Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Waldbëlleg

Waldbëlleg gëtt associéiert mat engem antike Muschelkette–Fragment, enger prehistorescher Fielsen-Zeechnung, engem illustren Nationaldichter an engem Gemengenhaus mat Paräisser Sponsor. Et housch fréier dacks einfach ‘Bëlleg’ an ass dokumentéiert zwëschen 798 an 814... Ënner dem Karel de Groussen an dem Abt Ado ernimmt de Schenkungsakt vun engem Reginar un d’Klouschter Iechternach d’Villa Billiacum mat Lännereien, Haiser, Bëscher a Quellen. Wéi eng Zäitchen drop verschidde Klouschtergidder un den Adel goungen, koume Waldbëlleg an Haler un d‘Fiels a Befort. D’Ufankssilbe vu Billiacum weise wahrscheinlech op Domaine vum Billius oder en 'homme gaulois’ Billios hinn. (J.Tosti). D’Duerf am Dall vun der Schwaarzer Iernz an un der Bëllegerbaach huet haut eng Zentralschoul mat international genormter Sportshal, an 477 Awunner (1.8.2014). Niewebäi gesot steet säi Numm ënner Waldbillig 53 mol am lëtzebuergeschen Online Atlas mat Familiennimm. (http://lfa.uni.lu)

D’Gemengen-Administratioun ass säit 2002 am renovéierten Hentgesbau. Dëst Haus aus dem Ufank vum 20. Jh. huet charakteristesch roud Zillekaderen ëm grouss Ronnbou-Fënstren. Si sollte Luucht eraloossen an d’Raim, déi als Danz- an Turnsall geduet waren. Dëst vum André Hentges gestëfte Gebai mam Festsall gouf net esou genotzt ewéi geplangt. (Säi Gënner war no senger sportlecher Carrière zu Paräis zanter 1873 Impresario vun de Folies-Bergères hire Sportspektakelen, ir se e “Varieté” goufen.) Seng faarweg Glasfënstren aus deem Paräisser Haus hat et bis 1944 - verréit Wikipedia. Virun der Mairie stinn haut dem Mario Pessot seng Büste vum Rodange an Hentges, deen ënner anerem 1902 d'lokal Harmonie gegrënnt hat. - Waldbëlleg ass en Duerf, deem säi ländleche Stil bal komplett erhale blouf. D‘jongsteenzäitlech Kettereschter haten Archäologen bei der noer «Karelslé» fonnt; si war am Hierscht 2005 Thema vum Michel Pauly sengem Cours public “Wie kam die Muschelkette nach Waldbillig?” Eisem ‘Laboratoire d'Histoire’ säi Spezialist gesäit si als “Bewäis fir Wanderbewegungen oder Handelsbezéiungen“ tëscht eiser Regioun an der Atlantik- oder Mëttelmierküst. Wéi d’op 7000 Joer al geschate Ketten weist vermuttlech och de “schwaarze Mann“ op virgeschichtlech Aktivitéiten hinn. (D‘Hielemolerei vu Lascaux ass plus ou moins duebel esou al wéi eist raart Schmocksteck!)

Déi agravéiert, Silhouette vum «SCHWAARZE MANN» an den ‘ale Böllerger Läen‘ ass 3 Schong a 4 Zoll héich. Se hieft d’Hänn iwwer de Kapp. Dem Professor J. Engling seng Thèse ‘iwwer d‘Gemeng Waldbëlleg’ huet d’Figur 1847 beschriwwen. A senger Extraiten erënnere bei diverse Gelegenheeten un d’rätselhaft Reliefbild um ale Fuhrwee Mëllerdall-Waldbëlleg an un di no verfalen Hierengerbuerg. - Den hei gebiertege Méchel Rodange (Nannetts Méchel) situéiert dem Rénert seng imaginär Buerg Malpaartes an d’Éislek. (E Flouernumm bei Schlënnermanescht heescht esou.) Eisem haut illustre Schrëftsteller säi Papp hat als Schouster an napoleonesche Regimenter gedéngt an ass gestuerwe wéi de Méchel fënnef Joer hat. 1833, mat sechs, goung dësen dann hei an d’Wanterschoul a mat véierzeng sollt en dem Kaploun vu Mechelbuch als "Hilfslehrer" assistéieren. No engem Intermezzo als Schoulmeeschter hat e schlussendlech als conducteur-adjoint vun der ponts & chaussées um Festungs-Ofbroch an um Amenagement vum Clausenerbierg participéiert. Iwwer seng schrëftstelleresch Wierker a villes méi schreift den ‘autorenlexikon.lu’. 1864 (d.h. zwielef Joer viru sengem Doud) entstoung seng eenzeg Photo beim Photograph Kuhn an der Kapuzinergaass.

