Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Waasserbëlleg

Waasserbëlleg hat ëmmer zwou Garen. Zanter 1861 verbënd d'Wilhelm-Lëtzebuerg-Eisebunn bekanntlech d’Haaptstad mat Tréier.. an d’Sauer- oder 'Prënz-Hary-Linn goung tëscht 1874 an 1963 vun der ‚Prënzegare‘ op Iechternach (a säit 1891 och op Gréivemaacher). An dëser hirem restauréierte Gebai ass haut d'Gemengenhaus. Waasserbëlleg ass och d'Ennstatioun vun der lëtzebuerger Wäistrooss, seng Wengerten leien awer haaptsächlech un der Sauer! Seng Motorfähr - déi eenzeg op eiser Musel - brauch just eng Minutt op Uewerbëlleg (mat deem et eng Gemeng war bis 1815 an eng Por bis 1871.) Gëtt am Museluert mam fantasievolle Vokabulär vun enger "Waasserjëfferchen" oder engem "Loftschësser" geschwat, ass domat eng Libell gemengt. Luftikuss oder “Wandbeidel” houschen typesch Waasserbëlleger am Mond vun ale Spottvullen! A Synonym fir eng hallef Mark war heirëmmer laang eng “Correntchen”.

Waasserbëlleg huet eng geographesch Partikularitéit - et ass mat just 130 m iwwer dem Mier den déifste Punkt vum Land. Scho laang virun der Réimerzäit goufe seng zwou Waasserstroosse befuer. 1826 war do e Steen fonnt gi mam Hiwäis op en Tempel, deen dem Merkur, dem Gott vun den Händler geweit war an der keltescher Göttin Rosmerta, déi heefeg mat engem Geldsäckelchen duergestalt gëtt. D'Siedlung mam keltoromanesche Numm Biliacum oder Bilacum (deen op zwee Gewässer a Spëtz fir ‚Spatz‘ hindeit) weist d’ondatéiert Wiltheim Kaart mam retrospektive Bléck op eis Regioun an der Réimerzäit. Ewell am 1. Jorhonnert huet hei am klenge réimeschen Hafen den Handel gebléit. Um Zesummefloss vu Sauer a Musel goufen op der "Spatz" vru net allzelaanger Zäit Reschter vun engem réimesche Gemeinschaftsgraf fonnt, dat am Vergläich zur Igeler Sail aus dem 3. Jorhonnert kee Geheimnes präisgëtt.

1422 gëtt en Eerhard vu Gymnich am Rapport mat enger Fähr an Zollproblemer ernimmt. D'Schëffsleit, d’Fëscher, d’Massendénger an d’Metzler, d’Wiert an d’Kanner veréiren a feieren den hl. Niklos, den zweete Patréiner vun der Waasserbëlleger Porkierch. Den éischten ass den hellege Martin. Béid verzieren d'Chouerfënstren. Om groussen Altorbild fanne mer de Martin emol ouni de gedeelte Mantel, am Beschofsornat, an op engem Altorduch mat der legendärer Gäns. (Wéi hien 371 géingt säi Wëllen zu Tours als Beschof gewielt gouf, a sech net wierdeg dofir gefillt hat, sollt Gänseschnadderen seng Stopp verroden!) Di säitlech Kierchefënstere vu modern-figurativem Stil aus ufangs de 1950ger Jore komme vum Zanter, Gillen, de Bridder Probst an der Koppel Nina a Julien Lefèvre. D'Statioune sinn vum Skulpteur Jungblut vu Réimech. D'wäertvoll Barock Altär datéiere vun 1748, stinn ënner Denkmalschutz a stamen aus dem Kapuzinerklouschter Bernkastel. 1834 koumen die dräi Altär mam Schëff op Lëtzebuerg, hire Präis war 351,50 Frang ouni Transport. Extra ass och di al ‘Pietà verticale’ an der Daafkapell aus der fréierer Kierch op der "Spatz". Wéins heefegen Iwwerschwemmungen hat hiert Mauerwierk gelidden. D'Aarbechte fir eng nei sollte vun 1794 bis 1810 daueren. 1933-34 gouf se da vergréissert a krut e Quierschëff. Enn Dezember 1897 hat eng Handvoll Gesangsfreedeger eng Männerchorale gegrënnt, di sech nom 2. Weltkrich “Sängerbond Museldall Waasserbëlleg” genannt huet.

D'Musel mat hirem 1815 beschriwwenen an ëmmer nach “malerischen, ursprünglichen und unverfälschten Reiz” (Fanny Burney, Buch 'Mosella‘) huet vun hei aus nach en 200 km wäite Wee bis an de Rhäin – dat heescht et leien der 314 hannerun hir. 19 Muséeë vu Remiremont bis Kueblenz dokumentéieren ënnerwee hir Kulturgeschicht a vill Moler hu se veréiwegt. Wien vum 228 Meter héige "Bocksbierg" hanner Waasserbëlleg erofkuckt an den Dall, op den “Midi du Benelux“, genéisst eng herrlech Vue. An der dynamescher Grenzuertschaft koexistéieren d’Brécken, en Aquarium mat Sauer- a Muselfësch, d’Geschäftswelt an d’Barockkierch mat hiren typeschen Hauwentierm an dem “liebliche” Klackespill ganz friddlech. Ronderëm di apaart Tierm, wou Waasser bëlleg a vëlleg a Greeche sëffeg ass, wou Fësch heefeg, Libellen akrobatesch a “Mauerflechtebärercher” ganz rar sinn, besteet d’Gléck dran net onglécklech ze sinn!

P.S. Mat Mäertesdag war fréier vill Brauchtom verbonnen, dann hate Baueren a Wënzer dat schlëmmst erlaanscht. Mä ob dann hei ‘wëlle Pangkech’ giess, eng Gäns gebroden oder mat futtisse Gromperekierf ‘ de Summer verbrannt’ gouf ass net gewosst. - Wéi d'Lëtzebuerger Kroun 1890 und d'Ligne Nassau-Weilburg goung, koum de neie Groussherzog Adolph mam Zuch vu Frankfurt/Main op Waasserbëlleg. E gouf do mat der Gemahlin Adelheid-Marie vu nationalen a lokalen Autoritéiten empfaangen. Seng Ära sollt eist Land bei bal alle Monarchien an Europa méi bekannt man. ‘Vun hei aus gounge kulturell Impulser iwwer d’Sauer an d’Our an den Norden. An ‘t goufen iwwer d‘Lahn westlech Aflëss wäit hanner Kueblenz no Osten transportéiert an ëmgedréit‘ schreift de Fernand Hoffmann an enger Muselchronik. - Resuméiere mer: D‘Muselstiedchen an der Gemeng Mäertert war ganz fréier Besëtz vu Sankt Maximäin. Et huet dräi wichteg Weeër... Strooss, Schinn a Waasser! Dass d'Schëfffaart hei ëmmer méi eng grouss Roll ewéi de Wäibau hat konfirméiert d‘Monique Hermes... ‘well nach wéi et d’Bunn scho gouf sinn hei nach 50 Sauerschëffer zirkuléiert‘!