Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wolwen

Wolwen läit nieft Uewermaarteleng an huet nobäi 3 Grenzmarken. Et ass am 1. Gesank vum Rénert an engem Vers genannt mat Esch Uelzécht, Iechternach a Beeslek! Et krut 1868 eng Schoul, 7 Joer drop eng Chorale, dann 1897 den 1. Velo an d’Duerf an den 1. Mähdrescher 1961... Hei goufen 1921 Pompier’e gegrënnt an duerno eemol eng Musek, e Footballclub, Gaard-an-Heem, d’Molkereigenossenschaft an Theaterfrënn!... Vill fir en Duerf, dat 1910 statistesch 283 Awunner hat - 1970 da gefall war op 160 an haut op 428 geklommen ass.

D’Industrie vun der Lee ass manner bekannt wéi déi vum Eisen a Stool, war awer laang di zweetgréisst am Land. Maarteleng huet iwwer 200 Joer d’Leekoll exploitéiert. Een Detail aus hirer Geschicht: 1899 hunn d’Bridder Rother d’Ardoisière Hoffmann am Gréngebuer vu Wolwen, Wolvelange, kaaft fir 100.000 Frang. (Dës hat 1879 de lokalen Aubergiste Pierre Schmit an no him 5 Joer laang de Michel Hoffmann, deen och eng Auberge am Duerf hat.) Ee Chiffer: 1932 war d’Productioun 3.462.000 Leeën! D’1999 gegrënnte «Frënn vun der Lee» wëlle Goût a Fachkenntnes vum Schiefer promovéieren an Interessente vun der Regioun zesumme bréngen! De Leegrouwen hir Frënn feieren d’Bäerbel, d’Patréinesch vu Schieferaarbechter oder ‘Leekëpperten’, un déi souguer e Lidd erënnert. Hiren Dag déngt dem Undenken un dës emol wichteg Industrie am Weste vum Land.

1330 stoung um Enn vu Wolwen, no beim Kiem, eng Klaus an bis 1783 eng relativ äermlech Kierch, déi zäitweileg Klausner ëmsuergt hunn. Vun hir goung ale Porbicher vu 1670 no jäerlech eng Pressessioun op Ueschdref. Zu der ‘ruder’ Simplicitéit vun hirer uraler Pietà passt e Saz vum Paul Claudel “ici la Passion prend fin et la Compassion continue!” D’Klaus dréit ëm d’Liewe vum Wolfram vu Bungeref, dee säi jéngeren Hallefbrudder Ulrich aus Jalousie ënner enger mächteger Bich ermuerd a seng Buerg, d’Friedbuerg a Brand gestach hat. Spéider huet en de Crime bereit, sech 1315 als schwaarze Ritter a Schluechten gestierzt a Blessuren ausgesat. E koum dann als Eremit zréck op d’Plaz vum Verbriechen fir Bouss ze doen. Keen hat en dee Moment erëmkannt; seng Identitéit huet e Bréif vun him no sengem Doud dévoiléiert. D’heiteg Kapell mat de Nouthelfer steet op Felementer vum ale Bau a war 1968-‘69 renovéiert ginn... d’Nivellatioun vun hirem Terrain geet op 1927 zréck. D’al Wolframsbich huet 1955 an de Wanterstierm d'Kroun verluer a gouf beim heftege Stuerm am Juni 2000 weider blesséiert. An hirem Stamm fannen ëmmer nach Ziedele mat Uleien Plaz. D'aktuell Kierch vu Wolwen entstoung an Etappen an hat ufanks en Drohaltor, d'Schëff ass vu 1785 an den Tuerm mat der Entrée vun 1876. Hir Patréiner si Péitrus a Paulus. Hiren eenzegen Altor vun de Bridder Welter gouf 1917 geweit, säi Präis war 2800 Frang. Den Antepedium an d’Trepplecker zum Altor waren e Geschenk vun den Häre Rother an natierlech aus Lee. D’Mater Dolorosa mat de 7 Schwäerter ass méi al wéi d’Gebäi, hire Kult ass hei wéi zu Wäicherdang dem J. Hirsch no associéiert un dee vun de 14. Nouthelfer. 1963 goufe sechs vun de Kierchefënschtren ersat duerch Neier vum Mett Hoffmann, riets 3 mat de véierzeng Hellegen an lénks 3 mat Zeenen aus der Wolframslegend!

P.S. 1839 huet hei d‘nei Grenz brutal Terrain getrennt deen 1000 Joer zesummegehéiert hat. D’Sektioun Wolwen mam Duerf, mat Uewer-maartel a Rombach koumen an d’Gemeng Perlé an mat hir zum deemoolege Kanton Osper. Wolwen gouf dee Moment e Vikariat. D’Leekollen lougen zou béide Säite vun der Grenz. D’remarkabel Bich bei der Klaus ass gestäipt an zesummegebonne fir net auserneen ze briechen. Wa si emol net méi do ass, kann hiren ewell imposante Pendant riets vun der Klaus d'’Relève iwwerhuelen. De Numm Wolwen kéinnt e Lien hu mam germanesche Numm Wolf oder mat Flouernimm, déi ofgeleet si vun "welfen, wolfen oder wulfen". Plaze mat engem Muer, Heed oder schlechtem Buedem, déi onregelméisseg beplanzt goufen oder ofwiesselnd Verschiddener genotzt hunn, houschen an Ostfriesland "Wulf-Lande” a waren a Grönland onbewunnt. Ecken mat schwéierem Buedem gouf et op den 828 qkm vum Éislek wahrscheinlech vill, do war keng Plaz fir 'Wolleckeschieber' a 'Wuerthelden'... do war Asaz gefrot.