Tënten
Tënten läit am Kanton Miersch knapps 2 km vu Säil. Do fënnt een en Entrepreneur, ee Luuchten- an 2 Heizungsspezialisten, eng privat ‘Châterie’ déi Birma-Kaze mat saphirbloën Aen ziicht, ënner anerem ee Nordic-Walking Veräin... op 802 Awunner. Fir si huet d’Chorale den Hämmelsmarsch traditionell Enn September op Kiermessamschdeg gesongen. A fir di kleng Kiermes mécht dat den Theaterclub. (Hei gëtt iwweregens net Mûkuch mä ‘Källefchen‘ gesot fir di lila 'Hierschtblumm’.
Tënten gëtt allgemeng gesot, mä am Duerf selwer ’Téinten’. Wou d’Léisbaach entspréngt hätt sech zur Zäit vun de Franken en ’Tunto’ niddergelooss an en Duerf gegrënnt, dat no him benannt gouf... gëtt gesot. Laang duerno, 1848, hat Tënten oder Tuntingen 428 Awunner. Am Joer 1881 gouf do e neie Kierche-Bau ugefaang; e koum, wéi d’ kanonescht Gesetz virgeschriwwen huet, op d’Plaz vun där Aler, do wou schonn 1128 eng ernimmt war. Där aler Péitrus-Kierch hiren Tuerm vu 1702 gouf dran iwwerholl. Den neie Patréiner Péiter a Paul hir Statuë säitlech am Chouer stamen aus dem Klouschter Mariendall. Och de wäertvollen Haaptaltor vu 1701, vum Sculpteur Jan van der Steen vu Mechelen ass ee vu véier Säitenaltär aus den Dominikanerinnen hirer Klouschterkierch a koum 1783 heihin. (De Mariendaller Haaptaltor an d’Uergel koumen iwweregens op Jonglënster, déi 2 grouss Säitenaltär op Steesel, den drëtte Säitenaltor ass haut am Stadgronn, wou d'Schwaarz Noutmuttergottes veréiert gëtt, an de véierte mat der Pietà huet wei gesot hei zu Tënten seng Plaz!) Di bal 400jäereg grouss Pietà aus Alabaster vu 1612 ass e Cadeau vum Sebastian von Thynner-Hohenstein, engem Huelmesser Schlasshär.. Vir riets ass am Chouer eng Säitekapell als Grofekapell ugebaut. Do fënnt een al Fënschteren a verschidde Grafmonumenter. Op engem falen dräi schelmesch Engelcher op, uewen, an ënnen zwee Skeletter, déi sech an den Aerm halen, d.h. si symboliséieren eng Léift iwwer d‘Graf eraus. (N.Thill)
Zenter 2009 ass d’Téintener Kierch klasséiert als Nationalmonument. Jiddwer klasséiert Gebai wäert eise Patrimoine op a spillt grad wéi eis Sprooch, d’Roll vun engem ’ciment national’. Eng Chronik vu 1901 hieft ervir, dass hei meeschtens Gäert d’Haiser trennen, wat dem Duerf eng ‘ansehnliche Ausdehnung verleiht’! Den Téintener Koschteschbau déngt souwuel als Turnsall fir d’Kanner wéi als Salle-Polyvalente fir Theater, Cabaretsowender, Fuesbaler... wéi och d’Fësch-Iessen’ vun Äschermëttwoch a Karfreiden a villes méi. E steet an der rue de Hollenfels, vis-à-vis vun der Gemeng wou de goudronnéierte Wee ophält. Am noe Bësch “a Sengels” hänkt eng Muttergottes-Kapellchen an engem Bam. ’t gëtt verzielt d'Aansembuerger Gräfin hätt enges Daags do bei engem kräftegen Donnerwieder an hirer Angscht versprach eng ’Kapellchen’ ze stëften... Kuckeswäert ass hei och d’Platan nieft der Kierch; se koum 2002 mat hiren 108 cm Duerchmiesser op d’Lëscht vun extra geschützte Beem! Eng Platanen-Anekdote verréit, dass d’Réimer a Griechen dës mat Wäi genat hunn - net mat Waasser, an der Hoffnung op e kräftege Wuesstem!
De “gudde Prënz Hari“ koum a nobeler Begleedung de 7. Oktober 1859 bei enger Promenade op Huelmes och duerch Téinten. ‘t war dofir en Triumphbou opgeriicht ginn, schreift d’Chronik, et gouf eng Ried gehalen an den Téintener Gesank huet gesongen; ‘t war alles a schéiner Harmonie. Net jiddwer Gemeng huet ewéi dës gläich dräi Schlässer (eent zu Huelmes an zwee zu Aansebuerg) an e puer gréisser Hief (de Mariendaller-, de Kuelbécher- an de Klaushaff.) Trotzdem hate fréier d’Leit net all genug Aarbecht. Ënner den Auswanderer déi 1828 a Südamerika fuere wollten waren och Leit vun hei. Munnecher koumen no schlechten Erfahrungen um hallwe Wee zeréck an hu sech op den Heedflächen zwëschen Grousbous, Gréiwels an Eschduerf néier gelooss.