Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wuelper

Wuelper oder Wolpert zielt 30 Awunner, ‘t sinn hei 8 Haiser mam Haff, an deen huet en Zougang fir sech. ‘t fënnt een se op engem vun den héchste Punkte vun der Gemeng, an d’Plaz heescht dofir wahrscheinlech ‘um Wolper’. ’t gëtt hei Enn September Kiermes mat Konsdrëf gefeiert. Wuelper grenzt un d’kleng ‘lëtzebuerger Schwäiz’ a läit ganz no bei Heeschbrech, Bech an dem Nei Rodesch- an Geyershaff. De Vëloswee Sennengerbierg-Iechternach féiert gläich dernieft duerch en Tunnel ënner der E 29 erduerch.

Zënter 2009 gëllt d’ “Méchelskierch“ bei Wuelper als neien Unzéiungspunkt vum Mëllerdall- Trail senger Route 2. Si verstoppt sech an engem klenge Bësch no bei engem Wässerchen op der Promenade C 3. A Wierklechkeet ass dëst awer keng Kierch, awer eng Hiel am Sandsteenfiels mat zeltfërmegem Agank. Hir Geschicht reecht zréck bis an d’spéit 18. Jh... 1794 waren d’Fransousen hei agefall. D’Hiel, e Schloff mat enger Brëtsch, war d’Meditatiounsplaz vum Eremit Méchel. D’Ëmfeld hat den Uspréch vum fromme Mann senger Klausnerbrudderschaft entsprach. Dem Lokalhistoriker Fred Schaaf no krut d’ Plaz vum Entourage geschwënn de Numm „dem Méchel seng Kierch“. An dee Numm ass iwwerliwwert a figuréiert wéi d’ Flouernimm um Duerf-Plang. No bei der Hiel stinn en einfacht holze Kräiz a virdru säit kuerzem nei Bietstill. Zur Zäit vun der Franséischer Revolutioun war hei e reliéisen Treffpunkt vun der gleeweger Bevëlkerung..

An der Opzielung vu Weekräizer aus der Gemeng steet e bëssen ënnen um Wuelperhaff op der Plaz "beim Dännebësch" e speziellt Kräiz. Hei gouf ëm 1815 am strenge Wanter e Gendarme, de Peter Badebur, vun engem Ruddel Wëllef ugefall. E konnt sech esoulaang wiere bis säi Schwäert gebrach ass. An du gouf den aarme Mann regelrecht verdillegt "just net d'Wueden an d'Féiss an den héige Stiwwelen". Un dës brutal Geschicht erënnert en Text vu Norbert Weins (op Restena.lu). D’Madame vum Wuelperhaff erënnert sech un seng Opschrëft an och un dat wat fréier erzielt gouf: Dat  Stengekräiz an der Wuelper Wiss soll de Papp vum Zaldot - dee vu Wolfsfeld war - opgeriicht hunn! Di aner Kräizer un de Weeër vun an ëm Konsdrëf si vum Steemetzer Mathias Schergen vu Guedber, deen aus Tiroul hierkoum. Un d’lokal fréier Zillebäckerei huet laang eng Zill mam aggravéierten Numm vum Haff erënnert.

Am Mémorial vu 1904 weist eng Agence op de neie vollstännege Post-, Telegrafen-  an Telefonsdéngscht vu Konsdrëf hin, dee rattachéiert war un de Bureau Iechternach. Am Text si Wolpert an de Wolperhaff ernimmt an den Hiwäis… de Bureau wär an der Woch op vun  8-12, vun 2 -1/2 5 an 6-7  a Sonndes mueres vun 8-9 an och eng Stonn owes! Dem Engelmann säi Wierderbuch ernimmt “d’Fra vum Wolper” als eng "heilkundige Frau.“ Wolpertinger sinn net rasseg Hinger, mä bayeresch Fabelwiesen, beispillsweis en Hues mat Hoaren, Iinteflillecken a -Féiss. Sou imaginär Kreature fënnt een souwuel an antiken Zäite wéi a moderne Fantasiefilmer; mat eisem Wuelper hu s’ allerdéngs näischt ze dinn!

P.S. ‘Ici on connait son voisin, les visages dans le bus... et la vie suit tranquillement son chemin’ sot emol e 1987 gebuerenen Europäer mat lëtzebuerger Pass, e Journalist, am Buch ‘LuxembourgMonAmour’. Mä hie verbessert sech dann… 'La vie semble faire un détour autour de ce petit morceau de terre tranquille' (Akim Schmit). An dee Saz passt tipp top op Plaze wéi Wuelper.