Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Useldeng

 

Useldéng ass eng Gemeng am Kanton Réiden an zielt zum Porverband Biekerech. D’Duerf un der N 24 huet e puer schéin al Hief, eng al Giewerei an eng remarkabel Buerg-Anlag. De Fresez hat se 1857 gezeechent! Hir fréier dräischëffeg romanesch Schlasskapell gouf iergendeemol als Duerfkierch genotz. Vun hir si just nach Fondatiounen do, d’Mauere si 1903 verschwonnen an d’Steng hu wahrscheinlech rapid Liebhaber fonnt. Den ale Kierfech ass nach do. E klenge Musée erkläert haut Kanner de Mëttelalter, e klenge Kulturwee ënnerhalb der Buerg weist allen Altersklassen al Heelkräider a nei Zierplanzen.

Useldéng ass e ‘molerescht Duerf’, dat 1993 den Europa Nostra-Präis krut fir säi wäertvolle ländleche Patrimoine. Nei ass do an de Gäerd ëm d’Buerg een didactesche Circuit mat 16 Statiounen fir Leit di schlecht oder net gesinn, fir Wëssbegiereger a Flaneuren. Hien erkläert z.B. Fësch, Viggel a Baumaterial. D’Duerf war am 11. Joerhonnert als Usolden- oder Isoldenchias ernimmt – mol als Useldinga oder, 1217, als Huseldingi an 1307 als Uezedange. Vun de 1.650 Awunner aus der Gemeng wunnen där hei 806 Leit ronderëm d‘gigantesch Buergruin mat der Réngmauer. De Buerg-Site ass accessibel iwwer eng Bréck, huet eng wuchteg Entrée aus dem 14. Jh. an hat emol eng Roll an engem Kanner-Dram!

Ënner den 22 % lëtzebuerger Auswanderer war d’jonkt Emma Wolff aus der Eweschtgaass; et goung an den 1880er bei seng Schwëster an Amerika a koum als räich Misses Kuhn-Wolff zréck fir 1924 mam Kaf vun der Schlassruine säin Dram z’erfëllen. D’nei Propriétairin huet da 1934 den ale Wunntrakt ,d.h. de grousse Palas, duerch eng relativ modern Villa ersat.. An an där ass säit 2004 d’Gemeng als Locataire! De Staat hat de Buergberéng nämlech 1964 fir 900.000 Frang kaaft an zäitweileg en Erhuelungsheem dran ageriicht.

Am virbildlech restauréierte pittoresken Duerf ducken sech nach eeler Haisercher ëm d’Virbuerg. Dëser hir eelsten Deeler sinn aus dem 11. an 12. Jh.. Di éischt Besëtzer hu vun der Esch/Sauer Herrschaft ofgestaamt. Um Haff Lëtzebuerg si geschwënn Useldenger Hären opgedaucht, de Nikolas hat 1243 de Fräiheetsbréif vun der Stad besigelt, seng Filse Robert a Jean sinn ernimmt als Senechal an als Zeie bei Jang dem Blannen sengem Hochzäitsvertrag. D’Herrschaft hat aus 25 m Héicht vum 7,6 op 9,2m grousse Biergfrid erof d’Ëmgéidend am Bléck, iwwer d’Kräizungen, d’Fuuert an d’Attert bis bei d’Schiebech. Erzielungen ëm d’Buerg an d’Duerf kéinte Bicher fëllen. Soe mer nach hei, dass d’Ruin beim Verfale geraumt gouf, d.h. am 18. a 19. Jh. goufen hirer Steng geholl vun Duerfleit. Steng si stomm; an dës Situatioun gouf ‘t och anerwäerts an s’erënnert un d’Zeil vum Christian MorgensternGib Brot, o Fürst, nicht Steine!’

Ze soe bléif dass d‘aktuell Kierch d’Entrée am Tuerm huet, 23 Fënschtren, (fräi Kompositionen vu Georges Calteux a René Frisch vu 1967) en dekorativt Verwöllef an dass hire Patréiner den hl. Péitrus ass. Am Réckbléck ass d’Atert-Duerf mat agewiewt an der europäischer Geschicht - an Zeie vun eisem Land senger kultureller Densitéit!

P.S. Historesch Bauwierker hunn d’Geschicht vum Grand-Duché déif geprägt. D’al Zugbréck, verstäerkt Mantelmaueren um Donjon an en iwwer 12 m breede Gruef impressionéieren zu Useldéng. D’Emma Kuhn-Wolff ass 1953 a Pennsylvania gestuerwen, se hat hire 7 Kanner sécherlech villes vu fréieren Zäiten a vun hirem Schlass erzielt.. En aneren Useldénger war 1911 zu New York gebuer; den Théodore Henri genannt Tit Schroeder goung hei an d’Primärschoul a gouf bekannt fir seng Gedichter an Theaterstécker am lokalen Dialekt. An dora geet et ëm ‘de gaunze Wee‘, ‘schuddreg- lussegkal Deeg, en Zounkbutz an ënner anerem d’Pöltgesfamill. Nieft dem Kulturzentrum erënnert säit 2011 e Buste un dee lëtzebuerger Lyriker a Literaturpräisgewënner, deem d'Duerf munches verdankt.