Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wëntreng

Wëntreng läit wuel um Bord, mä net direkt un der Musel. An si fléisst hei d‘ "Kourlerbaach”. 2004 koum eng nei ‘crèche intercommunale’ mam Numm “Krunnemécken” an seng fréier Primärschoul, eng Crèche vun de Gemenge Biermereng, Schengen a Wellesteen. Hei kännt all Kand d’Lidd an deem ‘Kättche’ reimt mat Pättchen’… an bedréift oder lëschteg, mat fromm a chrëschtlech, well d’Drauwe jo de Sege krute vun der Sonn! Den 1. Sonndeg am November feiert Wëntreng Kiermes. De Saz vum Voltaire ‚je ne connais de sérieux ici-bas que la culture de la vigne’ kéint och vun engem Wënzer stamen.

Archeologeschen Découverte no war Wëntreng ewell a virgeschichtlecher Zäit bewunnt. Seng éischt geschriwwen Temoignage si vun 893. Wéini di 1. Kiermes an deem breeden Deel vum soss enke Museldall gefeiert gouf… wësse mer net. Di modern Wëntrenger Hubertus-Kierch steet hei säit 1960 (no Plange vum Etienne Galowich). Se huet kuckeswäert Glasmolereie mat Betongs-oderen, Kreatioune vum François Gillen. Hire 400 jäerege stengen Haaptaltor mat kraaftvolle Skulpturen an engem Wope staamt aus dem Atelier Hans-Ruprecht Hoffmann vun Tréier; e kënnt wahrscheinlech aus der fréierer Schlasskapell. D’Schlass vu Wëntreng gouf 1610 am muselfränkesche Renaissance-Stil vum Alexandre "de Musset" gebaut. Et steet mat sengem 1,5 ha grousse Park ënner Denkmalschutz, mä ass momentan onbewunnt. Seng stenge Wendeltrap am Tuerm huet eng Sail an der Mëtt a Form vun decke gewonnene Seeler. Vun do stamen eng jonk Stylistin, déi géingt Verschwende vu Ressourcen ass, an en Designer deen d’Natur als Inspiratiounsquell notzt! D’Naturschutzgebitt ‘Haff Réimech’, eist ekologesch wäertvollst Fiichtgebitt, ëmfaasst mat senge grousse Weiere ronn 100 ha. ‘t ginn hei speziell Visiten am Hierscht wann d’Villercher beréngt ginn ier se fort fléien!

Net z’iwwersinn ass den Donatus op ’Fëls’ bei deen eng Trap mat 726 Träppleker féiert. De majestéitesche Felsbierg trount iwwer dem Wënzerduerf, dat 1905 nieft 13 Wäigidder 8 Brennereien, e Kuerfmécher an eng Modistin hat. Keuperbuedem, e privilegéierte Klima an d’optimal Sonnelag erméiglechen hei Rekolte vun exquisitem Wäin. Eent vun de lokale Wäigidder profitéiert säit 8 Generatioune vum Wëssen ëm traditionell Wäibereedung a krut 2006 beim Rieslingsconcours zu Stroossbuerg eng vu 19 Sëlwermedailen (an dat ënner 514 Wäiner aus 13 Länner!) De Stefan Andres hat mol gemengt, d’Musel wär nom ‘Regulariséirungs-projet’ méi schéi ginn an de Spigeleffet vu grousse Waassermassen, di lues fléissen, ‘géif d’Drauwe méi fréi räife loossen’. Ursaach un engem Duerchschnëttserdrag kann also nëmmen e ‘mëttelgouden‘ oder schlechte Mëttelherrescht’ sinn.

D’Kiermesstëmmung fänkt hei Samschdes u mam Hämmelsmarsch. Mä net just dann approuvéieren d’ëm 400 Awunner dem Josef Duhr säi Luef… ‘d’Musellandschaft wär en ‘zweete Paradäis’. Un éischter Plaz louch Wëntreng 1886: Et krut den éischte Pompiersveräin am Kanton Réimech. En hat gläich 28 Memberen, a säin 1. Fändel besteet nach haut, Säit 2004 forméieren di 3 Corps’en aus der Gemeng Schengen elo ee “Service d'Incendie et de Sauvetage". Bei hinne gëtt Frëndschaft grouss geschriwwen. D’éischt Silb ‘Win’ vum Duerfnumm Wintringen oder Wintrange soll op e germanesche Persounenumm zeréckgoen, dee Frënd bedeit. A seng zweet Silb ‘ange’ bedeit bekanntlech Engel. Kommen hei trotzdem emol Kärelen heem mat enger Bëls op der Stir, heescht et …‘t goufe ‘Knuppestiren’.

P.S. Dem Realisateur Christoph Stark säi Choix als Kulisse fir eng Filmzeen war d’Schlass Wëntreng! Hei goufe Mëtt August 2010 Episode vum Film ‘Forevermore’ gedréit, an deem ëm 1900 ënner anerem d’Alma Mahler, de Kokoschka, de Georg Takl a seng Schwëster Grete am Mëttelponkt stoungen. Zu Wëntreng gouf den Atelier vum Moler gefilmt an ee vun deem organiséierte Bal, deen d’brillant Wiener Gesellschaft erëmspigele sollt. D‘Kulisse hunn dobäi diskret d‘al Uebst- a Parkbeem encadréiert.