Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wecker

Wecker hat Mëtt August 2013 eleng 180 Awunner a mat Wecker-Gare zesummen 655. Béid sinn an de leschte Joerzengten op der Landkaart optesch mat Biwer zesummegeréckelt. D’Zich passéieren hei zenter 1861 an halen um Point kilométrique 27,680 vun der Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Grenz. Güterzich brenge via Wecker Stol an den 1966 ageweite Mäerterter Hafen an um Wee zréck Kuelen an de Süde vum Land! D’Haaptstrooss féiert aus Sécherheetsgrënn säit 10 Joer duerch en Tunnel ënner de Schinnen erduerch. Den Uerts- a Familljenumm Wecker huet germanesch Racinen a soll vu ’Wecken’ kommen; de Suffix ‘er’ weist op de ‘métier ancestral’ hinn vum ‘guetteur qui reste en éveil’ – a léisst u mëttelalterlech Wiechter denken. (Am Biwer Gemenge-Wopen ass d’Duerf vertruede mat zwee Reng vun den ‘armes de la famille Wecker’, vun där d’Häre vun Donven a Gréiwemaacher ëm 1700 ofgestaamt hunn.

Wecker läit um Zesummefloss vun der Biwerbaach an der Sir, op béide Säite vum Sirdall. (De ganz ale Wee op d’Musel goung iwwer Nidderanven, Rued/Syr, Betzder, Wecker op Gréiwemaacher mat Uschloss un Tréier a Lieser. ‘t louch also un der Transitroute Bréissel-Augsburg-Innsbruck a 1684 ass do e Postrelais ernimmt. Nieft der Agrikultur ass seng Vergaangenheet markéiert duerch d’Siderurgie! 1873 hat do d‘Société Duchscher Frères et Spoo eng Fabrik opgemat a no 4 Joer e Katalog mat hire Spezialitéite presentéiert. Duerno goufe jäerlech ënner anerem 1.500 Presse verkaaft. D’erfinderesch Firmepäpp kruten 1882 de Brevet d'invention N° 185 pour "Presse à levier différentiel" ausgestallt! (En Online-Auktiounshaus huet iwwregens kierzlech eng “Original Patentschrift - A. Duchscher in Wecker b. Biwer, 1885, Kelterpresse, Presskorb, Wein, Trauben” offréiert fir 49.99 EUR!) Hir Kelteren hate vill Succès an der Tréierer Géigend, an ‘t steet een am Écomusée Roscheider-Hof zu Konz. D‘Produktioun ass ausgebaut ginn, an de Spoo huet spéider en Escher Atelier geleed. 1894 koum d‘Aarbechterzuel mat 162 bal un d’Awunnerzuel vum Duerf erun an ass stänneg gewuess. De Max Duchscher hat no 1919 d’Familljenentreprise geleet an hir Geschicht fir de 75. Jubiläum an engem Buch dokumentéiert. Nom Arrêt vun der Produktioun (Mëtt de 1990ger) beräicheren haut nei Entreprisen de Wecker Site. ‘Am Scheerleck’ bidde beispillsweis d’Tréierer GmbH Köhl, där 1860 gegrënnte Laeis hiren Haaptsëtz an d’Luxelec mat aanren do implantéierte Firmen zesummen ëm 400 Aarbechtsplazen.

Nieft der Fonderie a Fabrik hat Wecker virun 100 Joer eng Millen, e Bäcker, zwee Schouster, e Woner, zwou Epicerien a 4 Wiert, (d.h. haut véier ‘Bistroen‘ ..an eng Pizzeria.) D’Waasserleitung koum tëscht 1903 an 1905. - D’Uertschaft war anno 768-69, wéi Karel de Groussen (Deel-)Kinneck vum Frankereich gouf, als Wechringen agedroen - an am Joer 780 als "Dépendance" vun der Abtei Iechternach. Hir Kapell hat iwwer 900 Joer de Willibrord als Patréiner. Mä dëse sollt 1723 een ‘Äishellegen’, de Servais oder Servatius ofléisen… (wat nëmme bei engem Neibau geschéie konnt.) Wecker gehéiert zur uraler Betzder Por.. Seng fréier Kierch stoung um aktuelle Kierfech, déi haiteg entstoung 1875. No knapps 100 Joer goufe bei der grousser Restauréierung d'Niewenaltär erausgeholl - en neien Zelebratiounsaltor entstoung aus der Kommiounsbänk an en Ambo aus dem Priedegtstull. D’Täfelung blouf erhalen. D’Fënstre si Wierker vum Frantz Kinnen vun ëm 1955. An de 1990ger gouf d'Kierch nei ugestrach an schlussendlech krut se bei déi zwou al Bronzeklacken zwou neier.

D’Wecker Gare ass ähnlech al wéi d’Kierch, hir Maueren aus den 1870ger goufe kierzlech restauréiert an hunn den nostalgesche Stil mam Natursteen an d’Ronnboufënstre behalen.(..Hire ‘bâtiment voyageurs provisoire’ aus Holz war demontéiert ginn an huet 1875 zu Schëffleng eng Verwäertung fonnt - dëst verréit den Online Lexikon http://fr.wikipedia.org) Se gouf gutt 100 Joer genotzt, stoung eng Zäitchen eidel a krut neierdengs eng Funktioun als Bürogebäi. D’Signalisatioun geréiert d’Éiter Gare an den noen Park&Rail ass gratis. En Trëppelpad vu Gare zu Gare féiert vu Wecker op Manternach laanscht de Bësch iwwer d’Faulbich a laanscht Hieroglyphe vun der Natur… (esou nënnt de Goethe d’Blummewelt!) Nach intressant: 1848, ir d’Eisebunn bestoung an den no hir benannten Uertsdeel, hat d’Duerf 123 Awunner, genee dräi méi wéi Schrasseg an ee manner wéi Obeler.

P.S. De jonken zu Iechternach gebuerenen Duchscher hat als 23järegen der aler Abtei hire Carillon reparéiert, eng Auer dru gemat a mat Frënn d‘Dicks-Melodie “D’Kadette vun der Sprëtz“ dra programméiert! Hie war och Auteur vu “Kaméidistécker“ an Iechternacher Mondaart a gouf lokal Aendréi genannt. Hien huet als ‘sozialdenkenden Industriellen’ d‘Flichten a Rechter vum Personal mat Statute geregelt (..a virun der Joerhonnertwenn eng Aarbechterspuerkeess, eng unerkannten Onfallassurance, eng Kranken-, Invaliden- a Pensiounskeess gegrënnt… an Aarbechter-Haiser baue gelooss.) E gouf 1897 Buergermeeschter an 1900 Member vun der lëtzebuerger Handelskammer. Vun deem verdengschtvolle Fabréckshär bléif nach ze soen, dass Stroosse no him benannt sinn an, dass en der Aarbechterjugend hiren Niveau hiewe wollt. (Dofir goufen dann 1892 zu Wecker Fortbildungskursen am Zeechne, Schreiwe, Liesen a Rechnen organiséiert!) En Zäitspronk weist 1948 de Betrib mat 200 Aarbechter a 46 Beamten - an net wäit dovun d‘1956 gegrënnten Industrie agro-alimentaire Coboulux, déi 150 Leit beschäftegt. Gëtt zu Wecker vun ‘erqueckeleche Stonnen’ geschwat, sinn frou Stonnen gemengt... an ‘Doggeli’ housch do ‘Jippelchen’ am Kannermond.