Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wäisswampech

"D'Bëscher ëm Housen, Boxer a Wäisswampech waren an de leschte Joerhonnerten di schéinst am Land" hat emol de Lex Jacoby gesot. Dännen hunn d'Landschaftsbild zum Deel verännert mat hirer ëmmergrénger Monotonie... D'Bichebëscher bidden am Hierscht Ofwieslung mat hire ville Faarwnuancen – se follechen dem Kalenner a variéieren iwwer giel, kofferfaarwegeg op brong. D'Fläch vun de Wämper Gemengebëscher ëmfaasst haut 74,20 ha, d’Wisen, Aackerland a bebauten Terrain 55,80. Den Nassauer Léif, d’Zeeche vun der Lehnsherrschaft Burg-Reuland an e Posthar d’Symbol fir d’fréier Post Wäiswampech sinn d‘Haaptemblemer vu sengem Gemengewopen. An dee koum iwregens 1981 op e Caritas-Timber vu 35 Fr.

Virun 100 Joer huet nach e Postillon den Trajet Wäisswampech-Ëlwen an zréck mat der Postkutsch gemat. Kuerz drop hat hien dann den éischten Auto am Duerf. D'Welt war do (..wéi et emol housch) kengesfalls “mat Brieder zougeneelt". D’Haiser hu Gebuergenheet ausgestraalt. Dem Carlo Hemmer, engem Fan vum Éislek, huet d’Plaz uganks de 1970ger en gefleegten Androck hannerlooss an en huet se 'unbäuerisch a seigneurial’ genannt! Wäisswampech huet sech entretemps zu engem vill besichten Erhuelungsgebitt entwéckelt.. Seng Promenade laanscht d’Seeën ginn am Wanter zu Laanglafpisten ëmfonktionnéiert.

Om Wämper Bann a Richtung Ouren ass d’Lourdeskapell säit 1911 eng beléifte Plaz fir Käerzen unzefänken. Den 2004 ageweite ‘Lancaster Memorial’ mat 3 Masten fir 3 Natiounen, engem symbolesche Flillek,14 Kräizer am Buedem an engem Gedenksteen, erënnert doniewend un d'14 Affer (aus England, Kanada a Neiseeland), déi d‘Fligerongleck am August 1944 hei net iwwerlieft hunn. Fréier war d'Wämper Par eng sougenannte Mammepar, se huet duerch Alter a Gréisst zu de wichtegsten aus dem Éislek gezielt. Besëtzer vun hirem Territoir war d'Räichsabtei Prüm. Dem Visitatiounsprotokoll vu 1604 no war di deemoleg Parkierch der Muttergottes geweit. Hirem haitegen Haaptpatréiner Johannes vu Nepomuk seng Statu ass d'Zentralfigur vum Haaptaltor. Wahrscheinlech hat de Respekt vum Beichtgeheimnes dem Prager Doumhär ëm 1383 d’Liewe kascht. De Kult vum „Bommenzinnes“ (..ofgeleed vu Nepomuzenes) huet sech am 18. Joerhonnert staark verbreet, e gëtt hei ugeruff fir Reen an géingt Médisancen; nieft dem Donatus an Eligius huet nach den hl. “Baast“ hei eng Éireplaz. - E Bléck zréck an d'Zäit fällt 1734 op e baufällegt Wämper Gotteshaus an zwee Joer drop op e Neibau - d'Schëff vun der häiteger Wämper Kierch. Enger Schrëft no hunn deemols 10 Uertschaften zu der Par gezielt. No der franséischer Revolutioun entstoungen aus dem ale Parbezirk 5 nei Poren nieft der Mammepar... an eng Gemeng gouf et dunn och. 1870 krut d'Kierch e neie Chouer mat Sakristei an zeng Joer drop e neie Klackentuerm. Aus dem fréiere Bau staamt de barocken Haaptaltor, de Priedegstull vu 1922 wierkt diskret an ass wäiss wéi d’Maueren. Di 13 Ronnboufënstere vum Frantz Kinnen si vun ëm 1965; se zielen zur d’Bléi vun der Nokrichszäit a verroden seng staark Perséinlechkeet; (..zwou vun hinne sinn abstrakt.)

Iwwer d'Entstoe vum Duerf ass wéineg bekannt, rondrem si réimesch Siedlungsspure, säi Numm geet mindestens an d' 8. Joerhonnert zréck well fréimëttelalterlech germanesch Uertsnimm mat Bach op ‘net schëffbar‘ Waasserleef hiweisen an allgemeng als ‘karolingesch‘ gëllen. En Dokument ernimmt Wyzswampach 1497. Virwat "Wäiss"-wampech? Vläicht wéinst perfekt gewäissten Haiser, Herrschafte mat wäisse Bäert oder Leit di “d’Wäisheet gepuecht“ haten? Dem lëtzebuerger Dictionnär no imitéieren d’Nopeschdierfer d’’Einheimesch’ ironesch „mirr Wäämper“! (‘Kierchtuermscauserien‘ 2005)

P.S. D’charmant Wemperbaach" schläengelt sech vun der Wemperhaardt erof duerch Wäisswampech a Bënzelt, wou déi 2320 km laang ‘Grande Randonnée Nr. 5’ vun Hoek van Holland un d’Riviera säit Enn de 1950ger passéiert. Seng Promenade féiere bei d'Schibech oder de Point de Vue om Dräilännereck an iwwer typesch ’Isleker’ Häng. Seng zwee kënstlech Seeën vu je 6 ha leien op ëm 470 m beim Camping ”Klackepëtz“; een ass fir d’Sportler an ee fir d’Fëscher! Am Duerf um Héichplateau konnt keen am August 1914 däitsche Militär beim Konfiskéiere vun Telefonen an Telegrafe bremsen. De Postagent Mercatoris konnt seng Direktioun just schrëftlech informéieren. De Réseau am ’plat pays’ sollt no sechs Wochen nees fonktionnéiren, mä den Éisleker blouf laang defekt. - Zesumme mam L.B. hat den hei gebiertegen M.M., de Michel Molitor seng ’Sammlung iwwer Fester a Gebräicher fir Kanner am Joereskrees’, d’”Illustrierte kindertümliche Heimatkunde” publizéiert, déi haut an der Bibliothéik vum Peppenger 'Musée Rural' schlummert!