Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ëlwen

Ëlwen läit an der Nordspëtz vum Éislek, 6 km ewech an 126 m méi déif vum geographesch zweethéichste Punkt vum Land, der Buergplaz vun Huldang (559 m). Seng Awunnerzuel louch 2008 eppes iwwer 1.300; se hat sech an 100 Joer mat 6 multiplizéiert. Schold um Opschwonk no 1867 ware Bau a Passage vun der Zuchligne Lëtzebuerg-Léck an eng Rei Geschäfter. Allerdéngs haten den 1.8.1914 däitsch Trupppen d'Gare besat a bis bei d'Grenz d'Schinnen opgerappt! Wéi an de 1950er Joren d'Bunn u Bedeitung verluer huet war eng Basis do fir aktiven Tourismus. Haut bitt Troisvierges eng gutt Infrastruktur a flott Promenaden an der relativ intakter Natur. Am Gemengeprojet vum Gréngplang si viru 15 Joer do 212 Beem an 10.500 Sträicher ugeplanzt ginn – d.h. duebel souvill Hecken wéi an der Gemeng Clierf. - D'Elwener Leit ginn mol einfach Ëlwer an Ëlwenter genannt, a bei den Eisebunner waren se fréier "di Ulflénger". Ëlwen kléngt bal wi ‘Elfen‘ oder de Shakespeare’sche Begrëff "Aelf", an "elfish" bedeit geeschterhaft an "neckisch". D'Ëlwener hunn näischt mat Naturgeeschter, Zwergen an ënnerierdesche Schätz ze dinn a fille sech wuel “do uawen op der schinger Héid"!

Si mir och just eng kleng Plaz am Operatiounsfeld vu Geschichtsschreiwer – Lëtzebuerg huet dach vill ze beriichten. Ëlwen war scho vun de Kelten bewunnt. D'Réimer haten eng 16m breed Verbindungsstrooss zwësche Reims a Köln gebaut, déi hei laanscht koum. Ëlwen krut 1982 en intressante Wope mat uewen den dräi Jongfraen, ënnen engem patriarchalesche Kräiz - en Attribut vum Popst Cornelius - iwwer donklen, stiliséierten Éisleker Koppen an engem Zuchrad op enger Schinn. Seng berühmt Joffre ginn zréck an d'Mythologie. Di dräi Schwesteren a Schicksalsgöttinne symboliséiere Gebuert, Liewen an Doud; d’Klotho huet eise Liewensstramin gewieft, d’Lachesis d'Längt vum Fuedem bestëmmt an d’Atropos dat Ganzt a Sektiounen agedeelt. Bei der Christianiséierung vun de Kelten hat de Gregor I. no 590 den heednesche Kult ofgeschaaft. Aus de Gëttinne goufen déi dräi helleg Jongfrae Fides, Spes a Caritas als Symbol fir ‘foi, espérance et charité’. “Wann déi eng net hellëft, dann hellëfen di aaner“ housch et am Volleksmond.. Wallounesch Prëssioune bei hir Kapell ware sou considerabel, dass aus dem Saz "Allons aux trois Vierges" da spéider d'franséisch Versioun vum Uertsnumm ‘Troisvierges’ gouf. Hir Greef-Statu vu 1742 weist si ‘à califourchon sur un mulet‘ um Deckel vum Musées-Guide zum ‘Culte des Saints Protecteurs’ (aus de 1980er an donieft d’Zeil “déi eng déi spënnt, déi aner wënnt, déi drëtt mécht d’Himmelsdirchen op“.) Zu Ëlwen sti si a vergulten Nischen um lénke Säitenaltor. Driwwer hängt e Marieportrait mat der Annonciatioun; seng Muttergottes gëllt dem Professer Thill no als di schéinst am Land.

