Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wëntger

Der Gemeng Wëntger hir Fläch huet 113,68 km2 an hiren Haaptuert läit geographesch an hirer Mëtt - un der Strooss Ëlwen-Baaschtnech ( ...net u grousse Verkéierstrecken an awer no bei Touristenzentren.) Flächeméisseg ass si säit hirer Fusioun mat 27 Uertschaften di gréisst Gemeng vum Land. D‘Buch Grenzmaarken indiquéiert hir Grenz zur Belsch mat 25,5 km ( a mat 43 Maarken.) Bei der borne 265, op 492m, passéieren grenziwwerschreidend Promenaden ënner dem Motto ‘traversée des pays et des âges‘! Den Diktionnär vum Engelmann gëtt als Variante vun hirer Schreifweis Wëntjher un a Wëncher an der Gemeinde Bœgen. De manner bekannte Gangler ‘Lexicon der Luxemburger Umgangssprache’ vun 1847 nennt d’Duerf am Canton Clerff Wintger an och Wennerange - eng Versioun déi anerer net iwwerholl hunn.

D’Origine vu Wincrange reechen zréck bis an d’nuit des temps. Am Joer 786 ass et a verschiddnen Dokumenter opgedaucht ënner dem Numm Winx. D‘Ardennen goufe fréier beschriwwen als zimmlech onzougänglecht Gebitt zwëschen de fruuchtbare Regiounen ëm Rhäin a Meuse.. De Réimer hir strategesch Héichteweeër, (déi no Streck Reims-Köln an de Post-Wee Roum-Antwerpen) kleng Siedlungen an deels Mythen a Legenden hu Geschichtspassage geschriwwen. Heirëmmer hunn al Bauerenhaiser, an deenen et housch: hie schléift op der Trap oder um viischte Späicher... wahrscheinlech Raretéitswäert. An och d’Ausdréck Schnicksdouch fir Nueschnappech oder eng Raficht Grompren si vereelst.- Bis zur Gemengefusioun hat Wëntger knapps 100 Awunner a virum Krich grad wéi Breedelt 19 Haiser. Enn Januar 1945 waren dës alleguer beschiedegt. Statistesch erfaassten Detailler: 4 iwwer 80% - 5 tëscht 25 a 50% an 10 manner wéi 25%. Zu Allerbuer waren der vun 19 just 5 ouni Schued. (De Jean Jaans erënnert am Kapitel Rekonstruktioun nom Krich drun, dass 1944 zu London op Initiative vun der Groussherzogin Charlotte ‘d’oeuvre nationale de secours‘ gegrënnt gouf. Fir Krichsaffer z’ënnerstëtzen hunn dofir all d‘berufstäteg Lëtzebuerger hiren Dagesloun vum 23. Januar 1945 gespend.) (Cliärrwer Kanton 3/1995)

Grouss Changementer koume mam Plang vun der neier interkommunaler Schoul zu Wëntger, duerch si gouf 1974 vun engem Dag op den aanren alles anescht. Se war e Modellprojet an sou modern, dass vill Responsabler se besiche koumen. Hiren Eeklassesystem an d‘Sportinfrastruktur huet aus der fréier ganz iwwersiichtlecher enker Duerfschoul-Zesummegehéiregkeet eraus eng nei Ära mat nei Komerodschafte bruet. Am gréissere Liewensraum war Plaz fir nei Iddien an eventuell Querelle si verflunn. D‘dynamescht Léierpersonal hat 1974 gläich 12 Primärschoulklassen, e Fernsehsall, an 2 Spillschoulen. No der Vergréisserung, 1999, hat de Schoulkomplex ë. a. 18 Primär- a 6 Spillschoulklassen. (Virun der Gemengefusioun gouf d’Wourecht vum Sproch erkannt “l‘union fait la force…“) D‘Zesummeleeung vun den eemol wichtege Gemengen Asselbur, Béigen, Helzen an Uewerwampech war 1977 di éischt am Land, also exemplaresch. D‘Liewensqualitéit goung erop. En neie Wopen huet Typesches vereenegt, Lilien a Posthar am roude Band stounge fir Aasselbur, d’donkel Kolonne (mat Perron, Globe a Kräiz) um goldege Fong fir den Haff Hachiville.

Di éischt Silb vum Uertsnumm soll dem alen englesche Vocabulaire no ‘blessed peace‘ bedeiten. E franséische Luef nennt d’Regioun ëm Clierf, Wolz an Ëlwen ‘favorable à la détente’. De Fotoband mat Kierchen aus der Gemeng (vum Claude Fandel) ass luewenswäert an niewebäi en Inventaire vun hirer Kierchekonscht, och wann heiandsdo just Brochdeeler vun ale Konturen erhale sinn. De Kierchtuerm genéisst Schutz vun ale Beem a wiisst aus dem Daach eraus. D‘1509 gebaute Kapell läit un der Strooss Wolz-Ëlwen, ganz eenheetlech, (wéi ‘t an der Zäit vum Dürer Usus war.) Mol gëtt se zur Spéitgotik, mol zur Fréihrenaissance gezielt. Se huet een Altor vun tëscht 1730 an 1738 mat wonnerbare Sailen a rechts un der Chouerwand eng al Klack - Kenner no e Prachtexemplar. (De Carlo Hemmer hat hir sproochlech intressant Opschrëft notéiert: „Maria heischen ich. In Godes Namen leuden ich. Bos Wetter vertreiffen ich. Meischter Gaspar von Vianden gos mich 1595.) Nobäi fléisst eng Quell déi hire Patréiner, den hl. Bernard, soll geseent hunn. De Bau gouf 1666 renovéiert a wahrscheinlech koum dunn d’Virhal drun. Haut hannerléisst se mam klengen Duxall aus Holz, de Bänken an 4 ondatéierte Fënstre mat Rautemuster e schmocke, graziéisen Androck.

P.S. Di 7. Editioun vun "24 Stonnen Velo Wentger" war och 2014 souwuel fir Fraizäitsportler wéi Profiën a Form vun engem Staffelrennen. Hir 3,3 km laang Streck geet duerch 3 Dierfer iwwer den onduléierte Plateau. Ob dobäi Equipegeescht ee manner sportleche maträisst, ob verschiddner wéi emol den Henry Miller mat hirem Velo “stomm Gespréicher“ féieren? Oder ob eenzeler sech vläicht un d’aalt Lidd erënneren an deem ”Mäi Weloss” mat “Freed a Genoss” reimt.. an ’t am Refrain heescht “de Gidon an d’Hand a fort wéi de Wand!” (W. Goergen-G. Kahnt, Lidderbuch vun 1898) - En aanren Highlight ass d’Kiermes, ëm den 20 August. An am Wanter?  Da gëllt hei wéi och soss an der kaler Saison d’Zeil vum Fränz Frising iwwer d’Vergänglechkeet “d’Joer gät zu Enn an d’Blieder schlaufen an d’Déifte vu Jorhonnerten!”