Wellesteen
Wellesteen läit net direkt un der Wäistrooss, mä gläich hanner Bech-Klengmaacher - an war ëmmer mat him a Schwéibseng eng Gemeng. Seng 451 Awunner genéissen d’Generositéit vum Musel-Dall… Dësen ass net wëll an zerrass vum Sträit vun den Elementer an hat dem Buch ‘Mosella’ no … ëmmer schonn eng ‘kloar geméitlech Liewensaart’! Well d’Réimer hirerzäit an eiser Géigend net op Riewesaaft verzichte wollten, hu s’es ugebaut, an hiert Wëssen drëm hu se matbruet. Ouni dëst wär hei keen Drauwefest Ufanks Oktober...
Am ganzen Dall, mä speziell säitlech vum Scheierbierg ‘leeën Muselbërger sech zoutraulech ëm d’Därrfer..’ Hei ass de Sëtz vun der gréisster lëtzebuerger Kellereigenossenschaft. 1880 war hei den éischte Wënzerveräin un eiser Musel gegrënnt ginn, de Virleefer vun de Berufs-Coopérativen. An der ‘Belle Epoque’ huet hei e Schneidermeeschter gewunnt, deen och Coiffeur war. Wellesteen huet ronn 64 ha Wéngerten, hei wiisst op ‘Foulschette’ an ‘Kurschels’ aristokratesche Wäin, de Riesling. Säi Panoramabléck vum noe Scheierbierg an d’'Knippërem-Kéier' sinn derwäert extra ernimmt ze ginn.
Dat typescht Museldierfchen mam pittoresken Duerfkär aus dem 16. a 17 Jh. ass onverwiesselbar. ’t huet räich Wënzerhaiser, eng Duerfplaz an al spuenesch Arkaden, wahrscheinlech aus dem XVI. Jh. am Hannerhaff vum Leënhaus an zimlech al Bräich… Säi Buer ass d’gefaasste Quell, déi aus dem Bësch erof kënnt; bei si gouf fréier gepilgert an d’Ae sinn an hir gewäsch ginn. Hei ass de 26. Juli den Anna’ën Dag. Zur Kierchepatréinesch besteet e speziellt Gebied: ‘Heilige Anna, ‘wir rufen dich an, bewahr uns vor aller Sünd und Schan’! An der Kierch fale 5 Statuetten op, déi vun de 4 Evangelisten an den hl. Mechel, deen aus dem Atelier Greef kënnt. D’huet och e Weekräiz vum Greef am charakteristesche ‘Style Croix retable’ wéi dat vu Manon vu 1614. An senger 1784 gebaute Kierch ersetzen 3 Marberaltär di al klassesch aus Holz; hei waacht di veréiert Mutter Anna Statu, an de nidderegen Altor erënnert un d’fréier Kommiounsbänk. Vun de Brücher Molereien ass en Deel iwwerstrach an Deel erhalen. D’klassesch Fënschteren mat z.B. dem Samariter an dem Wäistack, si vum Altwis’er Kierchemoler Jean-Pierre Koppes! D’besteet elo 15 Joer hei eng Damme-Chorale. Nach ze soen : di haiteg Annen- Duerf kapell steet um "Härewee" op der Plaz vun engem fréieren Eremitage. Di al Entrée ass dra verschafft a säit 1998 restauréiert ! Eng Statue vum hl. Mathias, dem 2. Patréiner, steet op der Kräizung Réimecher-, Munnerefer-, Bongert- a Kierchestrooss. Si ass 1967 inauguréiert ginn. De Wopen vu Wellesteen ass um lëtzebuergesche Fändel inspiréiert mä en huet ënne welleförmeg Sträife mat roudem Léif, an uewen 3 gëlle Rieweblieder als Symbol fir di 3 Dierfer aus der Gemeng.
D’Plaz hei huet emol zum Haff Réimech gehéiert, a war an der Feudalzäit, ënner Wenzel I. e ‘prévoté! Am Duerf-Numm läit ‘Well’, wat och Achs vu Millerad oder Schläifsteen bedeit. An d’Verb ‘wellen’ hat och plazeweis de Sënn vu wiewen, net wäit ewech hei gouf fréier ‘Duch gewellt’. De Spottnumm ‘Bounekräpp’ kënnt dohir, dass hei Gaardeboune extra gutt wuessen. 'Sinn si goud an d’Kiischte rout, hunn di Welleschter keng Nout' ass e vollekstëmmleche Luew op zwee vun de Lokalprodukter.
P.S. 1822 hate Réimecher Bierger Angscht et géif eemol Réimech bei Wellesteen heeschen aplaz ëmgedréint... well dat Duerf méi fortschrëttlech wär wéi hiert Stiedchen! Dëst verréit en ale Protestbréif an enger Veräins-Brochure. Ursaach fir d’Onrou: duerch d’Duerfstroosse goung kee Gemengen-Hiert méi mat Schwäin – mä Réimech hat nach säin Hiert mat der Häerd Gussen an de visibele Konsequenzen. - “Judd mat Gaardebounen, éisség'er Sauce a Speckgromperen”, “Häipe mat Klappschmant”, “Duedereschwamp” an Duederelikör zielen hei zum deftege Kiermesiessen. Deem Dag säi Volleksfest–Charakter verlängert de Kiermesmoart op Kiermesméindeg. Da kënnt et vir, dass Wäin d'Mënschen iwwer sech selwer eraushieft. Mä ir en dat mécht, verlaangt en hinnen 'Fron und Schweiss' of, sot emol de Fernand Hoffmann, deen a schlechtem Iessen e 'Kulturverloscht' gesouch.