Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Veianen

Veianen oder lokal 'Veinen' huet am Zougang zur Buerg nach e puer Häiser aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Seng al Gierwerei gouf ëmfonktionéiert an e Kultur- a Sportzentrum. D'Veianer Schlass beandrockt als noble Representatiounsbau. Et sollt fréier dem Grofenhaus seng Autoritéit demonstréiren a säin Eiergeiz… sech mam 'Haus Lëtzebuerg' ze miessen. Seng 1150 m laang Réngmauer hat ëmmerhin 16 Tierm an zwee Portaler.. Seng Herrschaftskichen war 10,10 op 8 m grouss... säi Buer ëm 65 m déif an seng Kapell mat Daachreider hat zwou Etagen.

D’Buerg Veianen baséiert op engem karolingesche Refuge. Do hat ‘mol e Kastell de Flosspassage an wi aner Héichte-Befestegungen d’Route op Tréier iwwerwaacht. D’Residenz vun de Veiner Grofen hat zenter 1150 di typesch Deeler vu mëttelalterleche Buergen: e Palas, eng Kapell an e Buergfried. Un d‘monumental Verbindungs-Galerie tëscht Palas a Kapell erënnere nach e puer kléiblattfërmeg Arkaden. Gehéiert eng Kapell mat deels 1500 järege Mauren zu engem Schlass… kéinnt s’apart vill erzielen. Um ënneschten Deel vun der Veianer Schlasskapell weisen Ausgruewungen op éischt spéitréimesch Befestegung hinn an op e Brandschued aus dem Joer 1667. Archäologesch nogewise sinn och d’karolingesch an ottonesch Fortificatioun. D’romanesch ënnescht Kapell ass um Niveau 1 vum zéng-eckegen Tuerm, se hat en eegene Chouer a virum Bau vun der Trinitarierkierch dem Uert eng Weil als Kierch gedéngt. Am ieweschten Deel haten d’Schlasshären hir Logeplaz... an him fënnt sech d'Eleganz vum rhäinesche Stil-Iwwergang tëscht Romanik a Gotik. Béid Etage verbënd eng zentral Öffnung, d’Personal an d'Veiner Leit konnten also ënnenan d’Mass lauschteren, déi uewe gehale gouf. D’Entdecke vum ‘Huelwee’, dem urale Foußgänger-Zougang iwwer de südwestlechen Hiwwel aus dem 12. Jh. (genannt 'Ieselspuert') war eng archäologesch Surprise fir d’Geschichtsfrënn.

D’Grofe vu Veianen waren Ufangs vum 13. Jh. mat iwwer 30 Lehnsmänner di mächtegst Herrscher zwësche Meuse, Musel a Rhäin. Hir Glanzzäit hate s’ënner dem 1252 verstuerwenen Henri dem 1. an der Marguerite de Courtenay, den Eltere vun der Yolanda an dem Henri, deem spéideren Utrechter Beschof. Wéi d’Grofe sech am 14. Jh. mat der Famill d’Orange-Nassau alliéiert hunn huet hiren Domaine 136 Dierfer ëmfaasst.

D’Kapell ass haut en architektonesche Bijou a gläicht den zweestäckege Pfalzkapellen. Si huet deels just dekorativ Säilen, mol aus marberaartegem Schiefer.. mol mat spéitromanesche Kapitellen. Hiren ufangs zimmlech flaachen Daach krut spéider eng héich gotesch Form mat Trapegiewel. Hiren Interieur gouf mat grousser Sensibilitéit restauréiert. Dat kann een och vum Schlass soen, dat 1977 eng traureg Ruine war (vun deem eläng d’Kapell 1977 nach en Daach hat.) Iwwerëm nach originale Keller-Verwöllef mat de 5 ronne Säilen läit den 30 m laange 'splendide' Rittersall mat 6 Fënsternische mat Bänken an dem restauréierte Kamäin aus dem 13. Jh. - D’restauréiert Schlass gläicht haut nees deem vu virun 200 Joer. Wëllem I. hat d‘Wéi vun sengen Ancêtren 1820 verkaaft… an du gouf se leider stéckerchesweis ofgebaut! Den Héil aus der Kichen vu 1547 krut iergendeemol de Musée um Fëschmaart. Wëllem II. huet de Bau 1827 a miserablem Zoustand erëmkaaft. Spéider gouf e Besëtz vum Groussherzog Adolph a 1977 vum Staat. Op Kuckenswäertes aus der Uertschaft, déi de Victor Hugo emol 'un raccourci de l’histoire' genannt hat, komme mer nach zréck! Hir somptueus mëttelalterlech Buerg vereent dem Roger Bour no ‘sévérité d’une forteresse et confort d’un palais.’

