Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Téiteng

D’Gemeng Käl existéiert säit 1891 an hirer heiteger Form. Si läit mat Téiteng a mat sengen 3.490 Awunner am Süde vum Land, um Fouss vum Gehaansbierg. Éischt Info-Quellen iwwer dës Plaz ginn an d’13. Joerhonnert, mä de Keeldall war ewell viru 5000 Joer besidelt. Kiermes am Stiedche mam ‘passé industriel et minier’ bedeit nieft dem Hämmelsmarsch (dee samschdes d'Harmonie spillt a sonndes de Mandolineclub) vläicht nei ugebueden Attraktiounen am Zentrum ze besichen. Anerer zéien eventuell en Trëppeltour an d’no Natur-Reserve «Haard» vir, déi plazeweis verwitterte Steewüsten gläicht. An hirer spezieller Fauna a Flora hunn do allerdéngs ‘Honger- an Duuschtkënschtler‘ mat klengen Uspréch eng Liewensgemeinschaft entwéckelt... heescht et an engem moleresche Rapport vum Roger Schauls.

D’Téitenger Geschicht illustréi’ren al Photoen ëm d’Mine Berens beim Hesselbierg, där mam Personal vun der "Schungfabrik" vu 1910 oder dem Denkmal vum hei gebuerene Jang Schortgen. Hie koum als éischten Aarbechter 1914 an d’Chamber an ‘t housch vun him "Er kann lesen, schreiben und reden"! Bleiwend Zeie sinn och d’Monument fir d'Krichsaffer un der Primärschoul hirer Fassad, ee Relief vum Albert Hames an de fréiere Stroossenumm ’rue des Légionaires’. Si erënnert un 8 Téitenger, déi 1914 an d’franséisch 'Arméi’ goungen a vun deene 5 an dëser Strooss gewunnt hunn. Ale Photoen no goungen an der ewell laang ëmgedeefter Bréckestrooss primitiv Brécken, besser gesot Steeën iwwer eng schmuel gefaasste Bächelchen. Dem jonken Téitenger Napoleonsdenger Pierre Wagener (1782-1812) säi Numm figuréiert am Paräiser "Musée de l'Armée"; säi Leidenswee mat der Grande Armée queesch duerch Europa gouf deels rekonstruéiert. Hie war fir 83 Louis d'or agesprongen als Ersatzmann fir de Frédéric Melchior. Hei gebuer sinn de Camille Felgen, 1920, an den Edy Schütz, 1941. Musekfrënn goufe vun der Harmonie Victoria ënnerhalen säit August 1894 oder vum lokalen Mandolineclub (deen de Verband vun de Bierg-, Metall- an Industrieaarbechter 1929 gegrënnt hat) a sech haut „Cercle des Mandolinistes de Tétange“ nennt.

D’1897 geweite Kierch vum Architekt Alphonse Kemp huet 47 Fënschteren, 3 Schëffer, zwou Reie wuchteg Sailen, mä just een Tuerm. D'Fënschtere mat den expressive Gesiichter mat z.B. der Kunigunde, der Maria Goretti, der Notburga, dem Wendelin, dem Crispinus an der Thérèse vu Lisieux sinn (bis op eng original vun 1897) vum Rëmelenger Foni Tissen. Hir an de Statuen hir reliéis Ënnerlechkeet drécken eng déif Gefillskraaft aus. En Inventaire vu reliéis-kierchlechem Ierwe weist, dass d‘Schwéiergewiicht dobäi op “vollekstëmmlech geprägte Wierker läit,“ duecht de Michel Schmitt an de 1990ger. -  En aneren Inventaire dréiht ëm d'lokal Geschäftswelt. Soe mer dozou, dass 1917 dem Mathias Hubert seng Schungfabrik no ronn fënnef Joer, also 1917, ewell vergréissert gouf. De Begrëff ‘Téitenger Schong’ steet am ale Wierderbuch. Hir Sécherheets-Modeller mat Stole-Nuesen hu bis 70 Aarbechter erniert, si war en halleft Joerhonnert laang (bis 1966) e ‘commerce florissant’! De Fabriks-Bau krut 1990 als Centre Culturel fir Keel-Téiteng eng nei Raison d’être! Bei senger Restauratioun bloufen hir zwou spezifesch Marken, den Dekor an d’Fënschterborduren aus rouden Zillen erhalen.

P.S. Am Uertsnumm Téiteng verstoppt sech méiglecherweis en Diminutif vun "tertre" (colline), mä ouni ‚r‘ - am Uert beim Hesselbierg waren 1806 iwweregens 260 Awunner agedroen, fir deenen hir Nokommen emol 'Geschäfte' mat 'Kräfte' reime sollten. Zu Téiténg soen se Schung an Schungfabrik. Di lokal Harmonie Victoria gouf ewell als “bäschte Musek aus dem Land“ betitelt... allerdéngs housch et am Volleksmond emol ironesch ”'t geet hinne wéi der Téitenger Musek, si kommen nët un!“ - D’Buergbrennen 2010 ass hei opgefall ënner den aneren, well beim Cortège mëttelalterlech Kleeder fir eng extra Atmosphär gesuergt hunn! - Hei passéiert last not least d’Piste cyclable de la Terre Rouge’, de Vëloswee Nr. 8.