Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wuelëssen

Wahlhausen heescht op lëtzebuergesch “Wuelëssen“. Et läit als Héichtenduerf südlech vun Eesbech - säin héchste Punkt ass op 524 Meter beim Waasserbehälter, den déifsten op 360. Uertschafte mat der Endung -hausen sinn typesch a Gebidder déi am spéiden 5. bis 7. Joerhonnert koloniséiert goufen. Wéi d’ Zäit vun der Völkerwanderung zu Enn goung hu Siedler ufanks Eenzelhieff oder kleng Wunnsiedlunge (genannt ‚Weiler’) gegrënnt, déi spéider de Käer vun enger Uertschaft goufen.

Wou d’al Kierch stoung, zu Wuelëssen, erënnert eng Wee-Kapell als Denkmal un den zerbommte Bau an un d’Krichs-Affer. D’Duerf huet 380 Awunner (‘t hat där 1878 ewell 309 an 1848 just 50 manner) an’t läit an der nei fusionnéierter Gemeng Park Housen. Vun der staatlecher Aide fir d’Fusioun ass hei de Bau vun engem Waasserréservoir virgesinn. D‘ aktuell Kierch vu „Walëssen“… wéi et am ‚nordéisleker‘ heescht, koum no dem 2. Weltkrich op e klengen Hiwwel a gouf Enn August 1960 vum Bëschef Lommel konsékréiert. Si huet eng kleng Uergel an e riisege Mosaik vum Gust Zanter vu Bënzelt hanner dem Altor, engem Wierk vum Skulpteur Léon Nosbusch vu Pëtscht. Hei gouf also Konscht, esou wéi d’Liewen „aus dem Holz geschnëtzt, dat een zur Verfügung hat.“ (Th. Storm) Hir Patréiner sinn de Popst Corneille an den hl. Antonius. De ‚Cornilli‘ ass mat senger dräiduebeler Poopstkroun, dem Kräizstaf an engem Hoar an enger Kierchefënster duergestallt. (Säi Numm kléngt wéi dat franséischt ‘corne’ wat jo Hoar bedeit; an dofir ass hie Patréiner vun de Véihhäerden. Als Mënsch war hien dofir bekannt ‘favorable au pardon‘ ze sinn. Di 4 lescht Männer am Duerf mam Virnumm Antoine, benannt nom 2. Duerfhellegen, hu virun engem hallwe Jorhonnert eng Statue vun hirem Patréiner gestëft! Den Duerfnumm war fréier Wail- oder Wallhauszen a Walhousen. Op där e bëssen ofgeleeëner „Buurplaatz“ gouf virun 100 Joer gewäsch an op der Plaz Heedenhaischen sollen emol Wiichtele gehaust hunn.

Eng wéineg bekannte Réseau-Kaart aus de 1920ger deelt Lëtzebuerg fir d’Landvermiessung an 11 Dreiecker op. Wuelëssen mécht dorop d’Spëtz vun engem Dräieck, a Gréiwels a Befort man d’Basis. Vun deene Plazen aus hu nuets Liichtsignalen vu provisoresche Vermoossungs-Tierm d’Aarbecht vereinfacht. Dëst verréit en Artikel vum Marc Thill am Marienkalenner 2009 op der Säit 128. Nach ze soen: Sportlech Cycliste fannen hei an der Côte de ‚Schmuelen‘ an an där vu Pëtschend en Challenge! Notéiert gouf do bei der ‘Charly Gaul Mémo-Course 2007 de Schwierigkeitsgrad *** an eng Héichtendifferenz vun 333 Meter. Momentan entsteet hei eng nei 10 km laang Vëlopiste bis an den ‚Ourgronn‘.. wéi den Ourdall hei heescht. Mëtt September 1998 hunn 352 Kanner di nei Spill- a Primärschoul am Park Housen besicht an do e ganz neie Schoulmodell kenne geléiert. Eng multifunktional gedeckte Piscine soll ab Hierscht 2013 hei di nei Attraktioun ginn, déi just 5 Minutte vun Housen an eng Véirelstonn vun Dikrech ewech läit.

P.S. De relativ neie Schoulkomplex op der Plaz vum fréiere Wëldpark zielt zur Sectioun Wuelëssen - e läit nämlech méi no bei hir wéi bei der Sektioun Housen. De Wëldpark bestoung tëscht 1970 a 1984 op enger Fläch vu ronn 150 Hektar. Duerno huet de Staat de Beréng kaaft, an 1989-‘90 koum de Projet vun den Housener an Houschter, Konsthemer a Pëtschter Responsablen vun enger neier Zentral-Schoul am Wëldpark. Der bloer Faarf vun hirem Baam-Logo gëtt eng emotional ausgläichend a berouhegend Wierkung zougeschriwwen... d.h. hei gëtt Kreativitéit geföerdert.