Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Tratten

Tratten läit op 458 bis 478 Meter an d’Plaz genannt ‘Hutt’ nach 20 M méi héich! D’Duerf zielt mat sengen 190 Awunner zur grousser Gemeng Wëntger. A well et ofgeleeën läit, hat ufanks den 1930 Joren hei de Jean Ross d’Idee eng Bus-Firma ze grënnen. ‘Voyages Ross krut dann 3 Bussen an 3 Chauffere fir d’Leit op Klierf oder Wolz ze féieren. 't fënnt een hei schéi Vue’en a Promenaden, eng z. B. a Richtung ‘Grennz’ op d’Héicht, a weider an ee fiichten Dall, dee bei den ale Postwee féiert, an indirekt dann zréck an d’Uertschaft.

Tratten (Troine, oder Trotten) hat virun 1977, virun der Fusioun, zur fréierer Gemeng Béigen gezielt. Seng Awunner heeschen: Trätter! E fréieren ‘Trätter’ - den 1803 hei gebuerene Pierre Burggraff war bekannt als Universitéitsprofesser zu Léck, deem Éischte mat Léierstull fir hebräesch an arabesch Sproochen. Dem Adolphe Weis säi Pätter Wëllem Graf vun hei war manner berühmt, hien hat sech allerdéngs an der Clausener Mansfeld-Strooss d’Hondhaus ugeschaaft; seng Geschwëster awer gounge bal all an Amerika. En tragescht Ongléck hat Tratten 1910: e Blëtz hat hei op Kiermessamschdeg 3 Schoul-Meedercher erschloen a 27 vun am ganze 84 blesséiert. An der Ardennenoffensiv hu vum 19. Dezember bis 20. Januar (1944-’45) ...d’Leckt aus dem Duäref sech bal nëmmen a Kichen a Kelleren opgehalen... an haten awer Affer ze bekloen. 'Leckt' an 'Duäref' sinn hei typesch Ausdréck, grad wéi 'Zallts' fir Salz, 'Hjem' fir Hiem an 'Dust' fir Duuscht. “Spéngelgréitche” gëtt gesot fir d’Libell, a nieft dëse kann een hei beim Spadséiere mat e bësse Chance an enger gudder Spektiv de rare schwaarze Storch gesinn.

E Bréif un de Minister Pierre Frieden hat 1954 zum Bau vun engem drëtte Barrage geroden: d’Argument fir d’Trätterbaach am enken Dall uewen u Saassel ze stauen housch ‘si wär mat hire verzweigten Zouflëss di waasserräichst aus dem Éislek’. Hiert Gefäll ass 6,6 m pro km an der moyenne an 120 m am ganzem‘. Haut verschléit Naturfrënn no dës Zon engem den Otem! Nach Interessantes: ‘t gëtt an Éisträich en Tratten, deem säin Numm op „Trate“ hiweist fir Viehtrift“ a „Viehweide“! 'Drift‘ heescht Wee op d’Wäed an driven kënnt vun dreiwen. Eng speziell Method vu Flossfëscherei, de sougenannten „Trotting“ heescht am alen englesche Stil laanscht d’Ufer ‘schlenderen’ an iwwerdeems fëschen.

E Kierchebesuch zu Tratten oder Troine léisst do ee Kräizwee vum Skulpteur Albert Hames, al Statue vu Jousef an Isidor an de Poopst Sylvester I. als Patréiner entdecken. D’Kierch gouf vergréissert Enn den 1920ger Joren, d’Säitegiewelen erënneren drun. Se bitt an hiren ale Bänke ronn 70 Leit Plaz. Hire konschtvolle stenge Portalkader, d’barock Nisch a Statu an der Fassad a Spuren am Tuerm vun engem gotesche Schall-Lach weisen op hiren Alter hin. (‘t steet op der Ferraris Kaart als Troynes... ass eng ganz al Por an 840 ernimmt als ’Trodana’ an 1136 als ‘Trotene.) Et falen hei och e puer Weekapellen op, vun deenen eng vun den ‘Zwillingen’ restauréiert an eng leider ewell eng Zäitchen um Verfalen ass.... ‘t stinn hei verschidde gutt erhalen ‘Trätter’ Bauerenhäff... An esou “behäbeg al Haiser” hat de Batty Weber emol verglach mat “enger aler Mäerchen-Tatta an der Famill, déi wéi e Band ass zwëschen haut an der Vergaangenheet.”

P.S. En Ofschloss-Steen iwwer dem haut zougemauerten ale Kiercheportal huet d’Joreszuel 1749. D’Entrée war fréier am heitege Chouer. Den typesche Wiertuerm-Stil an Duebel-Schalllächer weisen op eng mëttelalterlech Wierkierch hin. Et gouf hei emol eng Häerz Jesu- an eng St.Sylvester-Brudderschaft, vun deenen ‘t housch si wéilte sech an Gebiet a Gesank géigesäiteg iwwertreffen. Den aktuellen Trätter Gesangveräin soll ëm 1900 entstane sinn, eng éischt Foto weist d'Sängerschar' am August 1904. Opschloss räich ass nach d’Recherche vum Jos Helbach; ënner spuenescher Herrschaft, 1672, war d’Duerf mat Houfelt a Moinet fir 3500 Pond ëffentlech verpfänd gi vu Karel II. un de François de Mesnil... allerdéngs mat Reckkaaf-Recht. Un deen dramateschen Samschteg am Mee 1910 erënnert d'Donatuskapell op der Trätterstrooss, si entstoung zur Erënnerung un d'Ongléck.