Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg - Weimeschhaff

1875 ware grad emol 58 Awunner um Weimeschhaff agedroen - 10 Joer virdrun hat dës Plaz zesumme mat Neiduerf an 'Tavioun' 956 Leit - an am Joer 2001 hat deeselwechte Stader Quartier mam Neiduerf zesummen der knapps 3000. Wéi d’Famill Hubert a Katharina Meyer vun hei ausgewandert war, an 1906 dem Gäertner Entringer vum Weimeschhaff en Terrain vun 23 Ar fir 535 Frang verkaaft huet, wousst kee wat hei spéider emol entstoe géif! De 1931 ernimmte Verbindungswee Kierchbierg – ‘Hafferland’ goung vun engem Flouernumm aus..

Den Ignace de la Fontaine hat 1859 bemierkt, dass di op der Héicht geleeën Uertsdeeler vum Neiduerf, de “Weymeschhaff” an de Kierchbierg ‘sich auf ausgerodetem Waldboden erheben’. Gewosst ass och, dass op den Héichten iwwer Clausen no 1563 dem Grof Mansfeld säin Déieregaart louch. De noe Guttshaff, de Weimeschhaff, war laang Besetz vum ‘Helleg-Geescht Klouschter’ an 1531 als Deel vun der Gemeng Eech ernimmt. 30 Joer duerno nennt dem Thomas Mameranus seng Kaart d’Plaz ‘Wimershovium’ e ‘fief dépendant de la Seigneurie de Dudelange’ a weist donieft de ‘Mons Reschettius’. De Plan Jaillot vu 1735 weist tëscht Weymerskirken a Feitchenau-Cense de Weymershof-Cense. Hof huet eng Höfesch Siedlung bedeit; Weymer geet op VIDMAR zréck, e Personnage deen och Weimeschkierch d.h. Wimari-Ecclesia de Numm gouf. Eng Notiz vu 723 verréit, dass den kranke Karl Martel der Tréirer Abtei Sankt Maximin 3 Lännereien, 3 ”Lehen” ginn hat, dorënner och Vidmar Ecclesia. 

De ‘Park Weimeschhaff’ oder ‘Parc Centre Jean XXIII ass haut eng vun de schéine Gréngflächen am Nord-Oste vun der Stad. De sougenannte Séminärsbierg ass Propriétéit vum Séminaire zanter 1885… dank der Generositéit vu sengem éischte Präses, dem Jean-Michel Föhr vun Iechternach. Hien hat d’Plaz nom Schläifen vun der Festung étappeweis kaaft. Virdrun hat den Terrain kuerz zur Festungsanlag gehéiert. E Bléckfank vu wäit ass zanter 1888 d’monumental Jousefs Statue vun engem hollännesche Skulpteur um neogotesche Sockel vum Dikrecher Architekt Knepper. Heihin hunn d’Séminariste fréier kleng Ausflich gemat.- Haut läit um West-Enn vum Weimeschhaff d’modern konzipéiert Séminaires-Gebai. Säi Grondsteen ass den 23.Dezember 1970 geluet ginn… no Plange vum Architektebüro Michel Heintz. D’Häerzstéck vum “Centre Jean XXIII” ass do fir d’Priesterausbildung an d’Formatioun vu Reliounslehrer a -Jofferen fir d’Primärschoulklassen. Den Zentrum offréiert Aus-, Fort- a Weiderbildung, Tagunge, Retraiten, Bibel- a Glaawenscouren. D’Kapell ass en helle Raum an huet d’Natur als Kuliss hanner der Altor-Teppech-Wand. Si huet eng Consolatrix vum Albert Hames.…a Plaz fir iwwer 100 Leit. A mir liesen, dass d‘Vierge assise d’Abweiler’(mam Kleed mat der ‘Rose mystique à 5 Pétales de la rédemption‘) eng Plaz am grousse Séminaire krut. Vu 1977 datéiert den Ensembel vum Chouer. Den Altor, d'Stèle vum Tabernakel an d'Grille mat de Reliefe vun de 4 Evangelisten si Kreatioune vum Pit Nicolas, an och d'Grille mam Ben Heyart senger Tapisserie ass säi Wierk. 

Am Gebai senge Maueren ass nieft dem Katecheteschen Institut och d’grouss Bibliothek 'vum Bëschof Laurent; dës Sammlung ass en Don vun de Schwëstere vu Simpelveld an Holland. Säit kuerzem verschéinere Cadeaue vun 3 bedeitende Lëtzebuerger Kënschtlerinnen den Intérieur; se si signéiert: Marie-Thérèse Kolbach, Eliane Goedert-Stoltz an Ger Maas. Vum 1274 gestuerwenen Thomas vun Aquin ass de Saz ”Wéi e Konscht-Wierk dat Wierk vun der Natur viraussetzt, sou setzt d’Natur-Wierk dat gëttlecht, dat vum Creator viraus.”

P.S. 1906 hat e Gäertner e Feld um Kiem vun engem 1 ha kaaft fir 3370. Zum Thema 'Lehen' ee Saz zur Erkläerung: Fréier hu Lehnshären (wéi z.B. den ewell uewen ernimmten Karl Martell) hires Grond a Buedem ‚verléint‘ op Liewenszäit. Dëst war un d’Konditioun gebonnen hinne perséinlech Déngschter ze leeschten, an u Chargen. A béid hu sech zu géigesäiteger Trei a Respekt verflicht: Den Här zu ‚Schutz und Schirm‘, de Vasall zu Rot an Hëllef. 'Lehe' ass teselwécht wéi dat franséischt 'fief'. (Schenkungen un d’Kierch goufen iwweregens mat enger Stëftung belount.)