De Clierfer Grof Ferry vu Branebuerg hat d'erwähnte Kapell géingt 1340 frësch opgebaut. D’Chronik vu 1629 verréit, dass den Här vu Clierf, de Gottfried vun Eltz, de Knodlerbridder vu Lëtzebuerg seng Kapell vun den Dräijoffre mat hiren Dependencë geschenkt huet. Kuerz drop hunn d'Franziskaner do de Grondstee fir e Klouschter geluecht a 1640, am Joer vum Rubens sengem Dout, eng Kierch gebaut: Dës gouf da 1658 konsekréiert. Hiert Mauerwierk aus Ardenner Brochsteen war einfach rondrëm déi al Mauere gebaut ginn. De fréihbarocke Bau gehéiert mat sengem wuchtege Mobilier zu de Sallkierchen. Dësen net ënnerdeelte Raumtyp ouni Arkade sollte spéider d’Basilike verdrängen. D'Kräizweestatioune vu 1759 si mat di eelst am Land. D'Säitenaltär trennen Schëff a Chouer, déi al Täfelung an d‘Chouerstill si gutt erhalen. Dee mat groußen expressiven Uelegbiller vu Rubens-Schüler dekoréierten Héichaltor huet ‘iwwerschwenglech‘ barock Formen. Kierchepatréiner ass den hl. Andreas. Fir liturgesch Fester feierlech z’ënnermolen haten d'Franziskaner eng rar an dekorativ Uergel, déi vru kuerzem restauréiert gouf. De markante Kierchtuerm vum Architekt Schoenberg koum 1924 un d’Agankszone (..d‘Fënstren e Joer drop.) D’Franziskaner haten als 'Bettleruerden' just en 'Daachreider'. (Fir eng Daachreparatur hat de Staat 1886 iwwregens 75 F. Subsid ginn!)

Am Porhaus si nach 2 Fligel vum fréiere Kräizgank. Den ale liturgesche Mobilier vun Ëlwen konnt an der Franséischer Revolutioun integral versuergt ginn. Dem Interieur säi restauréierten Originalcharakter ass haut nationalt Kulturgutt. - D’Éisleker gi Recherchen no och nach Getterten, pardon Jetterte genannt - nëmmen do gëtt den Ausdrock "jett" gebraucht, deen eng respektabel mä ondefinéierbar Zuel bedeit! Präzis gewosst ass, dass d'Gemeng 1,46 Prozent Territoire vum Land ëmfaasst, a vun Ëlwen aus bis 1940 Päerdskutsche Post-Päck a Courrier ausgeféiert hunn. De populären "Abreisskalender" erzielt a paternalisteschem Toun en Dram vum Batty Weber…. eemol hei als "fahrender Briefträger" sympathesch Voyageure matzehuelen, z.B. den "Herr Pfarrer von Knaphoscheid" oder "ein lustiges Öslinger Mädel". Am Wanter awer waren dës Faarte kaum attraktiv! D'Natur kennt am sougenannte Gënzeparadäis allerdéngs da kaum Problemer; hei iwwerwantren Heed a Gënz gutt, wann eng zäiteg Schnéidecken déift Fréiere vum Buedem verhënnert. (..deels aus de 'Kierchtuermscauserien')

P.S. En touristesche Guide gëtt der Ëlwener Kierch 2 Stären, d.h. si ass als historescht Monument absolut kuckeswäert… an dëst ass och di ganz Uertschaft! - Den Enn Dezember 1813 hei a Schuden gebuerenen Nicolas Adames, d‘eenzegt Kand vun enger Bauerefamill, war den éischte Bëschof vu Lëtzebuerg.. an dat 17 Joer laang . (D'Apostolescht Vikariat Lëtzebuerg gouf de 27. Juni zum Bistum erhuewen..) Säit 2000 ass d’Bibliothéik Tony Bourg am Adameshaus.. Dëst gehéiert der Vereenegung „De Cliärrwer Kanton“ a stellt ëm 15.000 Bicher an engem eenzegaartegen Ambiente bereet. A ganz wichteg: säit 2011 zielt e Bëschofsréng zu senge Schätz!