnertheet, en Hang zur Selbstironie.. an e gesonde Besëtzerinstinkt.' Wéi al dem Duerf mam Code postal L-6255 säin typesch lokalen Ausdrock vum ‘Blëtsch’ oder Blusch ass, weess keen! E bedeit eng Téitsch oder eng gestousse Plaz um Parzeläin. Well d’ Lëtzebuergescht keng grouss Schrëftsprooch war si verschidden eeler Ausdréck verblatzt a goufen zu gudder lescht vergiess… De Buschtawe ‘Z’ ass de 26sten a leschte vum latengeschen Alphabet a net ganz heefeg - et fënnt een en an däitschen Texter duerchschnëttlech ënner Honnert 1,13 % mol.

P.S. Den Duerfstroossen hir Nimm si Weeweiser, mol op d’ Drénk, op d’ Millen oder op d ’Gare, mol op Dikrech. Zum Schluss nach eng Zeil aus dem Mémorial: 1906 krut d’Dierfchen Zëtteg mat Hemstel am Intérêt vun der ’bienfaisance publique’ e Subsid vun 23 Frang accordéiert... ‘t goung also de meeschte Leit do gutt! Allerdengs waren am Joerhonnert virdru Verschiddener vun hei ausgewandert…