Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Lëtzebuerg- Sichenhaff

D ‘«Fliedercheskiermes» um Sichenhaff baséiert op engem ale Brauch, deen an d'Zäit vum Léprosenhaus zeréckgeet, dat fréier bei der Kapell stoung. D'Aussätzege-statioun war do vu ronn 1200 bis 1770. Hëllefsbereet Leit aus der Stad haten do emol mat Eeër-Fliedercher an Ae-Form e karitativt Wierk agefouert. Dëst Gebäck gouf fir eng Goof op Fliederchesdag ugebueden oder verkaaft, fir den Aarmséilegen ze hëllefen. An de 1970er Joren huet de lokalen Intresseveräin dës ausgestuerwen Traditioun nees ageféiert. An der Kapell vum Sichenhaff goufen och 2007 no der Kiermesmass kleng geseente ‘Flueden’, eben ‘Fliedercher’ un d'Leit verdeelt... eng Aktioun déi dës Recherchen ugekuerbelt huet.

D’Kapell mam Kierfech um Sichenhaff an d’Leproserie hunn ufangs enger Brudderschaft, dann dem Grënnesche Weesenhaus, an duerno dem Pafendaller Hospice gehéiert. D’franzéisch Revolutioun wollt am Juni 1798 dës Gidder beschlagnahmen, d’Kapell ofrappen an d ‘Material versteeën. Nom Protest vum Hospice senger Opsiichtskommissioun ‘dëst alles wär gestëft ginn zum Wuel vu Kranken’… goufen dann 2 Leit vum Büro entlooss an d’Kapell blouf erhalen. Eng Roll hat vläicht och d’schrëftlech Ufro vun 2 Baueren aus dem Siechegronn gespillt, de Raum als Scheier ze notzen. D‘Stad krut de schlichte Bau 1982 gratis iwwerlooss.

Um ‘Sichenhaff’ gouf 1289 eng éischt Kapell gebaut fir d’Lépreux’en an deem neien Hellegen Dominikaner Péiter vu Mailand gewéit, deen 1251 als Märtyrer mat sengem Blut ‘Credo in Deum’ schreiwe sollt. D‘Kapell geet an hirer heiteger Form an d’18. Jorhonnert zeréck. Restauréiert gouf se tëscht 2001 an 2003 - well si ass jo e Stéck kulturellen ‘Héritage’. Hiren eenheetleche Miwwel am Régence Stil (tëscht Héich- a Spéit-Barock) staamt vu lokale Konschthandwierker; d’Tribune, d.h. den Ducksall an d’Schëff si vun 1722, den Haaptaltor vu 1727. Op sengem Antependium ass e Buste vum vill veréierten St. Pierre Martyr. Op de säitlechen Antependien sinn d’Jongfra Maria an e Christ mat Därekroun. Eng Wandmolerei aus dem spéide 16. Jorhonnert iwwer dem alen Triumphbou weist de Martinus mam Heeschemann. Hien ass Titulaire vun der Kierch vu Weimeschkierch, der eelster Por aus der Stad. Den hl. Erasmus, vis à vis vum datéierte Priedegtstull (1731) gëllt wéi de Fiakrius an de Péitrus och als Saint–Guérisseur.

De Numm ‘Sichenhaff’ kënnt vum däitsche ‘siechen’. Aussaz koum wahrscheinlech duerch d‘Kräizzich an Europa. Am Mëttelalter goufen d’Leprakrank fir keen unzestiechen mat engem gewësse Begriewnes-Ritus aus de Stied verbannt… schreift den Här Lascombes. Bekanntlech haten s‘e Momper, se hu missen isoléiert liewen a groën Truechte, mat breeden Hitt an Händschen un. D’éischt “Siechen-” oder Äussäzegekolonie vun der Stad war no bei der Bouneweger Kapell. D'Gräfin Ermesinde ( +1247) huet se vun do an de ‘Val des bons malades’, de fréiere Martinsgronn verluet, wou 1222 en Hospital erwänt ginn ass. Enger anerer Quell bréngt d'Info Henri de Blonden hätt d’Leprastatioun um Sichenhaff 1289 opgeriicht. Di lescht Krank koum jiddefalls 1739 dohin an zougemat gouf d’Spidol vum Sichenhäffchen 1770, no méi wéi 500 Joer. D’Kapell hat 433 zäitweileg zu Weimeschkierch gehéiert; um Descherwee zum Sichegronn hinn war 1747 e neit Kaplounshaus ernimmt. D’Kapell koum dann 1782 zu St. Mechel! Ee Joer drop gouf nieft hir de neie Porkierfech vu St. Mechel, St. Ulric an Sankt Johann ageseent, bekannt als Sichenkierfech. A wéinst dem wäite Wee gouf dunn fir 60 ‚Florins‘ en “char funèbre” ugeschaaft…

P.S. Vun Eech an Direktioun Kierchbierg läit de Sichegronn - a Sichenhaff heescht do eng Plaz a Richtung Pafendall oder ‘Vaux-les-Moines’. De Grof Konrad II. hat am 12. Jh. de Benediktiner vum Plateau Almënster Terrain an deem Dällchen iwwerlooss. Al Plange weisen dee Faubourg, an deem Gierwer, Brauer, a Fierwer sech no an no bei der Uelzecht installéiert hunn. Mä och Fëscher, Gäertner a Wäschfrae koumen heihin, a vru bal 100 Joer nennt de Firme-Regester hei souguer en ‘Mechaneschen Holzkonschtfabrikant’, deen Zigarekëschte produzéiert huet! D'Eeër-Fliedercher waren ee minimen Detail an der Faktesammlung vun eiser Geschichtschronik, an si erënneren un Mënschen mat Matgefill.