P.S. Den Architekt Ch. Arendt hat d’Schlasskapell op Uerder vum Prënz Henri restauréiert; e krut dofir am September 1865 Félicitatioune vum Monsieur Hugo. D’Buch 'Dans l’Ardenne Grand-Ducale' vun 1896 vun zwee Auteure vu Gand (P.Bergmans - A.Heins) weist e Croquis vun der deemoleger Schlass-Silhouette. ‘t preziséiert och, dass de Rittersall tselwécht d’Dimensiounen huet wéi d’ 'grande salle' am mächtege Château des Comtes zu Gand!

 

Lokalgeschichtleches

"An dëser herrlecher Landschaft, déi emol ganz Europa besiche wäert, besteet Vianden aus zweeërlee, gläichermoossen encourageant an impressionant, aus enger onheemlecher Ruin an enger heiterer Bevëlkerung"- hat de Victor Hugo prophetesch gemengt. Et hat ufangs zur Por Roth déisäit der Our gezielt an d'Templer hu während de Kräizzich eng Roll do gespillt. Dëse Ritteruerde sollt theoretesch d' "Idealer vum Adel mat deene vun de Mönchen" verbannen! Wéi op Dränge vum Grofenhaus d'Trinitarier-Kierch dohikoum, hunn d'Templer kuerz drop bei der Our an der "Virstad" d'Niklos-Kierch gebaut. - Am Joer 1308 kruten di Veianer e Fräiheitsbréif a konnten tselwecht Fräiheete wéi d'Tréierer Bierger genéissen. Si haten dunn e Buergermeeschter a siwe Schäffen. D’Grofschaft Veianen war sou grouss wi d’haitegt Groußherzogtum a mat hiren 136 Dierfer bis Prüm a Bitburg zimmlech mächteg. Am 15. Jh. war d’Uertschaft mat 3000 Awunner di drëttgréisst am Land. D'Trinitarier hunn do Riewe geplanzt an de lokale Goldschmatten hir weltlech a reliéis Konschtwierker goufen iwwer d’Ardennen an d’Eifel verbreet.

Fir dat neit Spidol ze betreien, hat de Grof Heinrich I., de Papp vun der Yolanda, 1248 d’Trinitarier op Veianen geruff an hinnen hei e Klouschter an eng Kierch baue gelooss. Zwee Joer drop huet en no enger Attack Fridde geschloss mam Henri V., dem Blonden vu Lëtzebuerg, der Ermesinde hirem Fils. 1252, no sengem Doud a no villen Debaten, gouf d'Uertschaft an zwou Pore gedeelt: Fir di eng waren d’Trinitarier zoustänneg a fir déi aner d'Templer. 1264 gouf de Philipp I. vu Veianen Gefollegsmann vum Lëtzebuerger Grof mam Bäinumm ‘le Blondel‘ an en huet seng Buerg ënner dësem säi Schutz gestalt. Preziséiere mer nach, dass den Trinitarier hiert Zil d'Lasskafe vu Gefaangenen am Hellege Land war. Hir Grënner Jean de Martha an Felix de Valais stinn a weißem Mantel mat routbloëm Kräiz an der Klouschterkierch säitlech vum Haaptaltor. D' Veianer Trinitarier hunn hir Revenue gedeelt: eng Part war fir d'Klouschter, eng fir d'Hôpital Ste-Elisabeth an di drëtt fir d'Lasskafe vu Prisonnéier. 1766 hat de Pater Mamer dem Sultan vun Marokko déi lëscht 73 Sklaven ofkaaft. Geschwënn drop, am Joer 1785, sollt de Joseph II. d'Trinitarierklouschter opléisen. An d'Gebai koume Wunnräim, ’t gouf deels zerstéiert deels renovéiert. 1958 huet d'Veianer Altersheem d'Plaz vum Klouschter ageholl. D'Kierch blouf definitiv Porkierch.

