Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Weilerbaach

D’Weilerbaach an der Gemeng Bäerdref hat am Summer 2011 genee 341 Awunner, vun deenen 299 am ‘Foyer Heliar’ ugemellt waren. Et läit un der Sauer zwësche Bollendorfer-Bréck an Iechternach an 2.341 Kilometer vu Santiago de Compostela! Hei passéiert nämlech e Jacobs-Pilgerwee, an op deen weist d’Jokes-Stèle bei der Foussgänger-Bréck hin.

Un der däitscher Säit vum Floss, an der Gemeng Irrel, steet d’Schlass Weilerbaach am Uertsdeel mam selwechten Numm! Intressant historesch Hannergrënn ëm dës Grenzuertschaft erlaben eis e Réckbléck vu gutt 230 Joer. Mat der éisterräichescher Herrschaft, no 1714, koum ee Bauboom an eisen Duché. Prächteg Beispiller vum räiche Patrimoine sinn d’Iechternacher Benediktinerabtei an dat not Weilerbaacher Schlass. Eng wichteg Info dozou: 1762 haten d’ Mönchen eng kleng al Schmelz bei Bollendorf kaaft fir 19.570 Frang. Well keng Produktiounssteigerung erlaabt gouf, huet d’Abtei da 1777 un der noer ‘Weilerbaach’ eng gréisser Eise-Forge gebaut. A gläich drop huet de leschte baufreedegen Abt Emanuel Limpach d’Schlass Weilerbaach als hire Verwaltungssëtz an zugläich ‘Summerhaus-fir-Äbt’ opriichte gelooss (vum Architekt Paul Mungenast, engem gebiertegen Éisträicher). E besonneschen Detail: nieft de normalen Trapen hat d’Residenz och eng geheim Trap, verstoppt an engem bannen hallefkreesförmege Wandschaf. Si huet de Keller mam Gaardepavillong duerch en ënnerierdesche Gank verbonnen. Eng Idee bei där Gedanken un e Fluchtwee no leien...

Wéi franséisch Revolutiounstruppen 1794 d’Géigend besat hunn, goufe Schlass a Schmelz versteet. Nom 1827 verstuerwenen Nicolas Vincent Legier, dem Direktoriumskommissar vum ‘Wälderdépartement’, koum da geschwënn als zweete Besëtzer d’Industriellefamill Servais. No de napoleonesche Kricher huet de Wiener Kongress d’europäesch Landkaart 1815 nei gezeechent! Eis Gebidder ëstlech vu Sauer an Our bis Bitburg a Prüm koumen deemools bei eiser 2. Deelung u Preussen a mir goufen zum Trouscht.... e ’Grand-Duché. An der renomméierter Weilerbaacher Géisserei entstounge weiderhin Taake mat schéine Motiver no hëlze Middelen, a no 1846 hu metalle Pléi a Walzen ‘made in Weilerbach’, Colmar, Lëntgen oder Wecker d’al Modeller aus Holz ersat. D’barock Summerresidenz fir d Iechternacher Äbt vis-à-vis vun der Sauer mat der ‘ iwwerschwenglecher Rokoko Architektur’ am Mëtteltrakt, louch also quasi iwwer Nuecht op däitschem Territoire - am heitegen Däitsch- Lëtzebuergeschen Naturpark. D’ganz Schlass-Anlag war 200 Joer spéider no um Verfall, mä haut weist de restauréierte konschthistoresche Bijou vun der Südeifel nach op Lien’ën mat eisem Land hin. Lëtzebuerg an eis Noper vum Bitburger-Land hu jo ëmmerhin iwwer 1000 Joer laang gemeinsam Geschicht geschriwwen!

De Weilerbaacher Institut Heliar entstoung 1910 als e Genre Sanatorium op Initiative vum Paschtouer Nik Neuens. A senge Mauere gouf de kränklechen Här dank doucer Kneippkuren an eegenen Heel Methoden 79 Joer al. D’Kapell vum Heliar gouf 1934 gebaut a krut Glasmolereien vum Anton Wendling vun Oochen. D’Fënschtere goufen allerdéngs wéinst ‘Umnutzung der Kapelle’ 2006 ausgebaut.. Haut ass an hir en Dortoir, well an d’Haus koum nom Altersheem e Centre d’acceuil fir Asylanten.

P.S. De Johann Joseph von Goerres beschreift 1814 an sengem Artikel ’Das Luxemburgische’ (am 'Rheinische Merkur') engersäits d’Land ‘ängstigend und traurig’ an anerersäits ‘lachend, reich, schön und malerisch, besonders an der mittleren Sauer zwischen Diekirch und Echternach’ (… Durch den schmalen Saum am Fuss der Gebirge läuft mitten unter Binsen und Wasserpflanzen vertraulich der kleine stille Strom. Landhäuser stehen langs dem Ufer und Eisenschmieden, wo wilde Gluten das Eisen bezwingen.’) (Trouvaille aus dem Buch ‘Echternach Histoire d’une ville’ Paul Spang, 1983) - An last not least housch et fréier ‘Mer sinn 'an' oder 'op' der Wëllerbaach an der Kur‘.