Kierchlechersäits hat Waldbëlleg fréier zum Erzbistum Tréier gezielt. Duerch den Arnolf von der Fels koum d‘Patronatsrecht vu senger Porkierch 1239 un d‘Klouschter Mariendall. Temoignagen no stoung d‘Nordsäit vum urale Gebäi bal ganz op réimesche Grafmaueren. Den Alexander Wiltheim hat hiren Dekor (am „Luxemburgum romanum“) verglach mat der Igeler Sail an nach visibel Relieffragmenter mat allegoresche Figuren, Riewen- an Drauwereliefer opgezeechent. Wéi den haitege Bau 1779 op tselwecht Plaz koum sinn d‘réimesch Skulpture verschwonnen. Deen dann no 100 Joer erweiderte Chouerbou hat an de 1930ger den Nikolaus Brücher ausgemoolt. D’al Pieta um barocken Héichaltor hat laut M. Rodange (1827-1876), e lokale Skulpteur, den „Öhmchen Märten aus Schilkes“ geschnëtzt! 1905 hat d’Presse d‘nei Fënstre gelueft’. Déi mi nei vum Camille Croat vun ëm 1950 stralen an hirem Faarwespill vu Liicht- an Erdtéin Dignitéit a Rouh aus. Iwwer d’'beautés cachées’ informéiert d’Hierenger Millen, déi d’Waldbëlleger Gemeng 1988 kaaft hat. Si ass neierdengs als Tourismus- a Kulturzentrum (ë.a. mat Hellef vun europäesche Fördergelder) zum Unzéiungspunkt vum ‘Mullerthal Trail’ avançéiert! Hei verbanne sech ländleche Charm mam Besoin vun der moderner Zäit, ‘t bestinn hei kleng Commercen mä keng Industrie! Am Gemengewope falen zwee Milleneisen op an den incontournable Fuussemasque!

P.S. Eng Ballade duerch d’Ëmgéigend confirméiert der B. Beffort hir Zeil (an LaVoix) vum klenge ‘coin de paradis pour les amoureux de la nature’! Wahrscheinlech kennen die mannst d’sympathesch englesch Ëmschreiwung aus engem Touristeguide: Waldbillig is a “small village situated on a flowered and green plateau.” Ënner senge Lokalveräiner si beispillsweis Badminton Frënn, “Spuerschwëngercher" oder «Jonk an Al, Gemeng Waldbëlleg». Dëse bréngt d’Leit ewell iwwer 25 Joer zesumme fir Aktivitéiten an Spaass a Freed ze hunn oder sech einfach z’ënnerhalen. Iwwer deen nom Serendipity-Prinzip zoufälleg fonnte “Waldbillig Mountain” am Missoula County (Montana) däerft wéineg gewosst sinn! Dësen 2503 Meter héije Bierg ass benannt no engem Bësch-a Wëldhidder, deen 1906 Flathead Indianer do ëmbruecht haten! (Seng Famill koum vu Lëtzebuerg.) An soss Opregendes aus dem Duerf? Do war theoretesch am Rodange sengem Text dem Äerchesbauer säi fetten Hammel a Gefor... Am Rénert heescht et nämlech: ‘E brauch en net ze schluechten, Mir man e Brot dervun!’ Typesch Begrëffer sinn hei ‘Redder’ fir Reider, an d’am ‘Rénert’ zitéiert Waldbëlleger Fuesechsbroden, d’Fuesechsliddchen a Pangeschsdeeg.