D'Grofschaft Veianen huet bis 1794 existéiert, duerno koumen hir Lännereien un den Napoleon I., de Louis Bonaparte an de Generol de Marboeuf. Beim Wiener Kongress krut den Noper Preussen 42 Dierfer an de Guillaume I. vun Oranien-Nassau, den niderlännesche Kinnek an neie Grand-Duc vu Lëtzebuerg, de Rescht. Deen hat d'schlecht Iddi 1820 dem Meeschtbiddenden dat majestéitescht Schlass fir 3200 Gulden ze ginn, an du koum seng Degradatioun.... No der Ardenneroffensive housch et 'la Ville de Vianden est en ruines, mais les ruines du château sont intactes.' No senger Restauratioun ass d’Schlass de meescht besichte kulturelle Site am Land! Et zielt zu de Monumenter mat europäieschem Rang a gehéiert säit 1977 dem Staat.

E Bléck op Klouschter a Kierch weist si als “zesummegewuessent Gesamtkonschtwierk”. Den Trinitarier-Kräizgank vun 1248 ass ee vun den eelsten tëscht Maas, Musel a Rhäin. 1955 gouf e mat den esthetesche Kleeblatbéi restauréiert - säi Lapidarium weist stengen Zeien aus der lokaler Geschicht. Di fréigotesch Kierch ouni Tuerm ass zweeschëffeg, di lénks Säit war fir d'Bierger an di riets fir d'Klouschterleit. De gotesche Chouer koum 1644. Knapps 50 Joer duerno krut d’Mönchsschëff en Duxal an eng Uergel, déi nëmme vum Klouschter zougänglech war. Vu 1732 ass d'Nordportal zur Strooss hin. Den eelste wäertvolle Sakramentsaltor vu 1620 vum Tréirer Atelier H.R. Hoffmann huet dräi Stiler: am Ënnerbau spéitgotesch, am Opsaz Renaissance an am holzen Asaz gutt integréierte Rokoko. Den Houaltor vu 1758 ass vun de Veianer Kënschtler Daleyden a Goldschmit an e Rokoko-Bijou. E stellt d’Dräifaltegkeet duer a gouf an den iwwerliwwerten Trinitarierfaarwen opgefrëscht. Aner Rokoko Pronkstécker si 16 geschnëtzte Chouerstill an d’Täfelung vun 1769 mat Geien, Trompetten a Flütendekor. - Nom Ophiewe vum Klouschter waren Ännerungen néideg: ’t koum eng Sakristei bäi a 1790 eng Wendeltrap op den Duxall, deen dunn d’ganz Raumbreet krut. Déi majestéitesch Uergel vu 1693 ass goldfaarweg gefaasst a restauréiert, de barocke Priedegtstull aus der fréierer Stater Jesuitekierch wierkt donieft relativ düster. An d' zäitgenëssesch Fënstre vun de Bridder Probst vun 1952 sinn qualitativ konschtvoll. Avantagéis ass natierlech de renovéierte Foussbuedem mat elektresch gehëtzten antike Steeplacken.

P.S. D‘Veianer Schlass gëtt owes vun enger “Illumination féérique“ beliicht a kuckt erof op d’Ourstiedchen mam schallekhaften Humor. “Gott gëtt d’Nëss, awer e knackt se net op” staamt allerdéngs net vu ‘Veiner Geeken’, mä vum Goethe… an „Denken ass d’Aarbecht vum Intellekt, an Dreeme säi Pleséier“ vum Hugo. An der Trinitarierkierch kann ee medidéieren oder an hiren berühmte Chouerstill d‘Barockinstrumenter stodéieren, déi am 18. Jh. sakral Musek gespillt hunn. D’Buergkapell hat den Norbert Thill eng 'kostbar Raretéit vun der Weltarchitektur' bezeechent. An d’Schlass huet dësem villgereeste Kenner no ‘vum Keeserpalast vu Konstantinopel inspiréiert Bléckfäng, déi ënner dem Begrëff „Byzantinesch Gotik vu Veianen“ an d’international Konschtgeschicht agoungen.’ À propos Lokalgeschicht: 1848 hat d’Uertschaft mam Scheierhaff 1.444 Awunner - an 1890 haten hei 5 Haiser en Telefonsabonnement, grad esouvill wéi zu Jonglënster. (...um Radio 23.06.2013)