Walfer
D‘Gemeng Walfer huet e Naturschutzgebitt mam schéine Numm Sonnebierg, eng protegéiert Zone mat Orchideeën, 17 Zorten Heesprénger an iwwer 40 Päiperlécks-Aarten. Hir fréier wichteg Rouse-Kultur an d'Industrie vum Gips sinn ‘Tempi passati‘; d‘Agriculteure’ vertrëtt hei nach ee Betrib. Notize no vun 1822 hunn heirëmmer der Uelzecht hir Iwwerschwemmmungen d’Wise fruuchtbar gemat. D’Gemeng ass mat hire 706 Hektar di zweetklengst am Land an huet mat hiren zesummegewuessene Sektiounen Helsem a Biereldeng haut manner Wisen. Ënner hire 7698 Awunner hu 49 % vun de Leit 90 verschidde Nationalitéiten.... Walfer eleng zielt 946 Awunner, déi emol Wallëfer oder Walferter genannt ginn!
Walfer läit un der Nordstreck an un der N7, iwwer déi deeglech ronn 26.000 Autoe passéieren. An d’Galerie vu senger Gipsmine koum 1968 en Europäesche Laboratoire fir Geodynamik a Seismologie. Säit Mëtt de 1990ger zéien d’Walfer Bicherdeeg, iwwer 10.000 Visiteuren un. D’Kulturministesch Octavie Modert gesouch an deem gréisste lëtzebuerger ‘salon du livre’ een “indicateur de popularité” vum Buch! Iwwer d’Uertschaft selwer gëtt et munches ze liesen... Do hat z.B. Guillaume I. op der grénger Wiss mä no bei der Stad e kinnecklecht Gestüt an dernieft säit 1828 e Schlass. Ganz populär war de Brudder a Lieutenant-Représentant vu Wellëm III., de Prënz Hary, dee mat der Amalia hei Chrëschtdag d’Kanner beschenkt huet… Hie war bal 30 Joer hei doheem an ass onerwaart un de Riedele gestuerwen. Duerno koum kuerz d’Post an d’Schlass. Ronn 15 Joer, bis 1905 war de Bau dann zweet Residenz vum Grand-Duc Adolphe. (D‘Haffkapell an der Kierch dengt haut als Dafkapell.) Spéider gouf d’Schlass ënner anerem Léierinne-Normalschoul... a nom Krich Kasär bis 1967. Hunn do Zaldoten emol Autostop gemat, koum et vir, dass de Prënz Felix si ‘ingognito’ matgeholl huet..
Quasi duerch den Zentrum vu Walfer verleeft onsiichtbar d’Helsemer Grenz - d‘Kierch zielt zum éischten an och d‘ “Kromm Längten” (e Flouernumm deen als ’gebogene Längsrichtung’ erkläert gëtt.) Mä d‘Gare an der Uni hire CAMPUS WALFER zielen um Pabeier zu Helsem. D‘Uni enseignéiert ënner anerem Sprooch- an Erzéiungswëssenschaften, Literatur a Konscht. De restauréierte Buer am Schlasshaff ass en dekorativen Témoin vu fréier dee berouegend wierkt. - Nach ze soen: Ënner Wellëm II. goufe Walfer, Bäreldeng an Helsem 1843 vun der Por Steesel getrennt a selbstänneg. Am Oktober 2002 entstoung de Porverband Walfer a Steesel nees nom ale Virbild. D‘fréier Kapell sollt als Schoul ëmgebaut ginn, haut ass hire Giewel nach visibel an der Fassade vum «Centre Princesse Amélie». D‘aktuell Walfer Kierch vum Architekt Eberhard war 1848 fäerdeg a krut d’Dräifaltegkeet als Patréiner. Hir imposant Holzstatuë vum Ignatius an Franz-Xavier si Barthélemy Namur Wierker (stounge mol an Bausse-Nischen, mol ënnerëm Duxall) a sinn neierdengs am Chouer. Se koumen 1856 heihin aus der Stater Jesuitekierch, der häiteger Kathedral, a mat hinnen och di zwee minutiéis restauréiert barock Niewenaltär. Dem Gerhard Lamers seng deels iwwerstrache Wandmolereie vun 1903 si nees fräigeluet an d‘Reliefskulptur am Chouer, d’Kréinung vu Maria duerch d’Dräifaltegkeet, ass pur ‘Bildtheologie‘! An de Nischen nieft der Entrée appelléiere säit 1991 der Marie-Josée Kerschen hir Bronze-Kreatiounen, d‘Therese vu Lisieux an de Maximilian Kolbe, zum ënneren Otemhuelen.
P.S. Eent vun den eelste Walfer Haiser, d’Maison Dufaing, huet d’Gemeng nei amenagéiert als Sall fir Hochzäiten a Receptiounen. Si entstoung am virleschte Jh. no Plange vum Charles Arendt als Summerresidenz vun der Stadter Famill de Faing d'Aigremont. An d’aalt Postgebai koum e Biergercenter. - Kurioses nach aus Dokumenter vum R. Engelmann: Ouschterméindes gouf hei den hl. Georg, de Niewepatréiner, géint d’sougenannt “Walfer Kränkt“ ugeruf, d.h. géint krankhaft Angschtzoustänn oder eng gewësse “Schei vrun der Aarbecht“… Lokaalt Gezecks sollt awer och ëm ‘Walfer Wand‘ dréien; vläicht waren dës Begrëffer eng Zort ‘Revanche vum klenge Mann’ - deem de Pol Pütz spéider a sengen Texter diskret op de Mond gekuckt huet.